Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neit Gesiicht fir den Autorelexikon

Schrëftsteller

En neit Gesiicht fir den Autorelexikon

Et liest sech elo besser am neie Lëtzebuerger Autorelexikon, d'Fotoe si méi grouss, d'Sichmaschinn ass och adaptéiert. De Site, wou een all Autorinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg fënnt, huet en neit Gesiicht kritt. D'Valerija Berdi huet mat der Nicole Sahl, Conservatrice am nationale Literaturarchiv a Matresponsabel vum Lëtzebuerger Autorelexikon, geschwat.

auto_stories

4 min

Den Internetsite vum Lëtzebuerger Autorelexikon

Fir d'éischt war d'Buch do, dunn ass den Autorelexikon 2011 online gaangen. Um Site konnt een da Biographien a Publikatiounen vun den eenzelen Autorinne an Auteure aus Lëtzebuerg nosichen a liesen. Elo weist sech den Dictionnaire an enger neier, besserer Versioun. Wisou war dat néideg, Nicole Sahl?

"Iergendwann hunn d'Gewunnechte vun de Leit geännert fir ze kucken, fir eppes ze sichen, an et war einfach Zäit gi fir ze iwwerschaffen, an et ass awer esou, datt mer net nëmmen no baussen iwwerschafft hunn, datt et anescht a hoffentlech méi schéin ausgesäit, mee et ass och vill Aarbecht dra gestach ginn, un de Sichfunktiounen a fir d' Informatiounen sou wäit ze bréngen, datt se besser fonnt ginn. Mir hunn nämlech gemierkt, datt mer heiansdo Froe gestallt kruten ze Saachen, déi op der Homepage waren, mee déi manifestement awer net gutt accessibel waren."

Den Inhalt ass weider ganz akademesch bliwwen, mee optesch huet sech enorm vill geännert.

"Et freet mech, datt mer elo eng vill besser Méiglechkeet hu fir Fotoen ze weisen. Dat war relativ schlecht eriwwer komm, well si haten eng fest Breet an esou bal een e Héichformat vun enger Foto hat, da waren se immens kleng ginn, an et huet een näischt méi gesinn, a wann ee méi Fotoen hat, dann waren se quasi openee getässelt an elo, wa mer méi Fotoen hunn, a mir hunn eng Rei Leit, déi scho laang schreiwen, wou een dann iwwer vill Phasen ka Fotoe weise kann an do hu mer elo d'Méiglechkeet an enger Galerie niefteneen a méi grouss ze weisen. Dat huet mat sech bruecht, datt mer elo méi Fotoen hu mussen era fidderen."

10-12 Leit schaffen um Autorelexikon

Um Autorelexikon gëtt permanent geschafft, mee elo fir dat neit Kleed waren nach zwou Firmen engagéiert, fir dat Technescht an dat Optescht ze verbesseren.

"Dunn ass eng nei Optik festgeluecht ginn an déi nei Optik huet misse mat bestoenden Inhalter, an dat ass net wéineg, verbonne ginn, an do huet misse gekuckt ginn, datt dat och esou geklappt huet, wéi dat am Ufank virgesi war. Dat war fir eis vill Aarbecht, mee dat war och haaptsächlech fir déi zwou Firmae vill Aarbecht, fir datt dat esou geet, wéi et geet."

Et sinn ëmmer tëschent zéng an zwielef Leit, déi um Autorelexikon schaffen, haaptsächlech Leit aus der Equipe vum CNL, awer och Leit vun der Uni, déi Partner beim Projet waren.

"Et gëtt eng Lëscht vun Auteuren, déi richteg gefiddert gëtt, well een do gesäit, dat si Leit, déi, nodeems se kontrolléiert gi sinn, déi entspriechen eise Regelen, et sicht sech jiddereen op der Lëscht Nimm eraus, an da gëtt Recherche gemaach. Da gëtt e Portrait gemaach an dee Portait stelle mer dann an eiser Dictionnaire Plénière fir, all zwee-dräi Méint, wéivill eben ukënnt. Et weess jiddereen wat vun Nies eraus ass. Et ginn nei Leit virgestallt awer och ergänzt. An dann ass et och esou, datt fir vill Leit um Dësch, déi sech wierklech gutt auskennen. Wann et dann duerch kënnt, da ginn Texter iwwersat, well et ass jo alles op Däitsch an op Franséisch."

Wat sinn dann d'Konditiounen fir als Auteur an den Autorelexikon opgeholl ze ginn?

"Et muss ee sief Lëtzebuerger sinn oder sech hei am Literaturbetrib, wéi mir esou schéi soen, sech engagéieren. Et geet net duer hei ze Lëtzebuerg ze wunnen, d'Bicher am Ausland eraus ze bréngen an hei ni eng Liesung ze hunn. Am Ausland ass et a ville Fäll, datt d'Nationalitéit ausschlaggebend ass, dat kann een net hei maachen. Et schreift een an de Landessproochen a well mir dat méi grouss sinn, also Lëtzebuerg, Däitsch, Franséisch an Englesch an dann awer och Italienesch, Spuenesch a Portugisesch."

Déi eenzeg, déi keng Buchform presentéiere mussen, sinn Theaterauteuren, well Theaterstécker dacks net publizéiert ginn, mee "wa se op enger Nationaler Bün opgefouert ginn, da kommen se och an den Autorelexikon. An et muss vum Genre Literatur sinn."

Fréier krut een den Autorelexikon och a Buchform, haut wier dat net méi méiglech, well d'Zil vun der Ekipp ass permanent à jour ze sinn.

"Pabeier ass genee zwee Deeg aktuell. Um Pabeier waren et sou just keng 1000 Leit, elo si mer ganz no u 1500 Leit, um Pabeier hate mer d'Bibliographie ganz kuerz gefaasst, an et war dach e ganz déckt Buch ginn. Elo online huet een d'Méiglechkeet, méi Informatiounen iwwer d'Bicher ze ginn. Hie huet een och d'Sichmaschinn, wou een zum Beispill all Auteuren, déi franséisch schreiwen ka fanne. An engem Buch ass dat jo net méiglech. Online huet een d'Datebankstruktur, déi een um Pabeier net huet."