Invité am Moies-Magazin Ee renomméierte Kenner vum Alexander von Humboldt

Den Ottmar Ette ass Romanist a Komparatist, d'Frankophonie an d'Hispanologie si seng Fuerschungsgebidder. Nieft dem Roland Barthes an dem José Marti ass den Alexander von Humboldt (1769 - 1859) dee Protagonist, deem den Ette vill Zäit vu sengem Liewen dediéiert huet.

Valerija Berdi / cbi

Ottmar Ette a Valerija Berdi
Den Ottmar Ette zesumme mam Valerija Berdi

"Alexander von Humboldt und die Globalisierung" ass net dat éischt Wierk vum renomméierten Humboldt-Kenner, mee wuel dat komplexstent. Hie setzt den Humboldt an den historeschen a soziokulturelle Kontext, erkläert d'Ëmfeld an deem den Humboldt gelieft, gereest a gefuerscht huet.

De Stand vun der Wëssenschaft um Enn vum 18. Joerhonnert, ekonomesch a geografesch Expansioun, d'Siicht op déi "Nei Welt" an hir Bewunner, d'Iwwerzeegung, datt net-Europäer mannerwäerteg wieren, hunn deemools de Kolonialismus gerechtfertegt.

Mam Humboldt koum et zu engem Paradigmewiessel. De Fuerscher ass éischter als Naturwëssenschaftler bekannt, deen Dausende vun neie botaneschen Aarten entdeckt huet, manner als fortschrëttlechen Denker, Humanist, Vertrieder vum Ëmweltschutz a Kämpfer géint de Kolonialismus a fir d'Gläichberechtegung vun alle Mënschen.

Den Ottmar Ette versetzt sech a senger Fuerschung an a sengem Schreiwen an den Alexander von Humboldt an hëlt och deem säi Modell u bei senger Aarbecht.


D'Valerija Berdi huet sech mam Ottmar Ette ënnerhalen

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Lambert Schlechter - Je n'irai plus jamais à Feodossia
Literatur

"Je n'irai plus jamais à Feodossia" ass den néngte Volume vum Lambert Schlechter senger Serie vu kuerze Prosatexter "Le Murmure du monde". Dës Kéier steet d'Vergänglechkeet vum Liewen am Mëttelpunkt.

Peter Handke - Don Juan
Een Thema, e Buch

Dem Nobellaureat Peter Handke säin Don Juan entsprécht net an alle Punkten deem sengem eegene Mythos vum Fraeverféierer. Kann et sinn, datt vläicht dem Molière an dem Mozart hir Don Juanen déi falsch waren?

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen