Radioen

On air

Notturno  |  Joanna Sternberg - Without You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Cineast op der Sich no der Luucht

Filmbuch

E Cineast op der Sich no der Luucht

"Platoon", "Wall Street", "Natural Born Killers", "Born on the Fourth of July" ... Dat sinn nëmmen e puer vum Oliver Stone senge bekanntste Filmer. A senge Memoiren "Chasing the light" ("A la Recherche de la lumière'') erzielt den amerikanesche Realisateur d'Geschicht vu sengem Duerchbroch.

auto_stories

6 min

Et ass schwéier, fir en zweeten amerikanesche Realisateur ze fannen, dee politesch esou kontroverséiert ass ewéi den Oliver Stone. Och wann den haut 74 Joer ale Stone e bësse méi lues trëppelt, sou ass hien a leschter Zäit weiderhi mat - fir den amerikaneschen Establishment - onkamoude Bäiträg opgefall ewéi e Biopic iwwert de Whistleblower Edward Snowden, engem laangen Tëlees-Interview mam russesche President Vladimir Putin oder engem Documentaire iwwer de Putsch an der Ukrain.

Den Oliver Stone huet virun engem hallwe Joer an den USA seng Memoirë verëffentlecht. ''Chasing Light'' ass an Tëschenzäit iwwersat ginn, ënnert anerem op Franséisch, ënnert dem Titel ''A la Recherche de la lumière. Platoon, Midnight Express, Scarface, Salvador et le milieu du cinéma : écrire, réaliser et survivre.''

Kruzial Period

Deen Titel deit et schonn un : De renomméierte Realisateur léisst hei net seng ganz Karriär Revue passéieren. Hie konzentréiert sech vill méi op déi kruzial 40 éischt Jore vu sengem Liewen.

Op déi Period also, déi et eis erlaabt ze verstoen, wat dem Cineast seng spéider Obsessioune gepräägt huet : säi familliären Hannergrond, de Vietnamkrich, säi laange Parcours als Zeenarist zu Hollywood a seng Versich, fir mat eegene Filmer Fouss ze faassen. Dat hat en dunn definitiv erreecht mat sengem Krichsdrama ''Platoon'' vun 1986, e Publikumserfolleg, deen him den Oscar vum beschte Realisateur a vum beschte Film sollt abréngen.

Franséisch Mamm

De William Oliver Stone ass 1946 zu New York gebuer als Jong vun enger amerikanesch-franséischer Koppel. Säi Papp, e Broker op der Wall Street, hat seng Mamm als Zaldot a Frankräich um Enn vum Zweete Weltkrich kennegeléiert a se mat an d'Vereenegt Staate geholl.

Déi franséisch Mamm hat e groussen Afloss op den Oliver, ass et dach si, déi dem Jong de Sënn fir Fräiheet an eng labber Astellung zum Liewe mat op de Wee ginn huet. D'Scheedung vu sengen Eltere sollt en traumatescht Erliefnes fir de Jugendleche sinn.

Zaldot am Vietnamkrich

Mat sengem Liewe wosst hien net wierklech wat unzefänken. De Studium op der Elitte-Uni Yale huet hie mat Zäiten ofgebrach, huet sech Mëtt de 1960er Joren als Englesch-Prof am Vietnam engagéiert. Do sollt hien 1967 zeréckkommen, nämlech als amerikaneschen Zaldot, dee sech fräiwëlleg gemellt huet : doduerch waren nëmmen zwee amplaz vun de regulären dräi Joer Déngscht fälleg.

De Krich am Vietnam war fir den Oliver Stone déi decisiv Liewenserfarung. Zesumme mat einfache Männer aus der Aarbechterklass gouf hie mat enger absurder Gewalt a virun allem de fundamentale Lige vun der amerikanescher Aussepolitik konfrontéiert.

Krichserfarung verschafft

Nëmmen e puer Joer drop ass déi Experienz an en Dréibuch mam Titel ''Platoon'' gefloss. Deen Zenario sollt am Ufank vum Sidney Lumet verfilmt a vum Al Pacino interpretéiert ginn, war dunn 15 Joer zu Hollywood zirkuléiert, ouni datt sech de Projet konnt konkretiséieren. Och fir dem Stone seng Adaptatioun vu ''Born on the Fourth of July'', den Erënnerunge vum Vietnam-Veteran Ron Kovic, gouf et kee Preneur - de Stone sollt et Jore méi spéit selwer verfilmen.

Vläicht war dem Oliver Stone seng Visioun vum Vietnam-Krich nach een ze waarmt Eise fir dat deemolegt Amerika... Wéinstens war d'Dréibuch vu ''Platoon'' seng Visittekaart am Filmmilieu. An Tëschenzäit hat hie sech an enger New Yorker Filmschoul forméiere gelooss, gouf do vun engem gewësse Martin Scorsese encouragéiert, weider ze maachen. Den Oliver Stone huet sech mat klengen Jobs iwwer Waasser gehalen, ass nuets Taxi gefuer fir daagsiwwer kënnen ze schreiwen, huet e low-budget Horror-Film gedréint.

Midnight Express, The Hand

En éischte bedeitenden Erfolleg gouf et dann Enn de 1970er Joren. Fir säin Dréibuch vu ''Midnight Express'' vum Alan Parker, iwwer déi méi oder manner realitéitstrei Prisongserfarung vun engem amerikanesche Student, deen an der Tierkei mat Drogen erwëscht gi war, gouf den Oliver Stone mat engem Golden Globe a virun allem engem Oscar ausgezeechent.

Domat war seng Hollywood-Karriär eigentlech lancéiert. Mee seng éischt wichteg Realisatioun hannert der Kamera - den Horror-Film ''The Hand'' mam Michael Caine an der Haaptroll - war e kommerzielle Flopp.

Also huet den Oliver Stone weider Dréibicher geschriwwen, op der Sich nom grousse Worf. Seng ambitiéis Adaptatioun vum Fantasy-Stoff ''Conan the Barbarian'' gouf vun der Hollywood-Maschinerie verwurscht.

Scarface

Eng méi glécklech Hand hat hien da mat ''Scarface''. Dësen 1983er Remake vun engem Gangsterfilm-Klassiker, an den exilkubanesche Mafia-Milieu vu Miami iwwerdroen a vum Brian De Palma verfilmt, gëtt hautdesdaags als Kultfilm betruecht : wéinst dem Al Pacino senger Interpretatioun vum megalomane Gangsterboss Tony Montana, a vläicht grad esou vill wéinst dem Stone senge graffen Dialogen, déi och fir déi Zäit nach staarken Tubak waren.

Dem Oliver Stone seng Karriär war also relancéiert. All seng Hoffnungen, fir sech dach nach als Realisateur kënnen z'etabléieren - vläicht seng allerlescht Chance -, hat hien a säi Filmprojet ''Salvador'' gestach.

Salvador: filmräif Virbereedungen an Tournage

Bal e Véierel vum Stone senge Memoire beschäftegt sech mat deem onméigleche Projet, deem seng Peripetien u sech scho filmräif sinn. Ugefaange mat de rocambolesque Virbereedungen, zesumme mam ondisziplinéierte Krichsreporter Richard Boyle, deem seng Aventuren hei Gonzo-style à la Hunter S. Thompson sollten op de groussen Ecran bruecht ginn, virum Hannergrond vum Biergerkrich am latäin-amerikaneschen El Salvador : d'Militärjunta wollt een uganks esouguer iwwerzeegen, de Film logistesch z'ënnerstëtzen, woubäi verstoppt gouf, datt et sech a Wierklechkeet ëm eng Uklo vun der US-ënnerstëtzter Diktatur géif handelen.

Gedréint gouf dunn awer a Mexiko, ënner ganz stressege Konditiounen : wéinst dem finanziellen Drock, all méiglechen Imprevuen an net zulescht wéinst dem Haaptacteur James Woods, deen einfach net ze kontrolléiere war.

Den Duerchbroch: Platoon

Knapps hat den Oliver Stone ''Salvador'' an der Këscht, do krut en d'Geleeënheet, endlech säin eegent Dréibuch vu ''Platoon'' ze verfilmen. Mat deem Film, deen op de Philippinne gedréint gouf, war him definitiv den Duerchbroch gelongen.

''A la Recherche de la lumière'' (oder ''Chasing Light'' am Original) erzielt op eng ganz lieweg Aart a Weis de Parcours vun engem Kënschtler, deen ni richteg dozou gehéiert huet, gläichzäiteg bannent a baussent dem System war, eng Zort vill gefroten Dissident.

Et ass de Portrait vun engem Mann, deen tëschent der Sich no familiärer Stabilitéit an Abenteuerloscht hin an hir geschwankt ass a géint seng Drogesucht huet misste kämpfen. An dann ass et och dem Oliver Stone seng kompromësslos Vue op eng Filmindustrie, an där den Erfolleg irrational ze si schéngt: hänkt de Succès of vum Talent ? Der Ausdauer ? De Relatiounen ? Der politescher Konjunktur ? Der Chance ? E bësse vun allem, huet een den Androck.