Radioen

On air

Notturno  |  Ellen Arkbro & Johan Graden - Temple

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den anarchistesche Camus

Een Thema, e Buch

Den anarchistesche Camus

Den däitschen Anarchist Lou Marin hat 2008 eng Sammlung vun Texter erausginn, déi den Albert Camus an diversen anarchistesche Publikatioune verëffentlecht hat: "Camus et les libertaires. 1948-1960". Deen zu deem Zäitpunkt weltberüümte Schrëftsteller a Philosoph hat domat säi Profil als anti-autoritäre Lénke geschäerft.

auto_stories

6 min

"Est-ce qu'on peut faire le parti de ceux qui ne sont pas sûrs d'avoir raison? Ce serait le mien."

Datt den Albert Camus politesch lénks agestallt war a sech resolut all Form vun Totalitarismus widdersat hat, ass wuel bekannt. Virun allem och duerch seng vehement Ausernanersetzungen, an den 1950er Joren, mam Jean-Paul Sartre, deen an där Zäit ee ferme Supporter vun der Sowjetunioun war.

Am Schied bleift awer meeschtens, datt dem Camus seng Astellung an engem méi breeden Engagement zugonschte vu libertären, dat heescht anarchisteschen Iddien, agebett war. Seng anti-autoritär Iwwerleeungen am Déngscht vun der Fräiheet hat hien natierlech a seng literaresch a philosophesch Wierker afléisse gelooss, donieft och a senger Aarbecht als Journalist. Manner bekannt sinn dogéint d'Texter, déi de Camus anarchisteschen Zäitschrëften, souwuel a Frankräich wéi och am Ausland, zur Verfügung gestallt hat.

Gewalt ass net ze verhënnere, mee ...

2008 hat den däitschen Anarchist Reinhard Treu alias Lou Marin eng Selektioun dovun ënner dem Titel "Albert Camus et les libertaires. 1948-1960" verëffentlecht. Lou Marin, iwweregens eng Uspillung op d'Duerf Lourmarin an der Provence, wou den Albert Camus seng lescht Jore bis zu sengem Doud am Januar 1960 gelieft hat.

"Je crois que la violence est inévitable. Les années de l'occupation me l'ont appris. Je ne dirais donc point qu'il faut supprimer toute violence, ce qui serait souhaitable, mais utopique en effet. Je dis seulement qu'il faut refuser toute légitimation de la violence. Elle est à la fois nécessaire et injustifiable. Alors, je crois qu'il faut lui garder son caractère exceptionnel, précisément, et la resserrer dans les limites qu'on peut. Cela revient à dire qu'on ne doit pas lui donner de significations légales ou philosophiques."

An enger laanger Aféierung erkläert de Lou Marin, wéi den Albert Camus fir d'éischt méi enke Kontakt mat libertäre Kreesser kritt hat. 1940 war hie mat Drécker, Setzer a Korrektere vun der Zeitung Paris Soir virun den Nazie geflücht. Do hat hien d'Rirette Maîtrejean kennegeléiert, eng erfueren Anarchistin, laang Jore Co-Verleeërin, zesumme mam anti-stalinistesche Revolutionär Victor Serge, vun der Zäitschrëft L'Anarchie.

No senger Zäit bei der Dageszeitung Combat, déi nach wärend dem Zweete Weltkrich vu Resistenzler gegrënnt gi war, hat de mëttlerweil weltberüümte Camus am Laf vun de 50er Joren säi literarescht Talent an den Déngscht vun diverse libertäre Publikatiounen a Frankräich, déi deementspriechend kleng Oplagen haten, verëffentlecht: Défense de l'homme, Liberté, Témoin, La Révolution prolétarienne.

Tëschent de Fronten am Kale Krich

Kritiséiert hat hie Verstéiss géint Mënscherechter, ob am Ostblock oder am Westen. Net akzeptéiere konnt zum Beispill déi geplangten Opnam an d'Nato vu Spuenien ënner dem Diktator Franco. 1939 hat de Franco mat Hëllef vun Nazi-Däitschland an dem faschisteschen Italien déi spuenesch Republik zerstéiert.

De Camus, deem seng Mamm Spuenierin war, hat besonnesch och Sympathië fir déi spuenesch Anarchisten, déi Affer vun der Diktatur waren. 1952 sollt den diktatoresche Regime da Member vun der UNESCO ginn. Grad zu engem Moment, wou Gewerkschaftler do ëmbruecht gi waren a Prozesser ustoungen - e Skandal, sou de Camus 1952 an engem un d'Unesco adresséierten ëffentleche Bréif:

"Je mets, par exemple, au défi vos services d'organiser à Madrid l'Exposition des droits de l'homme qu'ils ont fait connaître dans beaucoup de pays. Si déjà l'adhésion de l'Espagne franquiste aux Nations unies soulève de graves questions dont plusieurs intéressent la décence, son entrée à l'Unesco, comme d'ailleurs celle de tout gouvernement totalitaire, violera par surcroît la logique la plus élémentaire."

Op der Säit vum Aarbechter, ob Westen oder Osten

1956 hat den Albert Camus d'Vereenten Natiounen opgeruff, Protest géint déi sowjetesch Repressioun an Ungarn anzeleeën. E puer Joer virdrun hat hien eng Uklo géint kommunistesch Intellektueller am Weste verëffentlecht - viséiert war ënner anerem de Sartre -, déi d'Nidderschloe vum Aarbechteropstand an der DDR, de 17. Juni 1953, ignoréiert wann net esouguer rechtfertegt haten:

"Quand un travailleur, quelque part au monde, dresse ses poings nus devant un tank et crie qu'il n'est pas un esclave, que sommes-nous donc si nous restons indifférents ?"

Am Géigesaz zu anere lénken Intellektuellen, déi de kapitalistesche Weste verurteelt an de kommunisteschen Osten am Numm vum Klassekampf ëm all Präis ënnerstëtzt haten, war den Albert Camus fir dat - a sengen Aen - klengsten Iwwel agetrueden, wéi an dësem Text vun 1957:

"il n'y a pas d'évolution possible dans une société totalitaire. La terreur n'évolue pas, sinon vers le pire, l'échafaud ne se libéralise pas, la potence n'est pas tolérante. Nulle part au monde on n'a pu voir un parti ou un homme disposant du pouvoir absolu ne pas en user absolument.

(...) Les tares de l'Occident sont innombrables, ses crimes et ses fautes réels. Mais, finalement, n'oublions pas que nous sommes les seuls à détenir ce pouvoir de perfectionnement et d'émancipation qui réside dans le libre génie. N'oublions pas que lorsque la société totalitaire, par ses principes mêmes, oblige l'ami à livrer l'ami, la société d'Occident, malgré tous ses égarements, produit toujours cette race d'hommes qui maintiennent l'honneur de vivre, je veux dire la race de ceux qui tendent la main à l'ennemi lui-même pour le sauver du malheur ou de la mort."

Konscht a Pressefräiheet

Mee och dat klengsten Iwwel war net an allen Hisiichten akzeptabel, zum Beispill, wann et ëm de Stellewäert vun der Konscht goung. An engem Text vun 1953 hat de Schrëftsteller a Philosoph geschriwwen:

"Les tyrannies, comme les démocraties d'argent, savent que, pour régner, il faut séparer le travail et la culture. Pour le travail l'oppression économique y suffit à peu près, conjuguée à la fabrication d'ersatz de culture (dont le cinéma, en général). Pour la seconde, la corruption et la dérision font leur œuvre. La société marchande couvre d'or et de privilèges des amuseurs décorés du nom d'artistes et les pousse à toutes les concessions. Dès qu'ils acceptent ces concessions, les voilà liés à leurs privilèges, indifférents ou hostiles à la justice, et séparés des travailleurs."

An awer konnt de kapitalistesche Staat eppes ganz Wichteges bidden, wat an engem totalitäre Regime ondenkbar war: d'Pressefräiheet:

"La presse libre peut sans doute être bonne ou mauvaise, mais assurément, sans la liberté, elle ne sera jamais autre chose que mauvaise. (...) La liberté n'est rien d'autre que la chance d'être meilleur, tandis que la servitude est l'assurance du pire. "

Géint den algereschen FLN, fir den MNA

D'Schicksal vun Algerien, wou hien op d'Welt koum a laang gelieft hat, louch dem Camus besonnesch um Häerz. Am Onofhängegkeetskrich géint d'Kolonialmuecht Frankräich, deen 1954 ausgebrach war, hat sech den Albert Camus net op d'Säit vum autoritären FLN, dem Front de Libération nationale, geschloen. Verdeedegt hat hien de méi moderéierte sozialistesche Mouvement national africain vum Messali Hadj, dee vun algeresche Gewerkschaften ënnerstëtzt gouf an deen den FLN bluddeg bekämpft hat:

"Allons-nous laisser assassiner les meilleurs militants syndicalistes algériens par une organisation qui semble vouloir conquérir, au moyen de l'assassinat, la direction totalitaire du mouvement algérien ? Les cadres algériens, dont l'Algérie de demain, quelle qu'elle soit, ne pourra se passer, sont rarissimes (et nous avons nos responsabilités dans cet état de choses). Mais parmi eux, au premier plan, sont les militants syndicalistes. On les tue les uns après les autres, et à chaque militant qui tombe, l'avenir algérien s'enfonce un peu plus dans la nuit. Il faut le dire au moins, et le plus haut possible, pour empêcher que l'anticolonialisme devienne la bonne conscience qui justifie tout, et d'abord les tueurs."

"je ne serai jamais pour un régime qui tyrannise à la fois le travail, par la suppression des libertés syndicales, et la culture, par l'asservissement de l'esprit." Albert Camus, 1955.