Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng verpasste Geleeënheet

Literatur

Eng verpasste Geleeënheet

Dem Jos Kayser säin neie Roman "Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht" (Editions Schortgen) ass e Thriller, deen d'Enteegnung vun de Judde mat enger verstoppter Familljegeschicht verbënnt.

auto_stories

4 min

Den Arthur Schimberg huet seng ganz berufflech Karriär als Archivist an der Stater Filial vun enger däitscher Privatbank verbruecht. Wéi de scheien Enn-Fofzeger nach déi lescht Dokumenter muss klasséieren éier d'Institut seng Dieren zoumécht, kënnt hien dem schwéiere Familljegeheimnis vum Bank-Patriarch op d'Spuer. Domat net genuch: Den Arthur gëtt op eemol vu louchë Männer ënner Drock gesat, déi hanner de Bankkontoe vu verstuerwene jiddesche Clienten hier sinn.

A sengem neie Roman ''Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht'' (Editions Schortgen) schneit de Jos Kayser d'Theema vun de Comptes dormants un, also Bankkontoe vu Judden, déi wärend dem Zweete Weltkrich vun Nazi-Däitschland an hire Kollaborateuren ermort gi waren, an deenen hir Suen duerno kee méi konnt reklaméieren.

''Comptes dormants''

Dat war laang en Tabu-Theema op der Lëtzebuerger Finanzplaz, grad wéi allgemeng d'Spoliatioun vu jiddeschem Besëtz: bis haut ass se net konsequent historesch opgeschafft ginn. Eréischt virun zwee Joer ass e Gesetzesprojet iwwer inaktiv Bankkontoen op den Instanzewee geschéckt ginn.

Allerdéngs setzt sech de Jos Kayser net wierklech mat der Spoliatioun auserneen. De Bezuch zum Zweete Weltkrich gëtt nëmmen ugedeit, de ganze politesch-historesche Volet ausgeblent. Ass dëse blanne Fleck vun der Lëtzebuerger Geschichtsschreiwung am Roman also weider näischt wéi e Virwand fir de Mechanismus vun engem Thriller ze lancéieren?

Zoufäll

Op eemol trëtt de Personnage vun der Marie op, eng Fra a sengem Alter, déi den Arthur zoufälleg kenneléiert a mat där hien eng platonesch Relatioun ufänkt. Der Marie hir jiddesch Famill huet och zoufälleg Comptes dormants op der selwechter Bank.

Wann een awer elo gemengt hätt, den Auteur hätt säin Haaptprotagonist an eng machiavellistesch Manipulatioun verstréckt, dann ass deem net esou. Den naiven Arthur wonnert sech net emol iwwer all dës Zoufäll.

Mee och beim Personnage vun der Marie interesséiert de Jos Kayser sech net weider fir de jiddeschen Hannergrond, dofir ëmsou méi fir hir Kriibskrankheet, déi een da vläicht als Symptom vum engem ënnerdréckte familiäre Malaise kéint deiten. D'Bankkontoe sinn am Roman jiddefalls éischter e roude Fuedem, deen eng alles an allem wackeleg Handlung soll zesummenhalen.

Verstoppte Familljegeschicht

De Gros vum Roman konzentréiert sech op déi verstoppte Familljegeschicht vum däitsche Bankbesëtzer. An dësem Volet - deen nach am beschte gelongen ass - rekonstituéiert den Archivist unhand vu schrëftlechen Dokumenter aus der Vergaangenheet dem Banquier seng wierklech Relatiounen zur Fra an zur Duechter, an dat den Arthur sengerzäit emol verléift war.

Mee och deen Erzielstrang gëtt op eemol no zwee Drëttel ënnerbrach, éier e ganz zum Schluss nees opgegraff gëtt - an alt erëm duerch en Zoufall. De Rescht, ëmmerhin ongeféier 50 vun den am Ganzen 130 Säiten, verleeft am Sand vun der langweileger Opléisung vun der Kontosgeschicht.

Manicheistesch Personnagen

Grad esou schwaach wéi den Opbau vum Roman sinn d'Personnagen, déi et just an zwee Modeller gëtt: entweder schwaarz oder wäiss. Ugefaange mam scheien Arthur, enger naiver, zaarter Séil, déi sech a seng Operesammlung flücht, e sympathesche Strummert bei sech ophëlt a sech fir eng grad esou sympathesch kriibskrank Fra asetzt.

Hirersäits wierken déi Béis, wa si net moralesch verkomme Banquiere sinn, wéi Figuren aus engem schlechte Spionagefilm aus der Zäit vum Kale Krich. Mee wann engem däitsche Glatzkapp mat schwaarzer Liederjackett als Drockmëttel näischt Besseres afält wéi d'Menace, eng ... Vinyl-Plack ze zerbriechen, dann ass och seng Credibilitéit zimmlech ugeschloen.

Méi Märche wéi Thriller

Mat ''Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht'' huet de Jos Kayser leider eng Geleeënheet verpasst, fir dem brisante Sujet vun de Comptes dormants literaresch op d'Spréng ze hëllefen. De Thriller, deen hie sech virgeholl huet ze schreiwen, ass net realistesch, schlecht opgebaut an iwwerléisst einfach ze vill dem Zoufall.

Wéinst dem Manktem u Realismus an der manicheistescher Zeechnung vun de Personnagen, déi den Auteur och nëmme Geforen aussetzt, deene si emotional gewuess sinn, erënnert de Roman méi un e Märchen, en Dram oder eng Wonschvirstellung, also en Zenario, an deem ëmmer alles opgeet. Den Titel ''Gleef net, wat d'Fréijoer der versprécht'' wier dann als Moral vun der Geschicht ze verstoen, oder als Opruff respektiv Signal fir endlech ze erwächen.