Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Jugend tëscht Nirvana a WM 98

Kultur

Eng Jugend tëscht Nirvana a WM 98

Den Éric Petitjean huet an Zesummenaarbecht mat den zwou Theaterregisseurinne Carole Lorang a Bach Lan Lê Bà Thi eng Bünen-Adaptatioun vum Nicolas Mathieu sengem priméierte Roman "leurs enfants après eux" gemaach, déi am Escher Theater gewise gëtt. Et si véier Summeren, déi mer hei materliewen an dat an der Zäit tëschent der Release vun "Smells Like Teen Spirit" an der Fussballweltmeeschterschaft 1998 an enger klenger Stad an der Lorraine.

auto_stories

3 min

Ee vun den Haaptpersonnagen ass de jonken Anthony, hien ass just 14 Joer al ginn a lieft eben an dëser Welt, wou hien sech net allze vill Illusioune mécht, hien ass sech bewosst, datt hien net op der Säit vun de Gewënner steet. Mat sengem Cousin, deen net vill méi al ass, awer vill méi grouss, kierperlech méi entwéckelt ass, hänkt hien of an tëschent Zigaretten, Béier, Vodka a Jointen dreemt hien natierlech vu Meedercher, vun der Léift, a n och vum Konsum, deen hien sech net leeschte kann.

Dann ass nach den Hacine, e Bouf mat nordafrikaneschem Hannergrond, deen u sech gesellschaftlech um selwechten Träpplek steet, mee doduerch, datt en kee richtege Fransous ass, also en anere Background huet, enger anerer Couche ugehéiert... an dann hu mer d'Stephanie, e Meedchen aus engem besseren Haus, wéi een dat esou schéi seet, deem den Anthony méi no komme wëll.

Opgedeelt an Episoden

Verschidde Liewenswelten, Léiften, Feindschaften a Connectiounen, méi friddlech a méi feindlech Beréierunge ginn da ganz iwwerzeegend op der Bün gewisen, grad esou wéi déi ganz Atmosphär wierklech voller Seductioun eriwwer kënnt.

Ech mengen, et ass guer net einfach e Roman fir d'Bün ze adaptéieren, fir datt et dann awer koherent ass.

D'Carole Lorang, den Eric Petitjean a Bak-lan Lebathi hu sech enorm un d'Virlag gehalen, e Roman, dee gutt 400 Säiten déck ass, an dofir dauert d'Stéck och bal 4 Stonnen. A fir Leit, déi dat net wëllen oder kënne paken, gëtt et an Episode gewisen. Den een Owend Episod 1 an 2 an en aneren Owend Episoden 3 a 4.

Tëscht Fernseeserie an Theaterstéck

A well deen Opbau éischter un eng Fernseeserie wéi un en Theaterstéck erënnert, geet et och op der Bün wéi eng Serie un. Mir kréien am Hannergrond um groussen Ecran de Generique gewisen, Loftopname vun der Stiedchen Hayange, am Roman ass et déi fiktiv Uertschaft Heillange, also och bewosst no un der Grenz ze Lëtzebuerg ugesidelt.

Mir kréien hei kuerz Zeene gewisen, déi éischt ass da beim Séi vun Hayange mat de Jugendlechen, da wiesselt et an déi jeeweileg Elterenhaiser oder eben, déi aner Säit vun der Stiedchen, bei déi méi räich Kanner.

Intergenerationell Konflikter am Mëttelpunkt

An do huet déi ganz Ekipp, déi fir d'Zeenographie, Beliichtung, Kostümer, Videoopnamen eng excellent Aarbecht geleescht. Engersäits zimmlech minimalistesch an awer net aarm, ganz stëmmeg a fléissend Iwwergäng a Verflechtunge vun den Zeenen, grad esou wéi déi ganz Choreographie eben fir déi koherent Atmosphär suergt. Vun der Kleeder, d'Musek, d'Kierperhaltunge beim Ofhänken, Breakdance... ass esou eng Vilfalt gebueden an och esou vill jonk Talenter...

Et begéint een net just de Jonken, mee och den Elteren an och déi intergenerationell Konflikter ginn hei mat villen Emotioune verdäitlecht: Wéi no Suerg a Gewalt sech stinn, Hoffnung an Enttäuschung an eben déi scho genannte Grief tëschent de Mënschen.

Wat natierlech elo net, oder bis elo net weider am Stéck ëmgesat ass, dat sinn déi Reflexiounen, déi den Nicolas Mathieu am Roman mécht, dat muss een dann tëschent de Zeilen sech denken oder eben de Roman liesen.