Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Azymuth

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Tit Schréider - en diskreten Dramatiker

Dichter an Dramatiker

Den Tit Schréider - en diskreten Dramatiker

Den Tit Schréider gehéiert sécherlech zu deene remarkabelsten Dichter an Dramatiker vu Lëtzebuerg, vun deem een hautzedaags allerdéngs net méi esou vill héiert wéi vun anere Schrëftstellerkolleegen aus senger Zäit, woubäi et eigentlech genuch iwwer den Useldenger Jong ze soe gëtt.

auto_stories

3 min

Foto: CC BY 2.0 Flavio Ensiki / Montage: radio 100,7

Gebuer 1911 zu New York, zeréckkomm mat néng Joer op Lëtzebuerg, Proff am Escher Jongelycée, dono zwangsversat op Benrath bei Düsseldorf, 1941 zeréckkomm op Esch an dono eng Karriär als Proff am Stater Jongelycée an als Schrëftsteller, fir déi hien 1961 mam Prix national de littérature a 1985 mat der sëlwer Dicks-Rodange-Lentz Plakette ausgezeechent gouf.

Nieft senger Passioun fir d'Ënnerriichten, huet den Tit Schréider sech staark fir d'Lyrik an den Theater agesat a sou ass säi wuel bekanntst Stéck "D'Pöttches Famill" net nëmme fir déi offiziell Ouverture vum Théâtre municipal, dem haitege Groussen Theater, 1964 auserwielt ginn, mee huet och iwwergräifend den Ufank vun engem theatrale gesellschaftskritesche Moderniséierungsprozess bedeit, deen an de spéiden 1970er mam Pol Greisch a mam Guy Rewenig säin éischten Héichpunkt fonnt huet.

En opschlossräichen Iwwerbléck

De Syndicat d'Initiative Uselding erënnert, an Zesummenaarbecht mam Centre national de littérature (CNL), un den Dramatiker Tit Schréider mat der Publikatioun "Ënnerwee uechter d'Land - Theaterstécker vum Tit Schroeder".

An zwee Deeler gespléckt, ginn dem Lieser fir d'éischt déi fënnef Stécker, déi den Tit Schréider a senger relativ kuerzer Theaterkarriär vun nëmme fënnef Joer vun 1960 bis 1964 geschriwwen huet, presentéiert, wou sécherlech den Ofdrock vu sengem éischte Stéck "Den Här Breedewee geet freien" e besonneschen Highlight dierft duerstellen, ass et dach déi éischte Kéier, datt dëst Stéck engem grousse Public zougänglech gemaach gëtt. Am zweeten Deel gëtt sech a fënnef Essaye wëssenschaftlech mam Tit Schréider, sengem Theaterwierk an dem Duerftheater an de 1950er a 1960er Jore befaasst.

Popkulturell Aflëss

Nieft dem opschlossräichen Iwwerbléck vum Auteur sengem Fong am CNL, ass virun allem seng bestänneg Relatioun mat den amerikaneschen Auteure wéi dem Thornton Wilder oder dem Oliver Goldsmith interessant, dëst well dem Tit Schréider seng éischt zwee Stécker "Den Här Breedewee geet freien" an de "Besuch um Wudderhaff" als Neiadaptiounen an Iwwersetzunge vum Wilder sengem "The Matchmaker" an dem Goldsmith sengem "She stoops to conquer" verstane musse ginn, déi, op de gesellschaftleche Lëtzebuerger Kontext ëmgeschriwwen an ugepasst goufen.

De gesellschaftleche Lëtzebuerger Kontext situéiert sech beim Tit Schréider an der Nokrichszäit, déi fir Lëtzebuerg staark ekonomesch a populärkulturell Ännerungen an Aflëss aus aneren Natiounen, wéi beispillsweis Amerika, mat sech bruecht huet, an ënner där d'Lëtzebuerger Traditioun an d'Lëtzebuerger Sprooch ëmmer méi verluer huet.

Dës Situatioune vum culture-clash sinn och Deel vun der "Pöltches Famill", well dëst Stéck, dem Tit Schréider no, näischt anescht ass, wéi "eng Tranche de vie, ein Stück luxemburgischen Familienalltags", an d'Globaliséierung vun elo un, Deel vum Lëtzebuerger Alldag war.

Lieweg Anekdoten

Am leschten Essay erënnert sech de Georges Calteux zeréck un d'Zäit vum Useldenger Duerftheater aus den 1950er a 1960er Joren a versetzt de Lieser duerch seng lieweg Sprooch a seng Anekdoten esou zeréck, datt e mengt dobäi gewiescht ze sinn. Ofgeronnt gëtt d'Wierk duerch eng CD mat Gedichter an Ausschnëtter aus den Texter vum Tit Schréider.

Den Tit Schréider huet sech agesat fir en neien, gesellschaftskriteschen Theater, en Theater a Lëtzebuerger Sprooch, an deem sech jiddwereen erëmfënnt. Den Tit Schréider konnt picke wann hie wollt, meeschtens ass en awer ganz bewosst an déi zweet Rei gaangen, obwuel hien déi éischt méi wéi verdéngt gehat hätt.


D'Buch "Ënnerwee uechter d'Land - Theaterstécker vum Tit Schroeder" ass an Librairie genee esou wéi am Shop vum CNL ze kréie fir de Präis vu 35 Euro.