B-Radio Décke Gas um gäile Goudron
Näischt ass dem Lëtzebuerger esou helleg wéi säin Auto. Hei héiert Dir alles - oder bal - wat een iwwer d'Welt vun de véier Rieder muss wëssen. Also: De Gurt ugemaach a lass geet et!

Beim Theema "Auto" ka jidderee matschwätzen, mat gudden a schlechten Erënnerungen. Auto-Anekdote gëtt et wéi Sand um Mier. Bei dësem Episod vum B-Radio - deem leschte vun der Saison - loosse mer einfach emol de Moto ulafen, an da rullt et scho vum selwen!
Un dëser illustrer Experteronn bedeelegt waren dës Kéier: Michel Delage, Kerstin Thalau, Philippe Hansen a Pierre Reyland.
Inspiratiounsquelle fir dës Emissioun: