Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Natalie Prass - The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E rosene feministesche Porno

Een Thema, e Buch

E rosene feministesche Porno

Eng radikal Gesellschaftskritik a Form vun engem pornografesche Roman: mat ''Lust'' hat déi éisträichesch Nobelpräis-Laureatin Elfriede Jelinek 1989 den Zesummenhang gemaach tëschent der sexueller Herrschaft vu Männer iwwer Fraen an der Ausbeutung vun den Aarbechter duerch d'Kapitalisten.

auto_stories

5 min

Si hätt effektiv wéilten e pornographesche Roman schreiwen, e Porno aus der Siicht vun enger Fra, sot d'Elfriede Jelinek no der Verëffentlechung, 1989, vun hirem Buch ''Lust''. Allerdéngs wier et hir net gelongen. An den Ae vun der éisträichescher Schrëftstellerin wier d'Sprooch vun der Pornographie, dës brutal Sprooch, eng Sprooch vu Männer:

''Wie ein Frosch muß die Frau ihre Beine seitlich anwinkeln, damit ihr Mann in sie möglichst weit, bis ins Landesgericht für Strafsachen, hineinschauen und sie untersuchen kann. Sie ist vollgeschüttet und vollgeschissen von ihm, muß aufstehen, die letzten Hülsen auf den Boden fallen lassen und einen Hausschwamm holen gehen, den Mann, diesen unversöhnlichen Feind ihres Geschlechts, von sich und dem Schleim, den sie hervorgerufen hat, zu säubern. Er steckt ihr den rechten Zeigefinger tief ins Arschloch hinein, und mit pendelnden Zitzen kniet sie über ihm und schrubbt, Haare in Augen und Mund, Schweiß auf der Stirn, fremden Speichel in der Halsgrube, den blassen Killerwal dort vor ihr, so lang, bis das freundliche Licht herunterfällt, die Nacht kommt und dieses Tier aufs neue mit seinem Schwanz zu peitschen beginnen kann.''

Stellvertrieder vun de Männer an de Fraen

''Lust'' erzielt d'Geschicht vum Hermann, dem Direkter vun enger Pabeierfabréck, an deem senger Fra Gerti, eng Hausfra, déi de sexuelle Wënsch vun hirem Mann ausgeliwwert ass. D'Loscht, déi am Roman beschriwwe gëtt, ass dem Hermann seng Loscht, respektiv déi vun de Männer am allgemengen:

''die Männer mit ihren schweren Schöpfungsgeräten, die Handwerker ihrer Lust''.

D'Gerti, stellvertriedend fir d'Fraen, ass passiv, si huet zur Verfügung ze stoen:

''Diese Frau hat nicht das Herz, sich abzuschlagen, sie wandelt wehrlos. Der Mann ist immer bereit und freut sich auf sich.''

Den Hermann géif jo gäre säin Driff mat anere Frae befriddegen. Mee d'Angscht virun AIDS beweegt hien, seng sexuell Wënsch a Perversiounen doheem z'erfëllen:

''Dem Mann genügt eine allein nicht, doch die drohende Krankheit hemmt ihn, seinen Stachel auszufahren und Honig zu saugen. Eines Tages wird er darauf vergessen, daß sein Geschlecht ihn hinwegzuraffen vermag, und er wird einen Teil von der Ernte einfordern : wir wollen Spaß !''

Sexuell Dominatioun a wirtschaftlech Ausbeutung duerch de Patriarchat

''Lust'' war bei senger Verëffentlechung vun der Press an Däitschland an an Éisträich gréisstendeels verrass ginn. Vill haten dat Buch als e schlechte Porno gelies, a Wierklechkeet geet et ëm eppes ganz aneschters. ''Lust'' ass ee politesche Roman, eng bësseg a villsäiteg Kritik vun der Gesellschaft, an där den Zesummenhang gemaach gëtt tëschent der Dominatioun vun de Männer iwwer d'Fraen an der Ausbeutung vun den Aarbechter duerch d'Kapitalisten:

''Man hört ihn überall unter seinem Dach, wie er mit seinem schweren Penis in die Rastplätze seiner Frau kracht, wo er sich endlich ausleeren kann. Erleichtert um sein Produkt, geht er wieder hin zu den Kleinsten der Wesen, die unter seiner Leitung ihr eigenes Produkt erschaffen. Das Papier, das sie gemacht haben, ist ihnen fremd und wird auch nicht lange bestehen können, während ihr Direktor sich schreiend wälzt unter den Stößen seines Geschlechts, mit dem er verwandt ist.''

''Ich beschreibe den Sex in Kreisen, in denen die Männer Macht haben und es gewohnt sind, daß man vor ihnen zittert'', sot d'Elfriede Jelinek deemools an engem Interview mat der Zeit. Den Hermann ass ee vun dëse Männer, déi hir sozio-ekonomesch Muecht wéi selbstverständlech op hir Bezéiung mat der Fra doheem iwwerdroen:

''Menschen zählen für diesen Direktor einfach, indem sie Menschen sind und verbraucht werden oder zu Verbrauchern gemacht werden können.''

Ästhetik vun der Pornographie

D'Elfriede Jelinek, Laureatin vum Literaturnobelpräis 2004, gëllt zënter Joerzéngten an hirem Heemechtsland als sougenannten ''Nestbeschmutzerin''. Si hält hire Landsleit ee Spigel virun d'Gesiicht. Mat hirem Theaterstéck mam Titel ''Burgtheater'' hat si 1983 ee Skandal ausgeléist. Am Stéck gëtt d'Nazi-Vergaangenheet vun éisträichesche Kënschtler beliicht. Méi ewéi eemol hat d'Jelinek d'Opféierung vun hiren eegenen Theaterstécker an Éisträich verbueden.

D'Elfriede Jelinek ass virun allem als Sproochkënschtlerin bekannt. Hire Roman ''Lust'' spruddelt nëmmen esou vu Metapheren, si vermëscht déi verschiddenste Sproochregëstere mateneen, d'Vulgaritéit vun de Massemedie kollidéiert mat ganz recherchéierten Ausdrocksformen. ''Ich habe versucht, ästhetisch zu fassen, wovon eine ganze Industrie, die Pornoindustrie, lebt, nämlich, daß in die Frau dauernd etwas hineingesteckt wird.''

Mee d'Buch ass keen einfache Kascht, wéinst deem wat beschriwwe gëtt, well et bewosst repetitiv ass. Et soll degueulasse sinn, et soll stéieren, et soll indignéieren. ''Literatur der zornigen Auflehnung'' hat d'Autorin hir Aarbecht selwer mol genannt:

''So steht die Frau still wie eine Klomuschel, damit der Mann sein Geschäft in sie hineinmachen kann.''

(...)

''Neuerdings hat er seiner Frau Gerti auch verboten, sich zu waschen, denn auch ihr Geruch gehört ihm ganz. (...) Wie einen Faden soll diese Frau ihre Gerüche nach Schweiß, Pisse, Scheiße hinter sich herziehen, und er kontrolliert, ob der Bach auch brav in seinem Bett bleibt, wenn er's verlangt. Dieser lebende Abfallhaufen, wo die Würmer und Ratten graben.''

Fir d'Gerti bleift just nach d'Flucht no vir. Hannert der Fassad vum jonke Liibhaber, mat deem si sech eng romantesch Eskapad versprécht, stécht a Wierklechkeet och just de gewaltbereete Mann. A souguer an hirem klenge Bouf gesäit si just eppes : de Mann, deen d'Frae spéiderhi wäert ënnerdrécken. Wéi esou dacks bei der Elfriede Jelinek, kritt dat Ganzt kee gutt Enn.