Fir scho virun der Hochzäitsnuecht ze wëssen, op wat hatt sech aléisst, léint him seng Tatta eng "peau d'homme", eng Männerhaut, déi een undoe kann a mat där een da no bausse wéi e Mann ausgesäit.
Esou "verkleet" ka sech d'Bianca dem Giovanni op all deene Plaze rapprochéieren, wou et als Fra normalerweis net hin dierf. Séier komme sech déi zwee méi no, mee d'Bianca mierkt och, datt den Giovanni sech souwisou éischter fir Männer interesséiert.
D'Spill mat de Geschlechterrollen notzen de Zeenarist Hubert an den Zeechner Zanzim fir vill humorvoll Situatiounen, mee si ginn nach e Schrëtt weider: Zesumme mam Giovanni entdeckt Bianca eng queer Subkultur a sengem italieenesche Stiedchen a gëtt zu enger LGBT-Aktivistin avant la Lettre.
Mat den helle Faarwen an de kloren Zeechnunge vum Zanzim gëtt "Peau d'Homme" zu enger liewensfrou, erfrëschender BD, mat Momenter e bëssi plakativ, mee ni ouni Charme a Witz.