Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng stomm Natur, déi villes seet

Kompetitioun

Eng stomm Natur, déi villes seet

Am esteschen Drama "Scandinavian Silence" flüchten zwee Geschwëster virun hirer Vergaangenheet a verléiere sech an enger verschneiter Bëschlandschaft. Ee formell radikaalt zweet Wierk vum Martti Helde.

auto_stories

3 min

Zwee Geschwëster - eng jonk Fra an hiren eelere Brudder, dee grad aus dem Prisong entlooss gouf - fuere mat enger Jeep duerch eng verschneite Bëschlandschaft. Wat si am Laf vun der Rees beschäftegt, ass d'Vergaangenheet. Wou kommen si hier? A wou gi si hin?

De jonken estesche Realisateur Martti Helde war beim CinEast-Festival 2015 positiv opgefall, an zwar mat sengem éischte Film "In the Crosswinds", eng Duerstellung vun der Deportatioun vu Balten a Sibirien während dem Zweete Weltkrich. Virun allem an der Form war et ee radikaalt Wierk: d'Etappe vun der Deportatioun via eng Suite vu schwaarz-wäissen "Tableauen", ausgemoolt mat enger Hellewull u Statisten, déi sech net beweegen, wéi erfruer, a laanscht déi sech d'Kamera lues schlängelt.

Radikal an der Form

Och dem Martti Helde säin zweete Film ass vun enger radikaler formeller Recherche gepräägt. Selwecht schwaarz-wäiss Fotografie, mee, am Géigesaz zu de Massenzeenen aus dem viregte Film, sinn am "Scandinavian Silence" meeschtens nëmmen déi zwee Haaptpersonnagen um Ecran ze gesinn - Brudder a Schwëster, déi op véier Rieder an enger verloossener wanterlecher Landschaft ënnerwee sinn.

D'Struktur vun der Erzielung besteet aus de variéierte Widderhuelunge vun enger selwechter Handlung, déi sech - wéi Stécker vun engem Puzzle - eréischt no an no zu engem verständleche Ganzen zesummesetzen. Unhand vun deem, wat de respektive Personnage grad erzielt, gëtt de Spectateur opgefuerdert, déi vergaangen Evenementer, d'Familljegeschicht, ze rekonstituéieren.

Sech verstoen, ouni mateneen ze schwätzen?

Bei deem Prozess spillt de "silence" aus dem Filmtitel eng wichteg Roll. Seet een, deen näischt seet, net och grad esou vill wéi deen, dee schwätzt? Brauchen d'Geschwëster iwwerhaapt mateneen ze schwätzen, fir sech genee ze verstoen?

Impressionnant ass am "Scandinavian Silence" virun allem och d'Fotografie. Wéi an esou ville Filmer hautdesdaags kënnt zwar och hei d'Dron, déi Opnamen aus der Luucht liwwert, zum Asaz. Mee hei mécht dës mëttlerweil wéineg opwändeg Kameratechnik absolut Sënn.

D'Natur an hiren abstrakte Formen

D'Jeep, déi op de verschneite Stroossen duerch d'Bëschlandschaft fiert, wierkt vun uewen erof gefilmt wéi eng Spillsaach am Verglach mat der mächteger Natur. An den Elementer vun där Natur, déi aus dem Schnéi erausluussen, kéint een d'Metapher gesi fir vergaangen Evenementer, déi een net ganz verstoppen a vergiesse kann. Eng stomm Natur, déi awer villes seet ...

Net zulescht ass "Scandinavian Silence" ee visuelle Leckerbëssen, besonnesch wann d'Jeep aus dem Ecran erausrutscht an, ënner dem Bléck vun der Dron, nëmmen nach déi poetesch Natur an abstrakte Formen a Nuancë vu schwaarz a wäiss defiléiert.

De Film vum estesche Cineast Martti Helde ass onbedéngt engem Publikum un d'Häerz ze leeën, deen déi néideg Gedold opbréngt, fir dës Zort vun hypnoteschem Kino ze genéissen.


"Scandinavian Silence" leeft nach eng Kéier am Kader vum CinEast-Festival, dëse Freideg um 18:30 an der Cinemathéik.