Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En "authentesche Reaktionär"

Een Theema, e Buch

En "authentesche Reaktionär"

Als ee vun de Meeschtere vum Aphorismus am 20. Joerhonnert gëllt den Nicolás Gómez Dávila (1913-1994). De kolumbianesche Schrëftsteller, ee bekennende Katholik, war e radikale Modernismus-Kritiker.

auto_stories

8 min

''Le monde moderne ne sera pas châtié, il est le châtiment.''

De kolumbianesche Schrëftsteller Nicolás Gómez Dávila, 1913 zu Santa Fé de Bogotá gebuer an do och 1994 gestuerwen, war e radikale Modernismus-Kritiker. Hien hat besonnesch d'Demokratie, de Staat, de Liberalismus, de Sozialismus, de Kommunismus, de Materialismus, d'Technik, d'Iddi vu Fortschrëtt an d'Viséier geholl, an, als gleewege Katholik, och d'kathoulesch Kierch, sou wéi se sech nom Zweete vatikanesche Konzil an de 1960er Jore reforméiert huet.

''Les lubies de la masse incompétente sont appelées opinion publique, et opinion privée les jugements du spécialiste.''

''Quand l'opinion publique commence à se préoccuper de quelque événement, l'histoire est déjà en train de penser à autre chose.''

''L'idiot est celui qui donne son avis sur les lieux communs à la mode.''

''Les grosses âneries ne peuvent être dites qu'en place publique.''

''Une victoire remportée sur un idiot nous humilie.''

''Si les hommes naissaient égaux, ils inventeraient l'inégalité pour tuer l'ennui.''

''La vie est une fabrique de hiérarchies.

La mort seule est démocratique.''

Reaktionär

De Gómez Dávila hat sech selwer als Reaktionär bezeechent, e Begrëff, fir deen hien och eng eegen Definitioun gesicht hat:

''L'individu obéissant à une vocation authentique est réactionnaire. Quelles que soient les opinions qu'il nourrit.

Est démocrate celui qui attend du monde extérieur la définition de ses objectifs.''

Fir verschiddener zielt den Nicolás Gómez Dávila, zesumme mam Gabriel García Márquez a mam Álvaro Mutis, zu de wichtegste kolumbianesche Schrëftsteller vum 20. Joerhonnert, och wann hien an deem Trio sécherlech dee manner Bekannten ass. De García Márquez, Laureat vum Literatur-Nobelpräis, soll vum Gómez Dávila gesot hunn: ''Wann ech kee Kommunist wier, da géif ech ganz genee esou denke wéi hien.''

''Le pauvre n'envie pas chez le riche les possibilités de nobles comportements que la richesse lui procure, mais les abjections qu'elle lui permet.''

''Le suffrage universel ne reconnaît finalement à l'individu qu'un seul droit : celui d'être alternativement oppresseur ou opprimé.''

''Ne flattent le peuple que ceux qui mijotent de lui vendre ou de lui voler quelque chose.''

''La liberté, pour le démocrate, ne consiste pas à pouvoir dire tout ce qu'il pense, mais à n'avoir pas à penser tout ce qu'il dit.''

''La tragédie intellectuelle du gouvernant démocratique est l'obligation de réaliser le programme qu'il a claironné pour qu'on l'élise.''

Meeschter vum Aphorismus

Seng Renommée verdankt de Gómez Dávila sengen Aphorismen, Gedanken iwwer Gott an d'Welt, iwwer d'Geschicht, iwwer déi grouss philosophesch, reliéis a politesch Froen, déi dacks mat Ironie a Sarkasmus a wéinege Sätz formuléiert a konzentréiert ginn. Iwwer 10.000 där Gedankespläiteren huet hie geschriwwen, d'Resultat vu senge Reflexiounen, d'Quintessenz vu senge Lecturen.

De Gros vu senger Zäit huet den Nicolás Gómez Dávila nämlech a senger perséinlecher Bibliothéik verbruecht, wou hien am Laf vu sengem Liewen eng 30.000 Bänn ugeheeft hat, haaptsächlech Klassiker vun der europäescher Literatur, an do virun allem déi franséisch, déi englesch, däi däitsch, ëmmer an Originalsprooch. Wéi et schéngt hat hien esouguer ugefaangen Dänesch ze léieren, fir dem Kierkegaard säi philosophescht Wierk besser ze verstoen ...

''L'homme cultivé n'est pas celui qui s'accable de contestations, mais celui qui est capable d'interrogations.''

''Aucun problème authentique n'a de solution.

C'est là justement la définition de son authenticité.''

''La machine moderne est chaque jour plus complexe et l'homme moderne chaque jour plus élémentaire.''

''Le véritable aristocrate est celui qui a une vie intérieure. Quels que soient son origine, son rang ou sa fortune.''

Autodidakt

Den Nicolás Gómez Dávila, d'Kand vun engem räichen Textilhändler, war tëschent den zwee Weltkricher mat sengen Elteren op Paräis geplënnert. Do gouf hien an engem Benediktinerkolléisch forméiert. An der Summervakanz goung et an England, fir do Sprooch ze léieren.

Wéinst enger Longekrankheet hat hien zwee Joer laang missten doheem bleiwen, Coursë krut hie vu privaten Enseignantë gehalen. An där Zäit krut hie Griichesch a Latäin bäibruecht kritt a konnt sech mat der europäescher Traditioun vertraut maachen. Een Unis-Studium hat hien net gemaach.

Jore méi spéit, zeréck a Kolumbien an an Tëschenzäit bestuet mat Kanner, war de Gómez Dávila vum Päerd gefall an hat sech dobäi déi zwou Hëfte gebrach. Seng Existenz hat sech duerno ëmsou méi a senger Bibliothéik ofgespillt - dat konnt hie sech als Rentier, dee sech zousätzlech duerch Administrateurs-Mandater a Banken e confortabelt Akommes geséchert hat, och erlaben. Déi Positioun erkläert duerchaus och seng Veruechtung fir Intellektueller, déi sech hir Aktivitéit nëmme mat bezuelten Opträg konnte leeschten.

''L'intellectuel démocrate ne peut choisir qu'entre être un valet de la démocratie ou un domestique du prolétariat.''

''L'intellectuel diffère autant de l'homme cultivé que les matières plastiques des matériaux nobles.''

''L'intellectuel indigné par 'l'embourgeoisement du prolétariat' ne voudrait jamais renoncer à ces choses qui l'horripilent quand il voit le prolétariat en profiter, et qui prouvent selon lui cet embourgeoisement.''

''La lecture du journal avilit celui qu'elle n'abrutit pas.''

E Liewen an Diskretioun

Fir Zeitungen an Tëlee hat de Gómez Dávila näischt iwwreg. Fir ëffentlech Optrëtter a gesellschaftlech Éieren och net - e Beroderposte beim kolumbianesche President an en Ambassadeursposten zu London hat hie refuséiert.

Bei sech doheem hat hien eng Partie Intellektueller empfaangen, deenen hie seng Aphorismen uvertraut hat - un enger Verëffentlechung an enger méi breeder Diffusioun war hien net weider interesséiert. Eréischt 1977 koum eng éischt Sammlung vu sengen Aphorismen eraus, ënner dem Titel: ''Escolios a un texto implícito'', déi bis 1992 duerch zwee weider Bänn erweidert gouf.

''Scolies pour un texte implicite'', also, woubäi mam Begrëff ''scolies'' Kommentare gemengt sinn, sou wéi ee se fréier an de Manuskripter bei onkloren Textpassagë bäigefüügt hat. Fir den Nicolás Gómez Dávila war déi kuerz Form vun den Aphorismen, Zitat: ''l'expression verbale la plus discrète et la plus proche du silence''. Déi fragmentaresch Form war fir hien am beschte gëeegent, fir seng ënnerbrachen, widderspréchlech Gedankegäng a seng provisoresch Conclusiounen erëmzeginn:

''L'homme d'aujourd'hui n'expulse pas Dieu pour assumer la responsabilité du monde.

Mais pour ne pas avoir à l'assumer.''

''La religion n'est pas née d'un besoin urgent d'assurer la solidarité sociale, pas plus que les cathédrales n'ont été construites dans le dessein de favoriser le tourisme.''

''Le prêchi-prêcha progressiste nous a perverti à un tel point que personne ne croit être celui qu'il est, mais celui qu'il n'a pas réussi à être.''

''L'incrédule s'imagine que la religion prétend apporter des solutions, tandis que le croyant sait qu'elle promet seulement de multiplier les énigmes.''

Spéit international Unerkennung

Eng gewëssen international Opmierksamkeet krut de Gómez Dávila eréischt nodeems hie Mëtt den 1990er Joren op Däitsch iwwersat, a vu konservative Schrëftsteller wéi Botho Strauß, Martin Mosebach oder Ernst Jünger gelueft gouf. A Frankräich koum 2003 eng Auswiel vu sengen Aphorismen ënner dem Titel: ''Les Horreurs de la démocratie. Scolies pour un texte implicite'' (Anatolia/Editions du Rocher) eraus.

''Le socialisme fait son fonds de commerce de la convoitise et de la misère ; le capitalisme, de la convoitise et des vices.''

''Le capitalisme rédige l'apologie du communisme tandis que le communisme rédige celle du capitalisme.''

''La littérature ne périt pas quand personne n'écrit mais quand tout le monde écrit.''

''L'insolence intellectuelle ne peut être une devise partisane : c'est un défi d'aventurier solitaire.''