Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Accès zur Kultur fir jiddwereen

Cultur'all ASBL

En Accès zur Kultur fir jiddwereen

De Kulturpass erméiglecht Mënsche mat engem nidderegen Akommes den Accès zu der Kultur. Et ass d'Associatioun Cultur'all, déi sech fir dëse Projet asetzt an e realiséiert. D'Valerija Berdi huet mat zwee Responsabelen, dem Luis Santiago an der Marianne David iwwer dës Initiativ geschwat.

auto_stories

3 min

Fir 1,50 Euro um kulturelle Liewen deelhuelen, also en Theaterstéck oder e Film am Kino kucken, e Concert oder eng Ausstellung besichen, sinn d'Ziler vun der asbl Cultur'all. Et hätt ee verschidden Zilgruppen, erkläert d'Marianne David, an dofir géif ee mat de Kulturhaiser zesummeschaffen, déi e kulturelle Programm ubidde fir Beneficiaire vum Kulturpass a fir eis Sozialpartner.

"De Pass ass fir Leit a finanzieller Nout, also Leit, deenen et net esou gutt geet, ob dat Eenzelpersoune sinn oder Familljen, déi hunn e Recht op de Kulturpass. An da ginn et d'Sozialpartner, duerch déi de Kulturpass nach méi ka verbreet ginn."

D'Sozialpartner sinn ënner anerem d'Asti, Caritas, Croix-Rouge, CEPAS, den SNJ, de CLAE, sëllegen Office Socialen vun de jeeweilege Gemengen am Land.

Méi Leit kéinten dovu profitéieren

Dës Sozialpartner kënnen den associative Kulturpass fir Leit, ëm déi si sech këmmeren, ufroen, mee och eenzel Persounen a Familljen, déi Residanten hei ze Lëtzebuerg sinn an de Krittäre vun der Zoulag vun der Allocation de vie chère, déi vum Fonds national de Solidarité ausbezuelt gëtt, entspriechen. Weider riicht sech de Kulturpass un all Demandeur de protection internationale.

"Da kënne se bei de Point de retrait goen a kréien hire Kulturpass gratis. 1,50 Euro ass dat, wat si da bezuele fir dann zum Beispill an d'Philharmonie oder an de Groussen Theater oder an d'Rotonden ze goen. Wou mir 20 oder 25 Euro Entrée bezuelen, bezuelen si 1,50 Euro."

75 kulturell Institutioune sinn am Moment mat Cultur'all associéiert. An normalen Zäiten sinn et ronn 1.700 Leit, déi de Kulturpass notzen, wärend der Pandemie huet sech d'Zuel op d'Hallschent reduzéiert.

Eng kleng Zuel vu Leit, déi de Kulturpass ze gutt hunn an dovu profitéieren, seet d'Marianne David. Et géifen tëschent 19.000 an 20.000 Stéit ginn, déi eng Allocation de vie chère kréien. De Pool vu Leit, déi de Kulturpass kréie kéinten, wier also wierklech grouss par Rapport zu deenen, déi en aktuell hunn.

Den Accès vereinfachen

Ass et dann eng Gêne, déi d'Leit dovun ofhält de Kulturpass unzefroen, Luis Santiago:

"Engersäits de Kulturpass ufroe ka schwiereg sinn, anerersäits dann de Pass benotzen, dat sinn zwou verschidden Etappen. Do hate mer wärend den zéng Joer Leit invitéiert fir sech mat de Partner auszetauschen iwwer d'Froen, firwat gëtt de Pass benotzt, wat sinn d'Schwieregkeeten, respektiv wat sinn är Virschléi, an do koum och op, datt een net forcement gären eleng anzwousch higeet, et sinn am Fong Saachen, déi all Mënsch ka verspieren, datt d'Informatiounen net ëmmer kloer sinn, och d'Angscht, net richteg ze verstoen. Dat sinn d'Retouren, déi mer kruten, da sinn awer natierlech och Leit, déi ouni Problem hire Pass benotzen. Et ass awer kloer, datt den éischte Schrëtt de schwieregsten ass."

Dofir ass et och e grousst Uleies vun der ASBL méi Leit duerch ëffentlech Aarbecht, duerch d'Kollaboratioun mat de sozialen a kulturelle Partner ze erreechen, erkläert nach de Luis Santiago, well aus deem Grond ass Cultur'all virun zéng Joer gegrënnt ginn.

"Mat der Zäit sinn net aner Projeten, mee u sech ass den Accès à la culture anescht deklinéiert ginn, wou mer da siche wéi mer eis Partner méi kënne sensibiliséieren, fir de Projet méi ze benotzen, am soziale méi un d'Kultur denken, an am kulturelle méi un dat soziaalt denken, a mëttlerweil si mer am gaange méi wäit auszehuele mat der genereller Accessibilitéit a kucken, datt mer do och Kollaboratiounen op Bee stelle mat Partner, déi d'Expertise hunn, déi fir eis awer zum selwechten Theema gehéiert."