Institut Grand-Ducal Den Eric Schumacher ass de Laureat vum Prix Arts et Lettres

De Sculpteur Eric Schumacher gouf elo mam Prix Arts et Lettres ausgezeechent, nodeems d'Remise 2020 wéinst Covid-19 verluecht gouf. D'Zesummespill vu Poesie a Kritik a senge Wierker wosst d'Memberen vum Institut Grand-Ducal ze iwwerzeegen. De Präis gëtt zanter 2008 all zwee Joer verginn. Laureate waren zum Beispill d'Schauspillerin Nora Koenig, de Pianist Pascal Meyer an d'Autorin Nora Wagener.

Kerstin Thalau / tt

Prix Arts et Lettres: Eric Schumacher

"Et ass kee Prix de consécration, och kee Prix fir Ufänger, mee en ass fir Leit, déi schonn e gewësse Wee gaange sinn, a wou ee kann erwaarden, hoffen, datt dee Wee weider féiert!", esou de Lucien Kayser, President vum Institut Grand-Ducal, iwwer d'Motivatioun vum Choix vum Laureat.

D'Aarbechte vum Eric Schumacher hätten direkt déi meescht vun den Institut-Memberen iwwerzeegt, déi de Gewënner vum Prix Arts et Lettres all zwee Joer bestëmmt. De Spectateur kéint d'Fabrikatioun an der Kreatioun novollzéien, esou de Lucien Kayser. Dem Sculpteur seng Aarbechten hätten och eng gewëss Poesie, mat Iwwerraschungen a vill Humor: "Déi Allianz, dat Zesummespill, vu Poesie a Kritik, ass absolutt iwwerzeegend."

International ënnerwee

No Konschtstudien zu Bréissel, Edinburgh a Berlin lieft a schafft de Sculpteur Eric Schumacher haaptsächlech zu Edinburgh. Mee an der Lescht weist e seng Aarbechten och ëmmer méi zu Lëtzebuerg. Hie war 2017 fir d'Triennale Jeune Création an de Rotonde ugeholl ginn; Enn 2019 hat d'Curatrice Stilbé Schroeder hien an dräi weider Artiste fir de Prix d'Art Robert Schumann proposéiert.

2020 hat hien, wärend der Corona-Kris, eng Ausstellung an der Galerie Nosbaum-Reding, duerno goung et direkt weider op Berlin, well e fir eng vun de begierte Kënschtlerresidenzen am Künstlerhaus Bethanien selektionéiert gi war. Aktuell ass den Eric Schumacher nees en Residence: an der neier Escher Konschthal, do wou och d'Iwwerreechung vum Prix Arts et Lettres war.

Bei sengem Schaffmaterial handelt et sech normalerweis ëm Récupe; den Eric Schumacher ass e passionéierte Sammler - an Observateur. "Hien interesséiert sech fir déi archaesch Comportementer, déi mir an eise sterillen, selwer fabrizéierten, Environnementer unhuelen" schreift d'Josée Hansen an hirem Begleet-Text vum Prix Arts et Lettres. Fir da bei sengen Ausstellungen der Strooss, also der Ëffentlechkeet, seng - op den éischte Bléck banal - Trouvaillen, op eng subliméiert bis humorvoll Aart a Weis zeréck ze ginn.

Fir den Eric Schumacher ass de Präis, dee mat 5.000 Euro dotéiert ass, eng gewëss Unerkennung: "Dat gëtt engem e bësse Sécherheet, datt ee vläicht awer eppes mécht, wou een um richtege Wee ass, wann een dofir gelueft gëtt, ganz kloer. Mee ech betruechten esou Präisser och ëmmer kritesch, well dat och subjektiv Choixe sinn."

An der Mediathéik:

Kultur / / Kerstin Thalau
Lauschteren

Méi zum Thema

Salvador Mundi
Kultur

Ass deen deiersten Tableau vun der Welt, "Salvator Mundi", awer keen echten Da Vinci? En Documentaire, deen d'nächst Woch op France 5 gewise gëtt, relancéiert d'Kontrovers ëm dat 450 Milliounen Dollar-Bild.

Madame Claude Filmkritik
Netflix

De franséischen Drama ''Madame Claude" zeechent en differenzéierte Portrait vun der berüümter Paräisser Zuhälterin. Klassen- a Geschlechterkampf dengen hei net als Excuse, mee als Erklärung.

funny group of cartoon scary zombies in medical masks with empty speech bubbles
B-Radio

Wie sech virdréckt, verschaaft sech e Virdeel - e kuerzfristege Virdeel... An dëser neier Episod vum B-Radio erziele mer eng bluddeg Geschicht iwwer Viren, Zombien a kuerzsiichteg Profiteuren.

Tim Reuter
Kultur

Dem Thomas Bernhard säin Hallefbrudder huet e Buch mat Erënnerungen zum 90. Gebuertsdag vum éisträichesche Schrëftsteller erausbruecht. De Frédéric Braun huet sech mam Germanist Tim Reuter iwwer dëst Buch ënnerhalen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen