Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Emil fiert op Wien

Kannerbuch

Den Emil fiert op Wien

Den Teddybier Emil fiert déi éischte Kéier a sengem Liewe ganz eleng op Wien. Wéi den Emil dës Rees erlieft, huet dTeddybiermécherin Renée Hutmacher zesumme mat Kanner aus der Schoul an der Dällt vu Schëtter, am Buch "Den Emil fiert op Wien" zesummegestallt.

auto_stories

2 min

Den Emil ass e klenge Bier. Elo ass déi grouss Vakanz an den Emil huet eng opreegend Zäit viru sech. Hie fiert ganz eleng bei seng Tatta Lilly op Wien. Net esou einfach, well Wien ass wäit ewech an den Emil huet natierlech e bëssen Angscht virun dëser laanger Busrees ouni seng Famill.

Eng léif Geschicht

Mee et ass net just, datt den Emil eleng ass, esou eng Rees ass net immens spannend: "Et ass awer och esou langweileg". An nieft der Langweil kënnt dann natierlech och d'Fro: "Si mer schonn zu Wien?"

No engem klenge Malheur, dat den Emil awer gutt iwwersteet, sinn d'Buch an och dem Emil seng Rees fäerdeg: "Dohannen, déi Fra mam orangen Hutt, dat ass meng Tatta Lilly. Endlech si mir zu Wien!" Eng ganz einfach Geschicht, wou net villes passéiert, an déi awer vill Charme huet.

Vu Schüler gezeechent

Fir d'éischt emol zur Illustratioun. Hei handelt et sech ëm e Fotocollage. Den Emil ass eng Foto vun engem Petzi, den Hannergrond ass gezeechent vu Schülerinnen a Schüler vum zweete Cycle aus der Schoul an der Dëllt vu Schëtter.

Eng lieweg a räich Illustratioun, déi een och da selwer fierwe kann.

Eng originell Publikatioun

An d'Geschicht? Och wa se u sech ganz basic ass, sou ginn hei vill Theeme beréiert, déi ee mat de Kanner ka verdéiwen. Fir d'éischt mol, wou ass Wien a wat ass Wien, dann awer och de Sujet eleng reesen, wéi fillt ee sech derbäi, géif ee sech dat iwwerhaapt trauen?

D'Renée Hutmacher ass Weltmeeschterin am Teddybierbitzen an och soss eng villfach priméiert Teddybiermécherin.

"Den Emil fiert op Wien" ass e flotte Projet mat Schülerinnen a Schüler a Chapeau fir d'Editions Phi, datt si dës Geschicht publizéiert hunn. Ganz sécher eng originell, intelligent a fir d'Freed un de Bicher scho bei de ganz Jonken ze stimuléieren.