Radioen

On air

Notturno  |  Corbi, Godié, Kalo De 78, Gospel Emcee, Fizé, Valkilla & T The Boss - Hamilius

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DynaMinett?

Esch 2022

DynaMinett?

D'Gemeng Käerjeng hätt elo och eng positiv Approche géintiwwer der Participatioun un Esch 2022. Et misst elo en transparente Mapping fir all Gemeng a vun alle Projeten erstallt ginn, seet den Andreas Wagner.

auto_stories

4 min

Déi zwee Coordinateuren hunn hire Kontrakt fir déi nächst sechs Méint ënnerschriwwen, huet den Andreas Wagner confirméiert. Elo ass de Moment, wou si mat hirer Aarbecht weider kënne fueren. Si schaffen ee Konzept an eng Visioun aus, fir de Projet an och déi ganz Kommunikatioun mat de Gemengen z'iwwerhuelen, fir zesumme mat den neien Acteuren eng Struktur opzeriichten.

Ee vun de Problemer war bis elo, datt déi bedeelegt Gemenge vu ProSud net an der asbl vertruede waren. Et hätt hinnen och un Informatiounen gefeelt, wat Esch 2022 richteg soll sinn, erkläert den Escher Kulturschäffe Pim Knaff. Wat genee um Territoire vun den anere Gemengen organiséiert soll ginn an dat finanziellt Bäisteieren ware Voleten, déi virdru net konnte gekläert ginn. D'Coordinateure ware mat der Kreatioun vum Bidbook, dem Kontrakt tëschent Esch an der Europäescher Kommissioun, beschäftegt. Dës Aktioune sollen an den nächste sechs Méint nogeholl ginn.

En transparenten an interaktive Mapping

D'Gemeng Käerjeng hätt elo och eng positiv Approche géintiwwer der Participatioun un Esch 2022, seet de Pim Knaff.

Dat Éischt an dat Wichtegst wär elo en individuellen an interaktive Mapping fir all Gemeng a vun alle Projeten. Jidderee soll gesinn, wat a senger Gemeng passéiere soll. Dëse Mapping soll um Internetsite publizéiert ginn. Domat géing een da fir Transparenz suergen, an datt d'Bevëlkerung informéiert gëtt, seet den Andreas Wagner.

Kulturministère mëscht sech net an

De Staatssekretär fir d'Kultur Guy Arendt erkläert, datt de Kulturministère haaptsächlech déi finanziell Roll spillt. 67 Prozent vum Budget fir Esch 2022 steiert de Ministère bei. Am Februar 2017 sinn am Regierungsrot 40 Milliounen Euro, déi dësem Prozentsaz entspriechen, ugeholl ginn.

Weider muss de Kulturministère iwwerwaachen, datt d'Konditiounen, déi am Bidbook dra sinn, erfëllt ginn. Si géife sech awer net an de kënschtleresche Volet amëschen, betount de Guy Arendt.

Den Andreas Wagner an de Guy Arendt.

Déi 21 Recommandatioune vum Jury, déi och fir Polemik gesuergt haten, gesäit den Andreas Wagner ganz positiv. All Stad, déi e Bidbook eragëtt, kritt 21 Recommandatiounen. D'Fro vun der touristescher Infrastruktur ass ee vun de Punkten, deen national muss geléist ginn. D'Kulturstrategie muss konkretiséiert ginn, d'Struktur vum Management an déi ganz Organisatioun musse kloer definéiert ginn, erkläert den Andreas Wagner.

Ze wéineg Echange

D'Bidbook baséiert um Escher Kulturentwécklungsplang, deen den Kulturcoordinateur vun der Stad Esch, de Ralph Waltmans kreéiert huet.

Virum Depot vun dësem Bidbook ass am Juni 2017 den Escher Kulturentwécklungsplang unanime votéiert ginn, betount hien. Am Ufank war d'Zesummenaarbecht tëscht de Coordinateuren vum Escher Kulturentwécklungsplang an dem Bidbook gutt, dono hätt jidderee sech awer zréckgezunn, bedauert den Ralph Waltmans. Hien hätt sech do e bësse méi Echange gewënscht.

D'Bevëlkerung mat abannen

Den Andreas Wagner ass frou, datt d'Bevëlkerung immens oppen géintiwwer Esch 2022 ass. Den Elan misst elo weider gedroe ginn, esou den Andreas Wagner. Dofir wär och elo op der Escher Brillplaz e Pavillon als Point d'information opgeriicht, wou d'Bevëlkerung sech kéint informéieren an och eege Propositioune maachen. Dat wär och de Schlëssel fir den Tourismus an d'Mobilitéit. Et misst alles koordinéiert ginn, well et vill verschidde Strukturen ginn an och vill Leit, déi um selwechte Niveau, awer a verschiddene Strukture schaffen. De Ralph Waltmans seet:

"Esch an de Süden sollen an zéng Joer en unerkannte kreative kulturellen Zentrum vum Land, aus der Regioun a carrement an der Groussregioun sinn."

Esch an de Süden hätten all Ingredienten fir Kulturhaaptstad ze ginn. Dat eenzegt wat feele géif, wiere Connectiounen. Jiddereen géif awer a sengem Eck schaffen an hie géif sech fir 2022 am meeschte wënschen, datt jiddereen un engem Strang zitt, erkläert de Ralph Waltmans.

De Pim Knaff an de Ralph Waltmans.

Verschidde Gemengen hätten scho ganz vill Strukturen an och e Kulturliewen, dat ganz gutt fonctionnéiert. Aner Gemenge wären an aner Situatiounen an hätten aner Besoinen. Déi individuell Aktivitéite vu verschiddene Gemengen sollen an d'Konzept vun Esch 2022 integréiert ginn, seet den Andreas Wagner.

Ee Finanzexpert fir d'Asbl

"Dee Montanten, deen zur Verfügung stoung fir deen Titel ze kréien, ass e bëssen iwwerzu ginn. Mir kucken fir do eng Solutioun ze fannen. (...) awer trotzdem um Niveau vun der asbl vläicht ee bëssen ze vill a bësse liichtfankeg an net mat dem néidege Seriö déi Saach gekuckt ginn ass", konstatéiert de Pim Knaff. Et hätt ee Finanzexpert missen zur Säit stoen.

Ee Finanzexpert wier och fir d'Zukunft geplangt, sou de Staatssekretär Guy Arendt. D'asbl geréiert d'Suen. Den Guy Arendt kéint sech virstellen, datt e Vertrieder vum Finanzministère dann och Member vun der asbl gëtt, déi am Februar opgestockt gëtt.

D'Formatioun vun engem Conseil artistique ass dem Pim Kanff no och virgesinn. Experten a Vertrieder vun den groussen Haiser wéi Theater, Rockhal a Kulturfabrik sollen dobäi sinn, wou da méi iwwer Konscht a Kultur am Allgemenge geschwat soll ginn.