Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "E Film soll kee politesche Manifest sinn"

Film

"E Film soll kee politesche Manifest sinn"

Den iranesche Realisateur Asghar Farhadi gëllt weltwäit als ee vun de Meeschtere vun der Siwenter Konscht. Hie war President vum internationale Jury um leschte Luxembourg City Film Festival.

auto_stories

1 min

Asghar Farhadi

"Une Séparation", "Le Passé", "Le Client", "Todos los saben", "Un Héros"... A knapp zwee Joerzéngten huet den Asghar Farhadi néng Filmer gedréint. Filmer, fir déi en och dacks mat prestigiéisen internationale Präisser belount gouf, dorënner zwee Oscaren an ee Gëllene Bier.

Den Asghar Farhadi ass sécherlech ee vun de groussen Nimm vum iranesche Kino, nieft Leit ewéi Jafar Panahi, Abbas Kiarostami oder nach Mohsen Makhmalbaf.

Um Bord vum Luxembourg City Film Festival, wou hien déi international Jury presidéiert huet, hu mer d'Geleeënheet ergraff, fir mam Asghar Farhadi ze schwätzen: iwwer d'Gespréichegkeet an iranesche Filmer, d'Duerstellung vu moralesche Konflikter, d'Liewe vun engem Realisateur am Iran an d'Verhältnes tëschent Politik a Filmkonscht.


Lauschterenplay_arrow