Den James Leader ass houfreg, datt déi Englesch Sprooch an der Literaturzeen hei zu Lëtzebuerg eescht geholl a vun der Regierung ënnerstëtzt gëtt. Länner wéi Frankräich wéilten d'Dominanz vun hirer eegener Sprooch erhalen, sou de Professer fir Literatur an der Europaschoul. Hei am Land wier de Modell een aneren. "Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch sinn op engem literaresche Niveau gläichberechtegt. Et kann ee mat dëse Sproochen un alle Literaturconcoursen deel huelen."
Mat sengem Roman "The Venus Zone" hat den James Leader d'lescht Joer den nationale Literaturconcours gewonnen, eng Aart Bildungsroman mat anti-kapitalisteschen Zich. Am Nationale Literaturzenter zu Miersch, wou sech de leschten Donneschdeg ënnert dem Motto "Do you speak English?" mat der Roll vum Engleschen zu Lëtzebuerg beschäftegt gouf, huet hie virgelies. Humorvoll Gedichter vu sengem Alter-Ego, dem Reginald, an deenen et ënnert anerem ëm erotesch Erfahrungen op de Schipisten zu Chamonix geet …
Lëtzebuerger Auteuren op Englesch iwwersat
Engleschsproocheg Auteuren zu Lëtzebuerg engersäits, anerersäits Lëtzebuerger Auteuren, déi an d'Englescht iwwersat ginn. D'Sandra Schmit huet mat enger nuancéierter Aarbecht dem Guy Rewenig seng sarkastesch-ironesch Miniaturen der engleschsproocheger Communautéit méi nobruecht. "Your heart of ice, is as hard as ice".
Nëmmen eenzel Lëtzebuerger, déi am 19. Joerhonnert an Amerika ausgewandert sinn, hätten op Englesch geschriwwen, seet d'CNL-Mataarbechterin Sandra Schmit. "Dono waren et eigentlech nëmme Leit, déi wierklech ee grousse Kontakt mat Amerika haten a meeschtens dohinner wunne gaange sinn: Pierre Joris, Liliane Welsh …"
Amerikaner wieren zënter de 1950er-1960er Joren op Lëtzebuerg komm, "Expats" wéi elo den James Leader. Amerikaner an och Englänner hätten ënnert anerem Krimie geschriwwen. "Se schreiwen zwar hir Bicher op Englesch, wahrscheinlech och fir eng englesch 'community'. Awer et ass hinnen immens wichteg, datt se lëtzebuergesch Saachen drabréngen, wéi d'Schueberfouer oder Lëtzebuerger 'locations'", erkläert d'Literaturwëssenschaftlerin.
Gëtt Franséisch als Kultursprooch vum Engleschen iwwerholl?
Mëttlerweil huet dat Englescht eng bedeitend Plaz an der Lëtzebuerger Kulturzeen, mat literareschen Zeitungen, Virliesungen a Bicherclibb, déi sech ëmmer méi ausbreeden.
Den éischten engleschsproochege Verlag ass viru kuerzem hei am Land gegrënnt ginn: "Black Fountain Press". Dat éischt Buch gëtt am Mee publizéiert, eng Sammlung vu Kuerzgeschichte vum Anne-Marie Reuter, ënnert dem Titel "On the Edge".
Op Englesch schreiwe géif et hir erlaben, sech ze distanzéieren a mat engem anere Bléck hir Erfahrungen op d'Blat ze bréngen. De Bléck vu baussen, aus enger anerer Sprooch eraus, wier och wichteg fir Lëtzebuerg, sou d'Auteure. "Mir si jo ëmmer immens frou fir ze héieren, wat aner Leit vun eisem Land denken." Immens vill Leit hätten dofir der Brittin Ruth Dugdall hire Roman "The Nowhere Girl" kaaft.
D'Begeeschterung fir déi englesch Sprooch wier, der Sandra Schmit no, och eng Fro vu Generatioun. Et schéngt och, wéi wann Englesch dat Franséischt als Kultursprooch hei am Land liicht géif iwwerhuelen. Fir den nationale Literaturconcours géifen ëmmer méi héichwäerteg Bäiträg op Englesch agereecht ginn, mat net seelen um Enn enger Auszeechnung. "Eis jonk Lëtzebuerger Auteure wielen dacks déi Sprooch."