Aus engem Drama iwwert Mënscherechter, gëtt e "Super Hero-Thriller", gemëscht mat Fantasy a schwaarzer Komedie. Dobäi kënnt och nach ee reliéise Message, a mer hunn dem Kornel Mundruczo säi fonkelneie Genre-Film. Verschiddener waren deemno e bëssen duercherneen nodeems se aus dem Film eraus komm sinn. Dat ass well een den Thema vum Film net komplett géif verstoen, esou de Kornel Mundruczo. Net verstoe, op et elo e Film iwwert d'Flüchtlingskriis oder iwwert eng Relatioun tëscht engem Mann, dee keng Repère méi a sengem Liewen huet an engem Migrant wär. Et kéint, fir de Realisateur, alles an engems sinn.
E weidere Film iwwert d'Flüchtlingskriis
"Jupiter's Moon" ass ee vun de ville Filmer dëst Joer iwwer d'Flüchtlingskrise an Europa. Mee de Mundruzco péckt de Sujet op eng ganz speziell Aart a Weis un. De Film fänkt mat enger Zeen un an der syresch Migranten vun der ungarescher Grenzpolice verfollegt ginn. Dobäi gëtt den Aryan e puer mol erschoss. Hie stierft awer net mee säi Kierper fänkt un ze fléien. A genee dës magesch Kraaft dréit duerch de ganze Film.
Suen bestëmmen d'Liewen
De jonke Syrer Aryan gëtt vum korrupten Dokter Stern opgeholl. Deen am Aryan am Ufank just ee Moyen gesinn huet fir Suen ze maachen. Sech duerno awer lues a lues zum Held entwéckelt a géint eng korrupt an zynesch Societéit kämpft. Eng Gesellschaft déi just no Sue strieft an souguer d'Wonner net méi uecht.
Niewent dëser ugespaanter Geschicht, stécht "Jupiter's Moon" virun allem wéinst senger visueller Konscht eraus. 2014 gouf den ungaresche Realisateur an der Kategorie "Un certain Regard" um Filmfestival zu Cannes ausgezeechent, deemools fir säi Film "White God".