Radioen

On air

One World  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Plaz an der Sonn fir Litauen

Kompetitioun

Eng Plaz an der Sonn fir Litauen

Kuerz virum Ausbroch vum Zweete Weltkrich steet d'Onofhängegkeet vu Litauen op der Kipp. Am Géigesaz zu de Politiker huet e Geografie-Professer eng Iddi, wéi een d'Natioun rette kéint. De litauesche Film "Nova Lituania" hätt duerchaus eng Grëtz méi Humor verdroen ...

auto_stories

3 min

Knapps huet Litauen 20 Joer Onofhängegkeet gefeiert, steet dat baltescht Land nees virun enger méiglecher friemer Occupatioun. Nazi-Däitschland stellt 1938 een Ultimatum, fir déi westlech Regioun Klaipeda (oder Memelland) ze annektéieren. Während een um héchste politeschen Niveau senger Hänn kee Rot weess, erkennt de bescheidene Geografie-Professer Gruodis (Aleksas Kazanavičius) an där kriddeleger Situatioun d'Chance vu sengem Liewen. No jorelaanger Aarbecht am Schied kann hien endlech säi Plang un d'Regierung erundroen, mat deem d'Iwwerliewe vun der litauescher Natioun - senger Meenung no - ka geséchert ginn: d'Schafe vun enger Kolonie um afrikanesche Kontinent.

Radikale Kontrast zu den hekteschen Zäiten

Ëmmer erëm beschäftegt sech de baltesche Kino mat der Zäit ëm den Zweete Weltkrich, eng fir dës dräi kleng Staate kruzial historesch Period. Litauen, Lettland an Estland waren, wéinst hirer geographescher Lag a virun allem der bescheidener Gréisst vun hire respektiven Territoiren ee gefonntent Friesse fir déi grouss Noperen, Däitschland an d'Sowjetunioun.

Fir dës hektesch Zäiten aus der Perspektiv vun de litaueschen Autoritéiten duerzestellen, setzt de Regisseur Karolis Kaupinis a sengem "Nova Lituania" op de radikale Kontrast. Grad keng Hektik, mee e betount luesen Erzielrhythmus, bei deem et drëpst wéi aus engem defekte Krunn; gréisstendeels fix Kamera-Astellungen, déi d'Rigiditéit an d'Hëlleflosegkeet vun de Politiker an d'Billersprooch iwwersetzt - firwat sollt d'Kamera sech och vill beweegen, wou déi apathesch Personnagen dach meeschtens sëtzen, wa si net virun engem Publikum am Garde-à-vous weltfriem Sonndesrieden halen? Fir den decisive Schotz Pessimismus suergt dann déi schwaarz-wäiss Fotografie, woubäi déi däischter Téin dominéieren.

Zwee, déi sech fonnt hunn

Gëtt den duerch an duerch pessimistesche Grondtoun vun "Nova Lituania" dann net wéinstens vun enger Grëtz Humor kompenséiert? Sou farfelue se hautdesdaags och kléngen, sinn dem wujelkäppege Geografie-Professer seng kolonial Fantasien fir d'Zäit vun der Handlung alles anescht wéi aussergewéinlech. Beim ganz biederen an - dem Uschäin no - verstännege Premierminister fënnt de Gruodis en oppent Ouer - ëmsou méi de Politiker aus der Regierung entlooss gouf an no engem Sprangbriet sicht, fir sech nees indispensabel ze maachen.

Méi géigesätzlech kéinten dës zwee Personnagen net wierken. An awer passe se zesummen, de Büroshengscht an de genialen Theoretiker. Kee vu béide gëtt am wierkleche Liewen eens: weder de Politiker, deen zougëtt, senger Liewen nach ni um Mier gewiescht ze sinn (trotz der relativ kuerzer Distanz vun 200 Kilometer), nach den Universitär, deen d'Präsenz vun der Schwéiermamm bei sech doheem perturbéiert.

Bezeechnend fir d'Hëlleflosegkeet vun den deemolege litaueschen Elitten ass eng Zeen, an där béid Männer mam Auto op der Plage am Sand stieche bleiwen - wou si och haut nach géifen hänken, wann net zoufälleg e Grupp vu Fëscher do ukomm wier!

Trotz dem interessante Sujet setzt "Nova Lituania" den Humor - a sief et schwaarzen - vläicht e bëssen ze spuersam an, fir datt den (net baltesche) Spectateur sech wierklech mat deem Film kéint ufrënnen.


"Nova Lituania" leeft nach eng Kéier de Méindeg, 14. Oktober um 18:30 an der Cinémathéik. Offiziell Kompetitioun CinEast-Festival.