Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ech hunn dech gär! Ech haassen dech!

Netflix

Ech hunn dech gär! Ech haassen dech!

Eng jonk Koppel léisst emol uerdentlech d'Loft eraus: am schwaarz-wäisse psychologesche Huis clos ''Malcolm & Marie" wiessele sech d'Gefiller séier of, tëschent waarm a kal, Roserei an Zäertlechkeet.

auto_stories

3 min

D'Marie an de Malcolm komme vun enger Soirée zeréck heem. Hien huet grad déi erfollegräich Première vu sengem éischte Film als Realisateur hanner sech. Allerdéngs deelt d'Marie seng Euphorie net : déi jonk Fra geheit hirem Liewenspartner vir, et bei senge sëllege Remerciementer vergiess ze hunn. Domat ass de Sträit ausgebrach - fir allebéid ass et d'Geleeënheet fir emol anstänneg Loft erauszeloossen.

De Begrëff Simplicitéit trëfft et wuel am beschte fir de psychologesche Huis clos ''Malcolm & Marie'' ze beschreiwen: nëmmen zwee Acteuren, een zwar luxuriéist Appartement, mee als eenzegen Dekor, eng praktesch a Realzäit duergestallten Handlung, dat Ganzt mat engem vergläichsweis bescheidene Budget vun 2,5 Milliounen Dollar gedréint.

Schwaarz-wäiss

An dann ass de Film och nach schwaarz-wäiss. Am Fong e sënnvollen ästheetesche Choix, well en d'Iddi vu Konfliktualitéit a Biller ëmsetzt: schwaarz a wäiss, wéi zwee Géigesätz, déi openee stoussen, mee och wéi de permanente Wiessel tëschent negative Momenter, wou d'Roserei aus engem erausplatzt a positive Momenter vu Rou an Zäertlechkeet.

Eng schwaarz-wäiss Fotografie, déi net zulescht och den Usproch vum Autorekino soll signaliséieren, an et fillt een sech iergendwéi och ''Faces'' vum John Cassavettes erënnert. Anescht wéi an deem moderne Klassiker vun 1968 geet et hei net ëm eng vum Liewe getéitschten eeler Koppel, mee ëm iwwervitaminéiert Mëtt-Zwanzeger bis Mëtt-Drësseger.

De Ping-Pong an där Koppel dréckt sech am Ufank vum Film och via d'Kamera-Aarbecht aus. D'Fra steet zeréckhalend an der Kichen ouni e Wuert ze soen, de Mann, nach ganz opgereegt vu sengem Succès, quaselt drop lass an trëppelt ongedëlleg hin an hier, woubäi d'Kamera hien ëmmer erëm vu lénks no riets a vu riets no lénks an enger säitlecher Kamerabeweegung begleet.

Verbal Dueller

''Malcolm & Marie'' ass e Film vu Fils à papaen: de Realisateur Sam Levinson ass de Jong vum bekannte Regisseur Barry Levinson, an den John David Washington, deen hei de Malcolm verkierpert an als ee vun de Produzente firméiert, ass de Fils vum Acteur Denzel Washington.

D'Energie, déi en d'lescht Joer a senger ganz funktioneller Agenteroll am Christopher Nolan sengem Science Fiction-Thriller ''Tenet'' konnt auslueden, fënnt dës Kéier e Ventil an engem intimisteschen Drama. Säi weibleche Géigepart, déi nach jonk Actrice Zendaya, léisst sech och net vun ëm ënnerbotteren a huet sengem dach impressionnante Sproochfloss duerchaus eppes entgéint ze setzen.

Dës verbal Dueller, respektiv déi rigide Suite vu waarm-kalen Tiraden, léisst sech eng Stonn laang aushalen, duerno wierkt et deelweis ze theatralesch an déck opgedroen, alles an allem zimmlech ermiddend: déi 106 Minutten, déi et um Enn sinn, hätt een dofir kënnen - soe mer mol - op knackeg 80 Minutte reduzéieren. Fir keng Langweil opkommen ze loosse war de Realisateur Sam Levinson clever genuch, d'Kamera-Astellungen op enkstem Raum ze variéieren.

Neien afro-amerikanesche Kino

Dobäi ass dat, wat am Film gesot gëtt, net oninteressant. Dat betrëfft elo manner d'Jalousieszeene wéi beispillsweis d'Diskussioun iwwer den Zoustand vum afro-amerikanesche Kino. Kënne schwaarz Realisateuren hautdesdaags einfach nëmme reng kënschtleresch Projete realiséieren, ouni systematesch musse politesch ze sinn an d'Situatioun vun deene Schwaarzen an den USA an de Virdergrond stellen?

Also méi Spike Lee oder awer méi Barry Jenkins? De Personnage vum Malcolm, dee selwer net méi aus einfache Verhältnisser kënnt mee aus enger wuelsituéierter Famill aus der Mëttelklass, nennt déi zwee als seng Virbiller.