Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie a Fa Majeur, K Anh. 223/19a, I. Allegro Assai - Freiburger Barockorchester, Gottfried von der Goltz (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Kulturzeen zu Mosul

Nom IS

Eng nei Kulturzeen zu Mosul

Nach virun zwee Joer war Konscht zu Mosul verbueden. D'Terrororganisatioun Islamesche Staat huet dräi Joer laang d'Stad kontrolléiert, all kritesch Stëmmen ënnerdréckt, Kreativitéit mat Folter bestrooft. Wärend den IS Jore konnt zu Mosul dach eng nei Generatioun vu Kënschtler entstoen, déi haut d'Konschtzeen an dëser Stad no vir dreift.

auto_stories

4 min

Mir sinn zu Mosul, am Norde vum Irak, an engem aussergewéinleche Café mëtten am Studentequartier. Am Kënschtlercafé Multaqa el Kitab, arabesch fir de Bicher Forum, sinn d'Mauere mat Bicher tapezéiert, kleng Gruppen - Fraen a Männer gemëscht - hocke ronderëm holzen Dëscher, liesen, diskutéieren, fëmme Schischa. D'Loft ass déck, d'Stëmmung entspaant. Am Eck prouft e Museker e Stéck mat der Gei, begleet vun enger Sängerin.

"Hei versammele sech déi meeschte Kënschtler aus der Stad. Schrëftsteller, Moler, Schauspiller, Museker an och Studenten. Mir fannen hei an dësem Café zesummen", zielt ee Kënschtler. Haut maachen dës jonk Kënschtler endlech dat, wat wärend Jore verbuede war: am ëffentleche Raum hirer Kreativitéit freie Laf ginn.

Konscht ënner dem IS

Ënner hinne sinn och den Omar al Qais, e Sculpteur, an de Khaled al Rawwi, e jonke Museker. De Khaled wollt schonn ëmmer Oud léieren, en arabescht Säiteninstrument. Knapps hat hie sech d'Instrument kaaft, huet d'Terrororganisatioun Islamesche Staat, kuerz IS, d'Stad besat. Dat war am Juni 2014.

"Ech hat nach keng Anung vu Musek, an der Schoul hate mir och keng Musekscoursen. Nëmmen aacht Méint nodeems ech ugefaangen hunn, Oud-Coursen ze huelen, ass den IS zu Mosul ukomm. Deemools hunn ech am Beräich vum Journalismus geschafft. Wou den IS eis Büroe besat huet, hat ech Angscht ëm mäi Liewen. Si hu Journalisten direkt ëmbruecht. Kënschtler hu sI e puer Woche gehalen, gefoltert. Dofir hunn ech mech dunn doheem verstoppt. A just nach Musek geprouft, heemlech. Geprouft a geprouft. Mee ech hat esou Angscht, datt den IS et erausfënnt. Si hunn dacks Razziae gemaach an eisem Quartier, dunn hunn ech mäin Instrument ëmmer ënner menge Kleeder verstoppt".

Heemlech am Keller schaffen

Och de 34 Joer ale Sculpteur Omar al Qais huet wärend den IS-Joren heemlech weidergeschafft. An zwar am Keller, fir datt d'Klappe vu sengem Hummer d'Ouere vun der Strooss net erreecht.

Den Omar huet eng Virléift fir realistesch Skulpturen, déi de mënschleche Kierper duerstellen. A genee dat, d'Representatioun vum Mënsch, gëtt streng verbueden an der fundamentalistescher Versioun vum Islam, déi den IS imposéiert huet.

Esou huet den Omar wärend den IS-Jore Miniature sculptéiert. Zanter der Liberatioun vun der Stad am Summer 2017, reproduzéiert hien dës am Groussen: "No der Liberatioun waren all d'Restriktiounen op eemol opgehuewen. Mir hu jorelaang heemlech geplangt, virbereet. Op eemol konnte mir endlech all déi Projeten exekutéieren".

Konscht zeréck an d'Gesellschaft bréngen

Sech am ëffentleche Raum kreativ auszedrécke war och virum IS schwiereg. Zanter der US Invasioun vum Irak an dem Fall vum Saddam Hussein am Joer 2003 war d'Stad Mosul reegelméissegen Terroruschléi an der Expansioun vun der Terrororganisatioun al Qaida ausgesat.

Dofir ass et nom IS virun allem drëms gaangen, Konscht erëm un d'Gesellschaft ze bréngen, an déi ënnerschiddlech Reaktiounen ze testen, mengt de Khaled:

"D'Leit sinn elo vill méi receptiv, wat Konscht ugeet. Virdrun hunn déi meeschte Leit d'Konscht als Haram, also als Schan, ugesinn. Oder si hu gesot, Konscht hätt keng Zukunft."

Dofir ass den Omar no der Liberatioun eraus an d'Strooss zeechne gaangen. "Ech hunn dunn och fir d'éischte Kéier an der Strooss gespillt. Op eemol hunn d'Leit ugefaangen, eis ze gesinn, eis wouer ze huelen".

D'Konschtzeen ass am Wandel

Nieft sengen eegene Kreatioune kritt den Omar haut grouss Opträg vun der Stad a reproduzéiert Skulpturen, déi vum IS zerstéiert goufen. De Khaled huet no der Liberatioun eng Museksgrupp gegrënnt, Awtar Nargal, déi vill am Noen Osten an och an Europa op Tour war.

Haut ass d'Konschtzeen zu Mosul allerdéngs erëm am Wandel, mengt de Khaled. No der Liberatioun goufen et eng ganz Rei nei Kënschtler, déi d'Fräiheet sech kreativ auszedrécke gebraucht hu fir sech vun der jorelaanger Ënnerdréckung ze befreien. Haut wieren awer just nach déi dobäi, déi bereet wieren op laang Dauer an deem Domaine ze schaffen:

"A leschter Zäit ass mir opgefall, datt manner Motivatioun an Energie do ass. Fir mech ass d'Musek net méi ewechzedenken, ech maache weider. Mee vill vu menge Frënn hu sech elo nei bestuet, oder versiche Geschäfter an Entreprisen opzemaachen. An déi ekonomesch Situatioun an der Stad ass immens schwiereg am Moment. Also hu si keng Zäit méi fir Musek a Konscht."

Fir dach als Kënschtler finanziell ze iwwerliewen huet de Khaled och ugefaangen, Theaterworkshoppen ze organiséieren. Ganz beléift sinn Improvisatiounssessiounen, bei deenen de Publikum entscheet, wéi eng Theeme vun de Schauspiller op der Bün verschafft solle ginn.

D'Zil ass, der Konscht och eng sozial Missioun ze ginn an Theaterstécker ze schafen, déi d'Gesellschaft zesummebréngt ronderëm de Besoin, fir nozekucken.

"D'Mënsche schwätzen nach ëmmer immens vill iwwer den IS, si sinn nach traumatiséiert. Dofir versiche mir wärend de Representatiounen de Publikum dozou opzefuerderen, net nëmmen iwwer d'Trauma vun der Vergaangenheet ze schwätzen, mee och iwwer d'Zukunft. Mir wëllen hir Stäerkten ervirhiewen, duerch déi si dat Ganzt iwwerliewe konnten."