Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Heilpraktiker, deem Gott geflüstert huet

CinEast-Festival

Den Heilpraktiker, deem Gott geflüstert huet

E populären tschecheschen Heilpraktiker geréit an d'Viséier vun de Kommunisten. ''Charlatan'' ass en zolitte Biopic vun der renomméierter polnescher Regisseurin Agnieszka Holland. Aus der Kompetitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

3 min

An hirem neie Film ''Charlatan'' setzt sech déi renomméiert polnesch Realisatrice Agnieszka Holland mat der Figur vum Jan Mikolasek auserneen. Deen hat sech an der Tschechoslowakei en Numm gemaach duerch seng Konscht, krank Mënschen unhand vun hirem Urin ze diagnostizéieren a si mat Planzen ze behandelen.

Gréisstendeels aarm Leit stounge viru sengem Cabinet Schlaang. Mee och gesellschaftlech héich placéiert Perséinlechkeeten haten op seng Kompetenzen zeréckgegraff, dorënner den Nazi Martin Bormann oder nach den tschechesche Staatspresident Antonin Zapotocky.

Datt dem Jan Mikolasek (am Film verkierpert, jee no Alter, vum Ivan Trojan respektiv Josef Trojan) seng onorthodox Methoden dem deemolege kommunistesche Regimm net geheier waren, versteet sech vum selwen. Dem Mikolasek säi chrëschtleche Glawen a seng Homosexualitéit haten den Autoritéiten eng zousätzlech Ugrëffsfläch gebueden. Den Heilpraktiker gouf deemno ënner dem éischt beschte Virwand - d'Vergëftung vun engem kommunistesche Responsabelen - festgeholl a viru Geriicht gestallt.

Ambivalente Personnage

D'Agnieszka Holland behandelt dem Mikolasek seng Geschicht unhand vun zwee Erzieltsträng, déi sech parallel zouenee entwéckelen. Deen éischte setzt den Heilpraktiker um Sommet vu senger Popularitéit an Zeen. Vun deem Moment u war hien och an d'Viséier vum kommunistesche Regimm geroden. Déi a blatzegen däischter-groen Téin gehale Sequenze passen zur bläiener Atmosphär ënner dem Kommunismus.

Gläichzäiteg ënnersträicht déi clair-obscur Beliichtung dem Mikolasek seng Ambivalenz: ofgesi vun der sexueller Zweedeitegkeet an den net ganz klore Passagë vu senger Biografie, huet et schonn eppes Onheemleches, wann hien d'Glieser mat den Urinprouwe viru sech hält an, wéi en Hexer, genee ka bestëmme wéi eng Pathologie de respektive Kranken huet, oder nach wéini e stierft.

Dem Mikolasek säi Paradäis

Den zweeten Erzielstrang fänkt u mat engem fir de Jan Mikolasek traumateschen Erliefnes als jonken Zaldot an der éisträichesch-ungarescher Arméi. No där Erfarung huet hien - virun allem mat Hëllef vun enger Heilpraktikerin - lues a lues seng Beruffung zur Heelkonscht entdeckt. Et ass och déi Zäit, wou hie säin zukünftegen Assistent a Liibhaber kennegeléiert huet.

All déi Sequenze sinn a vollen, eklatante Faarwe gehalen a stinn deemno am däitleche Kontrast zum éischten Erzielstrang. Et schéngt fir de Mikolasek eng Zort Paradäis gewiescht ze sinn, eng Zäit, an där deen dach strenge Mann an allen Hisiichten opgebléit ass, vun der gesellschaftlecher Unerkennung bis hin zur sexueller Erfëllung. Eng fir hien duerch an duerch positiv Period, also, déi ënner dem Kommunismus lues awer sécher op en Enn goung - och wann dertëschent den Zweete Weltkrich a seng Schwieregkeete mat den Nazie waren.

Visuell ganz flott ëmgesat ass den Zesummenhang tëschent dem Jan Mikolasek sengem chrëschtleche Glawen a senger Heelkonscht. Wann hien d'Urinprouwen an de Stral vun der Dagesluucht hält fir se zeanalyséieren, ass et, wéi wa Gott him bei deem Exercice géif flüsteren.

''Charlatan'' ass een alles an allem zolitte Biopic, gutt gespillt a vun der Agnieszka Holland intelligent an Zeen gesat. De Film gouf als den tschechesche Bäitrag fir de beschten net-engleschsproochegen Oscar selektionéiert.


"Charlatan" ass nach eng Kéier de Méindeg 19. Oktober um 21h an der Cinemathéik ze gesinn, respektiv online um Site vum CinEast-Festival.