Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eenzele léist solidaresche Protest géint mächtege Konzern aus

Nei am Kino

Eenzele léist solidaresche Protest géint mächtege Konzern aus

En Affekot deckt en Ëmwelt- a Gesondheetsskandal op a leet sech esou mam Chimieskonzern DuPont un. En zolitte politesche Film vum Todd Haynes mam Marc Ruffalo, Anne Hathaway, Tim Robbins.

auto_stories

4 min

Enn den 1990er Joren hëlt den Affekot Robert Bilott de Fall vun engem klenge Bauer aus senger Heemechtsstad un, deem seng ganz Kouhäerd futti gaangen ass. De Bauer beschëllegt de Chimieskonzern DuPont, an enger Deponie net wäit vu sengem Terrain ewech gëfteg Offäll vergruewen ze hunn. Doduerch wier d'Drénkwaasser vun de Béischte verschmotzt ginn. Am Laf vu senge Recherchë kënnt den Affekot dann engem méi grousse Skandal op d'Spuer: DuPont huet wëssentlech d'Gesondheet vun Dausenden, wann net esouguer Milliounen, Amerikaner a Gefor bruecht.

"Dark Waters" vum amerikanesche Realisateur Todd Haynes reit sech an e bekannte Filmgenre an: d'Uklo vun der Muecht, respektiv dem Muechtmëssbrauch vu groussen Organisatiounen. Dat kënnen duerchaus grouss Entreprisë sinn, déi sech op Käschte vun der Gesondheet vun hire Konsumenten oder de Gemeinschaften, an deene se implantéiert sinn, beräicheren. Sief et d'Tubaksindustrie, wéi an "The Insider" vum Michael Mann, sief et Energiekonzerner, wéi am Steven Soderbergh sengem Drama "Erin Brokovich".

Uklo géint Muechtmëssbrauch

Déi Filmer bezéie sech meeschtens op reell Affären, se si gutt dokumentéiert an nennen och d'Nimm vun den uviséierte Firmen: an deem heite Fall DuPont de Nemours. An den 2000er Jore gouf de breede Publik doriwwer informéiert, datt den anti-adhesiven Teflon op de Panen, deen de Chimieskonzern entwéckelt huet, geféierlech Substanzen enthält - eppes, wat DuPont bis dohi verstoppt hat.

David géint Goliath

"Dark Waters" gëtt aus der Perspektiv vum Affekot erzielt, deen d'Affär an d'Rulle bruecht huet a sech op eng Konfrontatioun à la David géint Goliath aléisst. Net nëmme leet hien sech mat engem groussen amerikaneschen Traditiounskonzern un, dee fir Dausenden Aarbechtsplazen an der Stad, wou de Skandal ausgeléist gouf, suergt an, fir en demokratesche System, e bëssen ze gutt mat der Politik a soss Iwwerwaachungsorganer vernetzt ass. Datt den Affekotecabinet, fir deen de Robert verschafft a wou hie grad zum Partner promovéiert gouf, normalerweis Konzerner ewéi DuPont verdeedegt, mécht d'Saach fir hien net méi einfach.

Dës praktesch hoffnungslos Ausgankssituatioun gëtt am Film duerch Kameraopname vun uewen erof verdäitlecht: hei de Bauer, dee sech mat sengem klengen Auto duerch d'Héichhaiser an der Groussstad schlängelt oder wéi verlooss op sengem Terrain viru sengem Haus steet; do den Affekot, dee sech eleng an engem Zëmmer duerch e Bierg vun honnerte Kartongskëschte mat Archiven duerchwulle muss.

Gefill vu lueser Ofnotzung

Eng Firma ewéi DuPont huet d'Suen, fir déi ganz Geriichtsprozedur aus taktesche Grënn iwwer Jore kënnen an d'Längt ze zéien. Wann de Rhythmus am leschten Drëttel vum Film zesumme mam Affekot senger Gesondheet an där vu villen Aneren noléisst, kritt och de Spectateur dat Gefill vu lueser Ofnotzung ze spieren. Déi däischter, blatzeg Faarftéin ënnersträichen dës bedréckte Stëmmung. Déi Ambiance passt och bei déi am Ralenti gefilmte Gesiichter vun anonymmen Awunner, déi, stellvertriedend fir déi ganz Communautéit, kaum schénge bereet ze sinn, fir sech ze wieren.

Et entsprécht och dem apathesche Gemittszoustand vum Haaptpersonnage, deen hei vum Marc Ruffalo - iwwregens Co-Produzent vum Film - verkierpert gëtt. Doheem bei senger ëmmer méi genervter Fra kritt hie kaum de Mond op, fir sech z'erklären. An awer geléngt et dem Affekot d'Energie opzebréngen, fir seng onméiglech Aufgab mat Determinatioun duerchzezéien.

Den Eenzele kann eng Dynamik ausléisen

Nëmme kuerz gëtt am Film op dat higewisen, wat hien zudéifst motivéiert: seng bescheiden Originnen. De Robert Bilott ka sech mam betraffene Bauer an och Klengstad identifizéieren, well hien do opgewuess ass, seng Boma de Bauer kennt, an hien als Kand bei deem sengem Terrain gespillt huet.

Esouguer als David, als Eenzelen, kann hien eng Dynamik ausléisen an Alliéierter op seng Säit bréngen, wéi zum Beispill dëse Partner am Affekotecabinet, deen en passant erwäänt, datt hien de Jong vun engem Schmelzaarbechter ass. De Film weist, wéi déi an Amerika staark ausgepräägte Solidaritéit bannent lokale Gemeinschaften duerchaus als Géigegewiicht zu enger - dem Uschäin no - iwwermächteger Organisatioun ka mobiliséiert ginn.

Den Drama "Dark Waters" vum Todd Haynes glänzt manner duerch Originalitéit, dofir ëmsou méi duerch eng effikass, gekonnt inzenéiert Geschicht - ganz an der Traditioun vun engem wichtege politesche Kino, wéi d'Amerikaner en drop hunn.