Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den natur musée ënner dem Corona-Liicht

E Musée mécht nees op

Den natur musée ënner dem Corona-Liicht

Den natur musée mécht, wéi all déi aner Muséeën zu Lëtzebuerg, seng Dieren erëm fir Visiteuren op, mee Precautioune gëllen och hei. D'Valerija Berdi huet mam Patrick Michaely en Tour duerch den natur musée gemaach a sech weisen an erkläre gelooss, wéi eng Visitt a Corona-Zäiten ausgesäit.

auto_stories

3 min

Et gesäit no Fréijoersbotz aus am natur musée am Stadgronn. No gutt zwee Méint gëtt alles prett gemaach, fir datt d'Leit erëm an de Musée komme kënnen. Mee et sinn elo aner Zäiten an och de Musée muss sech den neie Reegelen upassen.

Ouni eng Mask kënnt keen eran, ausser Kanner ënner sechs Joer. Bis zu 65 Persoune kënne sech zäitgläich am Musée ophalen, mee och da gëlle bestëmmt Restriktiounen, seet de Patrick Michaely.

"Dat wat ännert, ass datt mer de Leit kee Choix méi loossen, wéi se duerch d'Gebai kënne goen. Si kënnen direkt erop an d'Exposition temporaire goen. Déi Leit, déi awer an d'Expositioun permanente ginn, mussen dann e Wee goen an engem Sens unique, dee mer natierlech ausgezeechent hunn. Esou solle sech d'Leit esou wéineg wéi méiglech kräizen an domat vermeit een och de Kontakt."

Den natur musée ass eng Plaz, wou Schoulklassen ëmmer wëllkomm sinn. Dat ass awer elo bis den Hierscht net méi de Fall. Och déi zwee Camione mam pedagogesche Material bleiwen an der Garage. An déi pedagogesch Ekipp bereet sech elo schonn op d'Schoulrentrée vir, an der Hoffnung datt dann alles wéi gewinnt funktionéiere kann.

3D-Visitten als "Appetizer"

Am natur musée gëtt et awer net just vill ze kucken, mee och fir unzepaken. Dat ass elo net erlaabt. Déi sëlleg Informatiounen, déi een op de groussen Touchscreens kritt, kann een awer mat engem extrae Stëft opruffen, deen ee vum Musée zur Verfügung gestallt kritt.

Och wann de Musée elo op ass, mat engem groussen Undrang gëtt net gerechent an dofir gëtt och bewosst nach méi Zäit an Opwand an déi virtuell Visitte vum Musée gestach, esou de Patrick Michaely.

De Musée hätt virun der Corona-Kris ugefaange seng verschidden Ausstellungen iwwer 3D-Visitten fir de Public am Internet zougänglech ze maachen. Mee, seet de Patrick Michaely "et ass schonn en Ënnerscheed, ob ee virun engem richtege Fossil oder ob een deen op engem platte Schierm gesäit".

Zousätzlech Reegelen a Consignë fir Infektiounen ze vermeiden

Den Direkter vum natur musée, den Alain Faber weist sech zefridde, datt säin Haus erëm dem grousse Public zougänglech ass.

Als eng Persoun zielt eng Famill, déi soll dann och zesumme bleiwen. D'Cafeteria bleift natierlech och zou, do gëllen déi selwecht Reegele wéi fir aner Caféen a Restauranten. Iwwerall hänke Consignen, wéi vill Leit sech wou kënnen ophalen an d'Ekipp zielt op d'Versteesdemech vun de Visiteuren.