Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Mamm an der Ongewëssheet

Kompetitioun

Eng Mamm an der Ongewëssheet

Ass d'Kand bei der Gebuert gestuerwen, wéi et an der offizieller Versioun heescht? Dem serbesche Realisateur Miroslav Terzić säin Drama "Stitches" iwwerzeegt op der ganzer Linn. Ënner anerem wéinst der schauspillerescher Leeschtung vun der Snežana Bogdanović.

auto_stories

3 min

D'Ana (Snežana Bogdanović) wëllt net gleewen, datt hire virun 18 Joer gebuerene Puppelchen deemools kuerz no der Gebuert soll gestuerwe sinn. Vun den zoustännegen Autoritéite kritt d'Fra mat Nodrock nogeluecht, datt si sech endlech mam Verloscht vum Kand soll offannen. Mee d'Ana gëtt sech net, zemools op eemol Dokumenter opdauchen, déi hir kéinte Recht ginn.

Psycheschen Drock belaascht déi ganz Famill

De Kampf vun enger Mamm ëm d'Wourecht steet am Mëttelpunkt vum Drama "Stitches". De serbesche Realisateur Miroslav Terzić huet sech un engem reelle Fall inspiréiert, dee wéi et schéngt stellvertriedend ass fir nach vill méi ähnlech Fäll a Serbien. Den Dräieck Kand-biologesch Elteren-Adoptiveltere gëtt am Film zwar ugeschnidden, am Virdergrond steet awer een aneren Aspekt. Et gëtt gewisen, wéi de psycheschen Drock duerch déi jorelaang Ongewëssheet net nëmmen den Haaptpersonnage, mee och de Rescht vun der Famill belaascht.

Obwuel hien d'Vergaangenheet och léiwer géif hanner sech loossen, steet de Mann den Obsessioune vu senger Fra mat enger gewëssener Guttmiddegkeet géigeniwwer. Op d'Duechter trëfft dat manner zou: den Teenager fillt sech vun der Mamm, déi sech nëmme fir dat scho laang "verstuerwent" Kand schéngt ze interesséieren, vernoléissegt.

D'Erklärung fir déi ugespaante Bezéiung gëtt awer net direkt am éischten Deel vum Film geliwwert. De Spectateur gëtt eng Zäit laang am Däischteren tappe gelooss. Och a Bezuch op d'Verhale vun der Mamm, déi duerch d'Stroosse vu Belgrad zitt, ouni datt ee richteg wéisst, firwat. Ass si op der Sich no eppes? Wa jo, wat? De Spectateur kann esou d'Gefill vun der Ongewëssheet, dat d'Ana plot, novollzéien.

Staark Präsenz um Ecran

Fir ze weisen, datt d'Ana bei hirem Kampf op sech selwer gestallt ass, gëtt si dacks dobausse gefilmt, mol vu wäitem (an da wierkt d'Fra wéi verluer), mol vun no, virun engem flouen Hannergrond. Hire Beruff als Néiesch üübt si och eleng an hirem Atelier aus. D'Aarbecht op der Bitzmaschinn ass wéi d'Bezéiungen, déi d'Ana erëm wëllt knäppen: mat der Famill, a virun allem mat hirem verschwonnene Kand.

D'Kamera kadréiert dacks d'Gesiicht vun der Snežana Bogdanović, déi de Personnage vun der Ana verkierpert. Esou kënnen allerdéngs nëmme wéineg Reaktiounen agefaange ginn: dat Gesiicht ass meeschtens ouni Emotiounen, wierkt konzentréiert, determinéiert. An d'Tréine brécht d'Mamm nëmmen dann aus, wa si an engem Schlësselmoment vun den Emotiounen iwwerwältegt gëtt. Dëst minimalistescht Spill zitt seng Kraaft aus der ëmsou méi staarker Präsenz vun der Snežana Bogdanović um Bildschierm.

"Stitches" iwwerzeegt op der ganzer Linn. Virun allem gëtt hei ee ganz delikate Sujet mat der néideger Sensibilitéit ugepaakt. Ënner anerem geet de Realisateur Miroslav Terzić ganz spuersam mat emotiouns-geluedene Momenter ëm. "Stitches" ass sécherlech ee vun deene beschte Filmer an der Kompetitioun vum CinEast-Festival.