Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng attraktiv Nationalbibliothéik

Riicht Eraus

Eng attraktiv Nationalbibliothéik

Zanter fënnef Méint ass de Claude Conter Direkter vun der Nationalbibliothéik. Dat éischt, wat hien huet misse maachen, war mol sech anzeliewen.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Hien huet vill Eenzelgespréicher gefouert, mat den eenzelen Divisiounen a Servicer sech ausgetosch, an huet probéiert d'Aarbechtsofleef ze verstoen.

"Ganz am Konkreten, datt ech och sur place sinn, dat ass ganz wichteg an enger, fir mech, neier Institutioun, éischtens Leit kennen ze léieren, zweetens, d'Strukturen ze verstoen, drëttens d'Ofleef ze verstoen. Well dat eréischt erméiglecht mer dann och ze kucken, wéi mer Projeten och a Zukunft kënne weiderdreiwen, wou d'Schwéierpunkte sinn."

Dat neit Gebai vun der Nationalbibliothéik, dat am Oktober 2019 um Kierchbierg opgaangen ass, huet vill Attraktivitéit. Et goufe bis elo enorm vill Umeldungen.

D'Leit hätte gewëss Erwaardungen un d'BnL, mee si géifen och gesinn, wat eng Nationalbibliothéik schonn ëmmer konnt leeschten, a wat se am neie Gebai nach méi ka leeschten, seet de Claude Conter.

"An dat ass fir ganz vill Jonker, fir Schüler, vun der Universitéit ze Lëtzebuerg wéi och vun aner Universitéite vun den Nopeschlänner, dat si Leit aus de Fuerschungsinstituter, déi gäre kommen, well se och e Poste de travail hunn. Dat ass en éischte Grond fir dohinner ze kommen, an den zweete Grond, an dat mierke mer, dat ass eréischt duerch d'Gebai an de Käpp vill méi kloer ginn, wat alles kann ugebuede ginn, souwuel am Beräich vum Ausléine vu Bicher, wéi an enger enormer Offer vun e-journals, wann een ugemellt ass, wou een Accès huet op onbegrenzte Méiglechkeeten."

Publikatioune mat Bezuch op Lëtzebuerg

D'Nationalbibliothéik konservéiert, sammelt a katalogiséiert alles, wat ze Lëtzebuerg publizéiert gëtt an och all Publikatiounen, déi am Ausland eraus kommen an e Bezuch ze Lëtzebuerg hunn. Well zanter 2009 existéiert de Réglement grand-ducal zum Dépôt légal. Dat heescht, alles wat publizéiert gëtt, muss der Nationalbibliothéik geschéckt ginn.

"Ech fueren duerch d'Land, ech gesi munch Affichen, an déi Affichë komme bei eis net un, dat heescht, datt dat Bewosstsi fir déi Saachen déi ee mécht, zum Patrimoine gehéieren, net esou ausgepräägt sinn, datt et en Automatismus wier."

Et misst een nach weider dorunner schaffen, dëst Bewosstsinn an den eenzelen Institutiounen ze verstäerken, an d'Archivgesetz géif dozou bäidroen.

"Mir hunn a ville staatlechen Institutiounen Délégués à l'archivage, dat si Leit, déi dat Bewosstsinn scho wäerten hunn, déi Funktioune sinn och elo geschafe ginn, dat kënnt och ëmmer méi op aneren Ebenen, wéi zum Beispill op der Gemengenebenen, sou datt ech ganz zouversiichtlech sinn, datt mer deen Elan kënne mathuelen, fir drop opmierksam ze maachen, datt et net just ëm Archive geet, mee och ëm dat, wat verëffentlecht ass an dat ass vun engem Gemengebuet, iwwer eng Affiche, iwwert e Flyer, alles huet sech Valeur fir kënnen driwwer gefuerscht ze ginn."

Bibliothéikslandschaft opschaffen

Eng weider Aufgab vun der Nationalbibliothéik wier d'Geschicht vun der Bibliothéikslandschaft hei ze Lëtzebuerg opzeschaffen. Dann ass et och un de BnL sech d'Schreiwe vu virun 1815 unzekucken, seet de Claude Conter.

"An eisem sougenannte Fonds ancien hu mer eng ganz Partie Bicher, e.a. aus der Zäit vun der Renaissance, wou et ganz vill Lëtzebuerg ginn, déi geschriwwen hunn, Lëtzebuerger musse mer dann e bëssen anescht definéieren, mee ech gesinn et als eng grouss Chance, datt mer ons fir d'éischt mol léise vun engem nationalstaatlechen Denken, wat mer hunn, wa mer eise gesamte Patrimoine ëmmer nëmmen zeréckféieren op d'Joer 1815."

Ee vun de Schwéierpunkten, deen an den nächste Joren um Plang steet, ass d'Gespréich mat de Schoulbibliothéiken. "Mir wëllen, datt déi gestäerkt ginn, dass déi di Unerkennung hunn fir déi Aarbecht, déi se leeschten, dass d'Schüler och dohinner ginn." Dofir soll och de Bicherbus net méi bei d'Schoule fueren.

"Natierlech sollen se (Schüler) weider an de Bicherbus kommen, natierlech sollen se an ëffentlech Bibliothéike kommen, mee et soll ee familiariséiert ginn, mir haten och net spéider wéi des Woch eng produktiv Reunioun mam Script, wou et och ëm Zukunft vun den Schoulbibliothéike gaangen ass, a mat engem neie Projet, dem Ready, deen elo am Summer gutt ugelaf ass, nämlech eng spezifesch Offer vun e-booken am Beräich vun der Jugendliteratur."