Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Kibbuz zu Altwis

Judden zu Lëtzebuerg

E Kibbuz zu Altwis

Vun 1933 bis 1937 gouf et zu Altwis e Kibbuz, an deem jonk Judden op d'Auswanderung no Palestina virbereet goufen. De Frédéric Braun huet dëst Kapitel fir eis opgeschafft.

auto_stories

6 min

Zu Altwis bei Munneref steet en dräistäckegt Haus, déi Säit vun der Gander, also technesch gesinn zu Mondorf a Frankräich, an dach mat der Fassad zum Duerf hin, also no Lëtzebuerg gedréint.

Tatsächlech trennen d'Gebai vun der Grenz dann och just e puer Schrëtt. Eng kleng Bréck féiert op déi aner Säit. Mee eigentlech fält dat kaum op, an d'Wiser hunn och ni esou gemaach, wéi wann dëst Gebai aus Hasteng net zu Altwis gehéiere géif.

Ëmmerhin huet hei de Victor Hugo gewunnt, wéi hei jiddweree weess, an och op enger futtisser Plack un der Fassad vermierkt ass. Wéineger bekannt ass, datt an dësem Gebai - also am fréieren Hotel de Paris - tëscht 1933 bis 1937 eng jüddesch Jugendorganisatioun aquartéiert war. Dës Organisatioun, Hechaluz - de Pionéier - genannt huet an den 30er vum leschte Joerhonnert uechter Westeuropa eng ganz Partie landwirtschaftleche Betriber bedriwwen, mam Zil Judden aus ganz Europa op d'Emigratioun a Palestina virzebereeden.

D'Judden am 19. Joerhonnert

Den Antisemitismus war schonn zanter Enn vum 19. Joerhonnert nees eng spierbar Bedreeung gi fir vill Judden, virun allem a Russland mat sengem juddefeindlechen Zar Alexander III. Mee och a Frankräich war duerch d'Dreyfus-Affär vill Porzeläin zu Broch gaangen a wann et hei och net zu oppene Gewaltzeene komm ass, esou war d'Klima zanterhier vergëft.

Mat der Muechtergräifung vun de National-Sozialisten an Däitschland gouf et allerdéngs keen Zweiwel méi, datt den Antisemitismus, wa sech d'Nazien da mat hirer rassebiologescher Doktrinn géifen an Europa duerchsetzen, zu liewensbedreelechen Ëmstänn fir déi europäesch Judde féiere géif.

Fir d'Judden am Osten, déi scho méi laang ënner Pogrome gelidden hunn, déi mol vun der orthodoxer Kierch, mol vun antibolschewistesche Kräften an d'Weeër geleet goufen, war déi Gefor definitiv méi real wéi fir déi am Westen, wou zanter der Emanzipatioun am 19. Joerhonnert d'Judde sech vollkommen an d'Gesellschaft integréiert haten, deels schéi Karriäre gemaach haten, an de Kricher fir hiert Land gekämpft a gestuerwe waren, a Relioun dacks just nach um Rand eng Roll gespillt hunn.

Eng Hashara zu Altwis

Dat erkläert dann och firwat eng jüddesch Jugendorganisatioun, déi d'Leit op d'Emigratioun a Palestina virbereede wëllt, ënner anerem duerch Landwirtschafts- an Hebräesch-Coursen, a Westeuropa an och zu Lëtzebuerg als éischt mol virsiichteg opgeholl ginn ass.

Zwar gouf et Kontakter mat der lokaler jüddescher Communautéit, beispillsweis mam Groussrabbiner Serebrenik, dee spéider bis op Berlin bei den Adolf Eichmann héchstperséinlech d'Schicksal vun der Lëtzebuerger Judde verhandele goe wäert. Insgesamt awer stoung een dëser Beweegung, déi Elementer aus der Scoutebeweegung mat der Organisatioun vun enger sozialistescher Kolchos verbonnen huet, awer kritesch géigeniwwer.

Dat sollt awer net verhënneren, datt zu Altwis eng richteg Hashara (hebräesch fir Virbereedung) entstoe sollt. Mat Haolim (d'Immigranten op Lëtzebuergesch) krut d'Haus dann och e Numm an huet sech vun enger Brochbud a kierzester Zäit zu enger duerchaus presentabeler Herberge entwéckelt, fir eng Dose Jonker vun 1934 un, dono mat 20 Zëmmer fir jee zwou Persounen.

Ronderëm d'Gebai fanne sech haut nach d'Iwwerreschter vu sechs Zären an enger Bamschoul, déi deemools ugeluecht goufen. Am Haff goufen Héngerställ fir 120 Déiere gebaut. Et gouf eng Schräinerei, e Schouster an esouguer e Coiffeur. Am Haus gouf Elektresch verluecht, eng Toilette an eng Dusch installéiert. An de Stäck doriwwer gouf et eng Bibliothéik, "Sifrija" op hebräesch, e groussen "Oulam", gemengt ass e Sall an deem giess gouf, an deem awer och sougenannten "Sichot", also Liesunge mat uschléissenden Diskussioune stattfonnt hunn.

De Problem war, datt bei aller Emsegkeet de Kibbuz Haolim vun Altwis Schwieregkeeten hat iwwer d'Ronnen ze kommen. Et war awer och alles e bësse chaotesch organiséiert an den éischte Joren. Esou erzielt de Kurt Goldstein, Journalist, Spueniekämpfer a laangjärege President vum Internationalen Auschwitzkomitee, dee vun 1933 un zu Altwis d'Gerance iwwerholl hat, datt sech hei Jongen a Meedercher géifen Duschen deelen.

Esou stoung et zumindest an engem Rapport iwwer de Kibbuz vun Altwis, deen aus Frankräich eraus verwalt gouf. Mee dat war wuel z'erwaarde wann an engem frieme Land, Jonker aus allen Häre Länner ouni Elteren op engem Koup versammelt sinn

Aner Strukturen am Land

Zu Altwis selwer erënnert dann haut näischt méi un dës Episod aus der lokaler Geschicht, déi een a verschiddene Publikatioune verspreet noliese kann - esou am Perez Leshem sengem Strasse zur Rettung. Als Fritz Lichtenstein an Däitschland gebuer, war de Perez Leshem den Direkter vum Hechalutz, dem Daachverband vun den zionistesche Jugendorganisatiounen.

Hei kann een dann och noliesen, datt Altwis bei wäitem net déi eenzeg Plaz war, wou jonk Judden op hir "alija", also hir Emigratioun an d'Helleg Land, virbereet goufen. Am Raum Iechternach gouf et eng änlech Struktur mat Leit, déi als Kniet op Häff an der Ëmgéigend geschafft hunn. Fir Chrëschtdag, oder villméi Chanukka, 1935 huet et ausserdeem eng grouss Feier ginn um Schlass zu Wëntreng, wou all Chaluzim - als Pionéier - aus der Géigend zesumme koumen.

Et gëtt ee beim Perez Leshem awer och eppes iwwer d'Verhandlunge mat der lokaler jüddescher Gemeinschaft gewuer, déi deem ganzen éier skeptesch géigeniwwer stoung, an dach ënnerstëtzend opgetrueden ass. Dat louch emol dorunner ,datt sech déi reliéis Uféierer hei am Land éier net dem Lénkszionismus verschriwwen haten, anerersäits d'Luxemburger Wort mat tendenziéise bis antisemitteschen Artikele géint déi vill jüddesch Flüchtlinge gestänkert huet, déi an den 30er op Lëtzebuerg komm waren - eng muttwëlleg Aktioun, déi déi lokal jüddesch Autoritéit a Verleeënheet bruecht huet, engersäits well si doduercher mat Leit assimiléiert ginn ass, déi dacks aus Osteuropa gestaamt hunn, a mat deenen si kulturell wéineg Verbindungen haten, anerersäits well domadder hire soziale Status sollt kapott gemaach ginn.

Parallel dozou gouf et eng Awanderungspolitik vu säitens de Lëtzebuerger Autoritéiten, déi obwuel hei am Land e Mangel un Aarbechtskräfte bestanen huet an der Landwirtschaft, ee léiwer kathoulesch Polen heihinner bestallt huet wéi jüddesche Flüchtlingen eng Chance ze ginn.

Dat erkläert dann och firwat de Rabbiner Serebrenik d'Ënnerstëtzung vum Kibbuz zu Altwis dovunner ofhängeg gemaach huet, datt d'Hashara hiren zionistesche Kommitee opléist, eng Tatsaach, déi de Perez Leshem selwer virun allem politesch interpretéiert huet. Hei wier der Aarbechterbeweegung e Rigel virgeschobe ginn aus politesche Grënn, fir datt di eege Positioun an der zionistescher Beweegung net geschwächt géif.

Firwat de Rabbiner Serebrenik elo esou an net anescht entscheet huet, ass schwéier auszemaachen. Tatsaach ass, datt sech hei scho politesch Heemechten erauskristalliséieren, déi sech och am spéideren Israel an der politescher Landschaft erëmfannen, mee déi och maache wäerten, datt den Holocaust éischter aus westeuropäescher Perspektiv erzielt gëtt, an een dat wat hanner dem Rideau passéiert ass, z.B. an der Ukrain wou Deels bis haut net all jüddesch Massegriewer verort sinn, einfach ausgeblent huet - änlech, wéi bis haut dat kolossaalt sowjetescht Leed.