De Roman "Die Klasse von 77" vum Francis Kirps beschreift den Dram vun 9-järege Kanner, déi eng Punk-Band grënne wëllen. Och wann dat op den éischten Androck kannereg kléngt, ass dat, wat de Francis Kirps op Pabeier bréngt just de Contraire: et ass eng Geschicht, déi duerch e seelen intelligenten, villschichtegen a subtillen Humor just begeeschtere kann.
Den Auteur schafft deelweis mat Klischeeë fir seng Figuren esou iwwerspëtzt ze zeechnen, datt ee sech och mol u Geschichte wéi déi vum "Petit Nicolas" erënnert. Seng Charakteren hätt hie sech entwéckele gelooss an hien hätt si net bewosst an eng sougenannten Ënner- an Uewerschicht agedeelt, mä déi Erwuessen als Karikaturen hätt hien awer bewosst als räich Elteren duergestallt, erzielt den Auteur. D'Kanner hätt hie probéiert wéi Kanner sinn ze loossen mä e puer Figuren hätt hie gebraucht, déi aus der Rei géife falen an déi et an der Realitéit esou net géife ginn. Dat wier dat satirescht Element, dat hien erabrénge wollt.
Kanner méi erwuesse wéi Erwuessener
Egal wéi humorvoll hien dës Kanner beschreift, hëlt hie si seriö a stellt si zu kengem Moment lächerlech duer. D'Protagoniste klénge wéi een Deel vum Schrëftsteller, sou wéi wann hie si geduecht, an net ausgeduecht hätt.
Fir de Francis Kirps ass et kee ganz realistescht Buch an hien huet seng Personnagen an een Duerf zu Lëtzebuerg geluecht, an deem si vun der Welt net vill matkréien. D'Kanner wieren am Buch méi erwuesse wéi déi Erwuesse selwer mee si géifen zwar den Text op Englesch vun enger "Velvet Underground"-Plack lauschteren, mä net verstoen ëm wat et geet, sou de Francis Kirps.
Dat wier d'Komik an d'Fallhéicht vun der Geschicht. Punk wier esou gewiescht, datt een eng Gittar geholl hätt ouni am Ufank kënnen ze spillen, doraus géif eng Band entstoen an duerno wier déi ganz Schoul domat am Gaangen.
Intellektuell, mee net forcéiert
Wie sech awer hei just e witzege Roman erwaart, dee gëtt enttäuscht. Dem Francis Kirps geléngt et, dem Buch eng Intellektualitéit anzehauchen, déi zu kengem Moment opgesat a forcéiert oder prätentiéis kléngt. Et ass ee regelrecht Konschtwierk dat esou hin ze kréien.
D'Personnage probéieren am Ufank d'Band fir sech ze hale mä d'Meedercher kommen hinnen op d'Schlëch a grënne selwer eng Band.
"An déi maachen dat natierlech alles e bësse besser an e bësse méi genau an dat widderprécht jo am Fong e bëssen dem Punk, dat ass jo dat wat ech erabruecht hunn. Dee Widdersproch deen am Punk dran ass. Dass ee seet "keen Establishment, mir maache wat mir wëllen" a gläichzäiteg wëlls de awer vläicht Erfolleg hunn. An dat geet duerch d'ganzt Buch."
D'Freed, déi de Francis Kirps beim Schreiwen hat, ass beim Liesen gutt ze spieren. U sech war hien net virbereet fir ee Roman ze schreiwen, et hätt sech esou erginn. Doduerch hätt hie sech net dee selwechten Drock gemaach wéi Kollege vun him, déi och aus der "Lesebühne"-Zeen kommen. Säin Editeur hätt hien och gewäerde gelooss - an awer hätte si vill gekierzt, dorënner och Witzer déi just him gefall hunn.
Keng Fortsetzung geplangt
Op Rotschléi vun avertéierte Schreif-Kollegen huet den Francis Kirps vläicht net ëmmer gelauschtert, wat awer ganz gewëss net zum Nodeel war. Och wann déi him gesot hunn, datt ze vill Bands am Buch wieren.
Et wier vläicht e bëssen een ustrengenden Deel an der Mëtt vum Buch, seet den Auteur. Ze vill wëll hien awer net iwwert d'Buch verroden. Just, datt et wahrscheinlech keng Fortsetzung vun der "Klasse von 77" gi wäert well hie léiwer hätt wann d'Leit traureg, wéi frou sinn, datt et eriwwer ass.