Radioen

On air

De Moien  |  Fantastic Negrito - The Duffler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ DKollage mam DKollektiv

Industriekultur

DKollage mam DKollektiv

DKollektiv hat dëse Weekend DKollage um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng. An enger Serie vu participative Chantiere kann all Interesséierte mat Hand upake fir den Atelier D zu engem Tiers-Lieux ze verwandelen an de Quartier mat Liewen ze fëllen.

auto_stories

4 min

Viru 5 Joer huet sech den DKollektiv gegrënnt fir sech um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng, zesumme mat Kreativen, Wëssenschaftler, Laminoire-Aarbechter an Interesséierten, mat Industriekultur ze beschäftegen. Vu datt op der Plaz en neie Wunn-Quartier entstoe soll, konnt de Grupp sech just temporär an enger vun den Halen installéieren. D'Roll vum DKollektiv ass entre-temps awer och vun offizieller Säit unerkannt ginn, esou datt een nei Aktivitéiten an zwou aneren Hale fir Esch2022 accordéiert krut.

"Terres-rouges à terres-rouges"

Hiren Atelier D soll sech elo an en Tiers-Lieux verwandelen, am Echange de Raum fir eng nei Zukunft prett gemaach a mat Liewe gefëllt ginn.

De Misch Feinen, fräie Kënschtler, Grafiker, Museker, oder - Kulturaarbechter, wéi hie sech selwer nennt, ass ee vun de Matbegrënner vum DKollektiv. Fir hien ass et eng "Chance, am ganz Klengen, mat kënnen ze gestalten, ze decidéieren", wou Quartieren wéi de Belval oder Kierchbierg üblecherweis "vun Urbanisten a Politiker geplangt (ginn), an da wunnen do iergendwann Leit, an dann ass dat esou."

Dat Ganzt steet ënner dem Motto DKollage. Domat ass net en iwwerhieflecht Ofhiewe gemengt: d'Membere denke ganz "terres-rouges à terres-rouges", esou de Koordinator Serge Ecker:

"Et ass definitiv e Collage. Hei sinn lauter Leit, déi sech anerwäerteg vläicht net iwwert de Wee gelaf wieren, déi sech hei treffen a Loscht hunn, iergendeppes ze maachen. An dat hoffentlech mat enger gudder Laun, wärend engem gudde Moment, Mënsche mat ganz verschiddene Hannergrënn."

Een Deel Geschicht erhalen

Zënter dem Weekend an nach bis Mëtt Mee lafe verschidden Atelier, sougenannt participativ Chantieren: e Renovatiounsworkshop am "Bâtiment des vestiaires et du hall wagonnage", d'Konstruktioun vun enger Zär, am Textilatelier gi Schutzkostümer gebutt, am Récup-Atelier erliewen al Lavaboen, Plättercher, Dieren, Schief a Réier eng Renaissance. Ënnert de Leit déi sech ugemellt hunn sinn och zwee fréier Schmelzaarbechter. Fir de Maschinnebauschlässer, deen tëschent 1980 an 1988 Walzwierk-Employée war et traureg ze gesinn, "datt dat alles esou verkomme gelooss ginn ass." Villes wier méiglech gewiescht:

"Elo sinn ech frou, datt esou Aktiounen an d'Liewe geruff ginn, fir dat ze halen an och erëm Liewen dran ze bréngen, well déi Schmelz hei ass dat, wat Diddeleng e bëssen ausmécht, an dat muss einfach nees kommen, datt d'Leit sech kënne mat der Schmelz identifizéieren."

Fir den Dréier, dee vun 1987 bis 1991 um Site aktiv war, muss elo séier eppes mam Site geschéien:

"Dat hei war eist Liewen. Bei menger Generatioun an der duerno huet et schonn ugefaange mam Ofbau. Wéi een elo hei gesäit ass nach Substanz do, mee et muss een elo séier eppes domat maachen, well soss ass et geschwënn awer gedoen, an dann ass näischt méi iwwereg vun dëser Diddelenger Geschicht."

Vun der Enclave zum Innovatiounsvéirel

Béid fréier Schmelzaarbechter wëllen an den nächste Wochen a Méint beim DKollektiv eng Hand mat unzepaken. Vläicht beim Serge Ecker, dee mat engem Grupp am Vestiaire Réier ofgeflext huet. Si preparéieren d'Raim fir Aarbechter vun der Gemeng a vum Fonds de Logement, déi d'Halen deemnächst sécherheetstechnesch op den neiste Stand brénge wäerten.

De Serge Ecker seet, datt de Site nach déi nächst 10 bis 15 Joer ee Mega-Chantier si wäert. Deen Eco-Innovatiouns-Véierel dee soll entstoen, géif een awer ënnerstëtzen esou wäit et geet. Den éischte Point d'ancrage wier déi lescht 2 Joren de Gaart an der Fondouq-Hal gewiescht. Elo géif ee versiche mat de Gebaier, der neier Vëlospiste, déi Quartiere verbënnt een Zentrum entstoen ze loossen:

"Eng ëffentlech Plaz, wou ee kann hikommen, a wou e Liewen um Site méiglech mécht, dat virdrun net do war. Well dee Site war jo éiweg laang eng Industriebrooch, do virdru war et eng Stad an der Stad, oder eng Industrie an der Stad, wou nëmmen déi Leit, déi do geschafft hunn, erakomm sinn. Et war ëmmer e bëssen eng Enclave."

Fir d'Äishelleg, de 15. Mee, ass d'Aweiung vum Haff tëschent dem Gebai vun de Vestiairen an der Hal vum Wagonnage mat dem Gemeinschaftsgaart an enger Planzebourse geplangt.