Germaine Goetzinger Eng nei Biografie iwwer d'Aline Mayrisch

D'Germaine Goetzinger am Gespréich iwwer hir Biografie: Aline Mayrisch de Saint Hubert - Ein Frauenleben im Spannungsfeld von Feminismus, sozialem Engagement und Literatur (Editions Guy Binsfeld). D'Valerija Berdi huet mat der Germaine Goetzinger iwwer hir Motivatioun, hir Methoden, hir Recherche an hir Vue op d'Aline Mayrisch geschwat.

Valerija Berdi / sam

Germaine Goetzinger Buchcover Aline Mayrisch
Foto: Iñaki del Olmo / Unsplash, Editions Binsfeld

Den Interview mat der Germaine Goetzinger lauschteren


Mat dëser ausféierlecher Biografie huet d'Literaturwëssenschaftlerin Germaine Goetzinger e wichtegt Buch verfaasst, dat eng enorm Viraarbecht verlaangt huet.

Dëst Buch ass ronn 500 Säiten déck an beliicht ganz verschidden Aspekter vun der Aline Mayrisch hirem Liewen, hirem Wierken, hiren Interessen an hire Widderspréch.

Biografie mat historeschem Kontext

D'Germaine Goetzinger huet déi eelef Kapitelen ëmmer an den historesche Kontext gesat, an esou liest een net just, wéi d'Liewe vun enger gutt-biergerlecher Fra a Famill war, mee och wéi d'Liewen zu Lëtzebuerg allgemeng war. D'Aarbechterklass vun Diddeleng huet och seng Plaz hei, awer och wéi réckstänneg Lëtzebuerg a ville Beräicher war.

D'Aline Mayrisch huet net just esou vill an der deemoleger Situatioun fir d'Fraen erreecht, mee et waren nohalteg Fortschrëtter, déi net esou richteg ze Lëtzebuerg bekannt sinn. Déi ginn an dëser Biografie ganz minutiéis duergeluecht.

Awer och déi komplizéiert Relatioun mat der Duechter, déi trotz dem progressiven Denke vun der Aline Mayrisch deelweis ganz konservativ erzu gouf, gëtt analyséiert, esou wéi och hir Relatioun mat groussen Nimm aus der Literatur a Kultur, onverëffentlecht an onbekannt Korrespondenzen, hier Spiritualitéit an d'Liewen an Iwwerliewe vum Zweete Weltkrich.

Méi zum Thema

Germaine Goetzinger
Literatur

Wéi gesäit d'Literaturzeen zu Lëtzebuerg haut aus, wann een e Bléck op Schrëftstellerinne geheit? D'Germaine Goetzinger ass eng Fra, déi vill fir d'Unerkennung vu Schrëftstellerinnen zu Lëtzebuerg gemaach huet.

Marion Poschmann - Nimbus Buchkritik
Marion Poschmann - Nimbus

Nimbus heescht eng däischter Wollek oder och en Hellegeschäin. D'Marion Poschmann iwwerrascht an iwwerzeegt an allen Hisiichte mat hirer Naturlyrik, déi ënner dësem Nimbus steet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen