Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Superreality

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Enquêteur, dee keen ''Investigateur'' wollt sinn

Journalismus

Den Enquêteur, dee keen ''Investigateur'' wollt sinn

Den Numm Pierre Péan ass e Synonym fir zolidd a politesch brisant Enquêten. Seng ''Mémoires impubliables'' (Albin Michel) konnt de franséische Journalist nach viru sengem Doud d'lescht Joer fäerdeg stellen.

auto_stories

4 min

''(...) il n'y a d'information que manipulatoire. Je suis un réceptacle de fuites. L'essentiel de mon travail consiste à me demander pourquoi je suis le bénéficiaire de ces fuites. La plupart du temps la réponse est simple : les gens me parlent pour se venger de quelqu'un ou pour montrer qu'ils 'savent'. Si j'écris des conneries je ne m'en prendrai qu'à moi-même. C'est la règle du jeu. En tout cas la mienne. Dans cette logique je rencontre tout le monde, je dis bien tout le monde, et j'accepte de me salir les mains notamment en protégeant mes sources.''

De Pierre Péan war ee vun de ganz groussen Nimm am franséische Journalismus, Synonym fir zolidd a politesch ganz brenzeleg Enquêten, gréisstendeels an Zesummenhang mat franséische Muechtnetzwierker an Afrika.

Zanter der Verëffentlechung 1983 vun ''Affaires africaines'', an deem hien déi neokolonial Politik vu Frankräich géigeniwwer dem Gabon, mat der Komplizitéit vu korrupten afrikaneschen Elitten, opgedeckt hat, war eleng d'Annonce vun all neiem Péan en Evenement, dat verschidde Muechtkreesser zum Ziddere bruecht hat.

Déi Paranoia goung schonn emol esou wäit, datt mat allen Drockmëttele versicht gi war d'Publikatioun vu Bicher ze verhënneren, déi de Péan ... ni geschriwwen hat! An deem leschten hallwe Joerhonnert sollt de produktiven onofhängege Journalist bal ee Buch pro Joer verëffentlechen.

Keen ''Investigatiounsjournalist"

De Pierre Péan huet sech selwer als ''enquêteur'' oder ''journaliste d'initiative'' bezeechent, dee sech Zäit geholl hat fir gedëlleg no all de pertinenten Dokumenter ze sichen, mat Sourcen ze schwätzen a seng Informatiounen ze kräizen.

Mam Begrëff ''investigative Journalismus'', deen ëmmer méi Moud ginn ass, konnt hien dogéint net vill ufänken. Fir hie waren investigativ Journalisten déijéineg, déi sech mat zougespilltem Material zefridde ginn, andeems si zum Beispill Procès verbauxen tel quel publizéieren, mat deenen Untersuchungsriichter eng lafend Instruktioun wëlle beaflossen.

''Hier - j'allais écrire 'de mon temps' -, on essayait de démonter des systèmes, pour en dénoncer l'éventuelle nocivité ; aujourd'hui, on traque des individus, participant à la généralisation du cynique et dangereux tous pourris.''

Dat schreift de Péan a senge ''Mémoires impubliables'' (Albin Michel), déi hie kuerz viru sengem Doud am Juli 2019 konnt fäerdeg stellen.

Informantereseau

An deem 650 Säite laange Buch erzielt hien d'Hannergrënn vun all sengen Enquêten, wat hien deemools motivéiert hat, wéi hien u seng Informatioune koum. Genee wéi een dat beim renomméierten amerikanesche Reporter Seymour M. Hersh senge Memoirë kann noliesen, kënnt näischt vun ongeféier.

De Péan, e Kand mat ganz bescheidenen Originnen, hat an den 1960er Joren als jonken Diploméierten eng Plaz am Staatsapparat vum Gabon fonnt, do Leit kennegeléiert, an op deem relationnelle Kapital lues a lues eng Karriär als - fir d'éischt emol op Energiefroe spezialiséierte - Journalist opgebaut.

Am Laf vun de Jore sollt esou een impressionnante Reseau vun Informanten entstoen, bis an déi héchste Regierungs-, Geheimdéngscht-, Militär- oder Wirtschaftskreesser eran, an Afrika an a Frankräich. Et muss ee sech esouguer froen, ob hien net selwer op eemol en Acteur gi war ...

Vill Feinden

Gläichzäiteg sollt sech de Péan mat senger journalistescher Aarbecht eng jett Feinde maachen. De Lieser gëtt esou gewuer, mat wéi engen Obstakelen een och an enger Demokratie muss rechnen, wann ee sech ze vill fir gewësse Milieuen interesséiert: Prozesser, Mediecampagnen a soss Intimidatiounen, wann et guttgeet; Bommenattentater a konkret Ermordungspläng, déi de leschte Moment ofgeblose ginn, wann een - wéi de Pierre Péan - sech drun hält wéi de Geck un de Bengel.

Seng Enquête iwwer d'Dageszeitung Le Monde (eng Zesummenaarbecht mam Philippe Cohen) war e grousse Publikumserfolleg. Mee mat ''La Face cachée du Monde'' hat de Péan et sech mat ëmmer méi aflossräiche Leit verduerwen. Seng empathesch Biografie vum konservative franséische President Jacques Chirac hat hien a lénke Kreesser, zu deenen hie sech eigentlech ëmmer gezielt hat, verdächteg gemaach.

"Antisemitt", "Negationist", "Revisionist"

Mat sengem Buch iwwer den ëmstriddene fréieren Ausseminister an ''humanitäre'' Kricher Bernard Kouchner hat hie sech de grad esou infamante wéi onverdéngte Label vum Antisemitt agefaangen. D'Bezeechnunge ''Revisionist'' an ''Negationist'' waren d'Äntwert op säin Noweis, datt et am Ruanda net nëmmen déi gutt Tutsien an déi béis Hutue goufen, an am Kosovo net nëmmen déi béis Serben an déi gutt Albaner.

''Connaissant les dessous du métier, je ne comprends pas que des enquêteurs, des investigateurs s'érigent en donneurs de leçons de morale, en dénonciateurs. Notre fonction consiste à 'dire les choses cachées'.''

Vläicht aus all deene Grënn ginn dem Pierre Péan seng ''Mémoires impubliables'' a Frankräich op eemol net méi esou breet diskutéiert, wéi fréier emol seng Enquêten. Dës Memoiren däerf sech awer net entgoe loossen, wien un engem intelligente a spannende Buch voller Detailer iwwer Journalismus an iwwer d'Kulisse vum leschten hallwe Joerhonnert franséisch Geschicht interesséiert ass.