Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E ganz normaalt Liewen op 600 Säiten

Pauline Stulin - Bei mir zuhause

E ganz normaalt Liewen op 600 Säiten

600 Säiten huet d'Graphic Novel "Bei mir zuhause", an där d'Paulina Stulin e Queeschschnëtt vun hirem eegene Liewe festhält a probéiert, quasi ongefiltert ze weisen, wat si erlieft a denkt, egal ob dat elo eppes Besonnesches oder ganz Alldeegleches ass.

auto_stories

1 min

De Comic ass en Experiment am Realismus, net nëmme wéinst senger Längt, mee och, well e mat sengem breede Stréch an de kräftege Faarwen un d'Molerei vum spéiden 19. Joerhonnert erënnert.

E groussen Deel vu "Bei mir zuhause" spillt an der eegener Wunneng. Et ginn Zeenen, déi ëmmer erëm kommen, wéi de Bléck aus der Fënster, mee och de Bléck op déi eidel Säit, wou d'Zeechnerin hiert eegent Schafe reflektéiert, oder och de Bléck an de Spigel.

Schéinheetsidealer an de gesellschaftlechen Drock fir dës ze erfëllen, spillen eng zentral Roll. Donieft trëfft sech d'Paulina mat Frënn, feiert, geet an d'Vakanz, diskutéiert iwwer Gott an d'Welt an engagéiert sech politesch. "Bei mir zuhause" ass och e Portrait vun der Generatioun vun de Millenials, mat hirer Liewensastellung, hir Ängschten an Hoffnungen.

Et kann een der Graphic Novel virwerfen, datt se dacks trivial ass, vläicht och exhibitionistesch, mee stilistesch ass se ganz staark. D'Paulina Stulin huet e ganz eegenen Zeechestil an e gutt Gespier fir Layout a Struktur, déi d'Buch iwwer déi 600 Säiten droen.

Et stécht also vill dran an "Bei mir zuhause", net nëmme vun der Säitenzuel, mee och vun der Déift, mat där vill verschidden Aspekter aus dem Liewe vun enger jonker Fra vun haut thematiséiert ginn.