Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Bauhärepräis 2020

Architektur

De Bauhärepräis 2020

Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs (OAI) vergëtt fir d'sechste Kéier de Bauhärepräis. Am ale Postgebai um Aldringen kann een déi 257 Projete kucke goen. D'Lara Bousch war op der Plaz.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / skeptic

Déi al Post um Aldringen huet nach ëmmer d'Allür vu fréier. D'Guichete stinn zwar nach, mee den internationale Jury vum Ordre des architectes et ingénieurs (OAI) huet do déi 257 Projeten ausgestallt, déi fir de Bauhärepräis agereecht goufen.

International Jury a Präisser

De Präis ass fir ëffentlech a privat Bauhären a cibléiert ofgeschlosse Projeten. Et ass e ganz breet gefächerte Präis, net nëmme wat de Jury mee och wat d'Präisser ugeet. Alles an allem ginn et Präisser an néng Kategorien ze gewannen. D'Jury kënnt aus sechs verschiddene Länner: Lëtzebuerg, Spuenien, Frankräich, Belsch, Schwäiz an Däitschland.

Nieft klassesche Kategorië wéi Eefamilljenhaiser, kollektiv Haiser oder Amenagementer gëtt et och eng Rëtsch speziell Präisser, zum Beispill fir d'Erhalen an d'Renovéiere vu Patrimoine, fir d'Accessibilitéit vun engem Gebai, oder exemplaresch energetesch Renovatiounen.

Den Impakt op d'Gesellschaft

Den Ënnerscheed tëschent engem Architektur- a Bauhärepräis läit virun allem an de Krittären, erkläert d'Presidentin vun der Jury, Semiray Ahmedova, déi och Deputéiert fir déi gréng ass. "Mir kucke virun allem den Impakt op d'Gesellschaft, [...] den Impakt vu Sozialwunnengen, vu kollektive Wunnengen, intergenerationelle Wunnengen."

Et géifen awer och Gemeinsamkeete mat Architekturpräisser ginn, ënnersträicht d'Semiray Ahmedova, wéi zum Beispill d'Nohaltegkeet oder de Budget, fir ze weisen, datt een och "immens vill flott Saachen och mat engem klenge Budget" kéint maachen, esou déi gréng Deputéiert.

Vum 7. Juli bis de 5. Oktober kann een déi sëlleg Projete kucke goen, den 21. September ginn d'Gewënner an der Philharmonie annoncéiert. Zäitgläich feiert den OAI säin 30. Gebuertsdag. Um Internet Site www.bhp.lu sinn all d'Projeten, déi agereecht goufen, mat Fotoen an interessanten Erfarungsschilderunge vun de Baufraen an -hären ze fannen.