Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Een Discours iwwer d'Grenzen

Literatur

Een Discours iwwer d'Grenzen

An der Serie "Discours sur la littérature", déi de Centre National de Littérature publizéiert, ass dat sechst Band elo eraus komm. Den Auteur an dësem Band ass de Jean Portante, dee seng Iwwerleeungen an Approchen iwwer d'Schreiwen an d'Literatur fest gehalen huet.

auto_stories

3 min

Am Oktober 2017 war de Jean Portante ee Mount an der Autoreresidenz am Haus vum Robert Schuman zu Scy-Chazelles bei Metz. Do ass ee groussen Deel vu sengem Stéck "Frontalier" entstanen, dat viraussiichtlech am Mäerz 2021 am TNL opgefouert gëtt.

A sengem "Journal de bord", an dëser Nummer vum "Discours sur la littérature" publizéiert, sinn d'Grenzen en onëmgängleche Sujet.

Et ass ee banneschten Discours iwwer d'Grenzen an all hire Formen: déi reell, tëschent de Länner am Laf vun der Zäit, wou de Portante Exkursen an d'Geschicht vun Europa ënnerhëlt, politesch a literaresch; déi aktuell, déi an engem vereenten Europa op d'mannst um Pabeier net sollen existéieren. An och d'Grenz, déi de Frontalier all Dag iwwerschreit, fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen.

Den Auteur wërft seng eege Grenzen op

"Les destinées, souvent, ne tiennent qu'à un fil. Le fait de vivre d'un côté ou de l'autre d'une frontière aussi."

An dësem Gedankefloss konfrontéiere sech de Passé an de Present, Realitéit a Fiktioun. Do entsteet och ee Reiwen tëschent all dësen Iwwerleeungen an dem Wonsch, dat alles an een Theaterstéck fléissen ze loossen.

"Mais comment effacer dans les têtes plus de mille ans de frontières? Et comment mettre cela dans ma pièce de théâtre?"

Och do geet et ëm Grenzen, déi et ze iwwerwanne gelt, och déi ganz profan: schreiwen ech u mengem Roman weider, um Theaterstéck? Un engem Gedicht?

Wéi entsteet iwwerhaapt dës Literatur?

"La frontière est la goutte entre deux tristesses."

Dëse Saz ass de Point de départ fir eng Analys vum eegene Schreiwen, der Bedeitung an der Interpretatioun. "La poésie naît quand les mots quittent. Leurs mondes respectifs pour aller se mêler à ceux des autres mondes."

A vun den eenzele Sätz an Aussoe kënnt et zum ganze Buch: "Ma première phrase je me l'adresse à moi même."

Dësen éischte Saz hätt just eng Aufgab: "Ouvrir la porte du livre. Comme une clé."

Italie spillt natierlech och an dësem Text déi éischt Gei: "Je suis né pour retourner au lieu de l'origine. J'écris pour retourner au lieu de l'origine."

An do kënnt natierlech d'Sprooch oder besser gesot d'Sproochen zum Virschäin. A wéi enger Sprooch denkt hien, dëse Schrëftseller, deen houfreg drop ass an Italien een Auteur italo-étranger genannt ze ginn.

"En réalité, je suis un nomade linguistique..."

Do si mer erëm bei de Grenzen an all hire Formen a bei der Baleine. Mee dat ass eng aner Geschicht, op alle Fall eng, déi een net vergiesse soll ze eisen. Grad wéi dëse "Journal de bord", deen am Kapp vill Grenzen opmécht, verwëscht a verschwannen deet.