D'Iddi vum Projet war et, Mënschen an hirem sozialen Ëmfeld kennenzeléieren a si dann ze fotographéieren. Dës Opname sollten dann als riseg Affichen op ëffentleche Plaze presentéiert ginn.
Konscht fir déi einfach Leit
D'Konscht muss och fir déi normal Leit accessibel sinn, seet de Raymond Reuter. Déi einfach Leit géifen awer op de Fussball goen oder géife Keele spille goen an net an de Musée.
"Mir hunn eis geduecht, mir bréngen d'Konscht op d'Strooss." Et hätt een och wëlle weisen, wéi d'Leit virun 100 Joer gelieft hunn, wéi et an de Minnen ausgesinn huet, fir datt Visiteuren aus dem Ausland sech kënnen e Bild maachen, "wéi et fréier war, a wéi et haut ass".
Kënschtler kënnen d'Argumenter net novollzéien
De Projet gouf awer vum net zeréckgehalen.
De Raymond Reuter an de Claude Frisoni si schockéiert iwwer déi Äntwert, si kéinten d'Argumenter net novollzéien.
Déi Krittären, op déi sech beruff gëtt, wieren néierens beschriwwen, seet de Claude Frisoni. Hinne géif och virgeheit ginn, datt hir Iddi e Plagiat wier. Ee Skandal, fënnt de Claude Frisoni.
"D'Decisioune goufen unanime geholl"
D'Nancy Braun, Directrice vun Esch 2022 ënnersträicht, datt kee vun Esch 2022 déi zwee Kënschtler hätt wëlle blesséieren oder hire Projet als Plagiat duerstellen. Dem Claude Frisoni geet et net drëm, datt säi Projet refuséiert gouf, mee et geet him ëm d'Argumentatioun. Och aner wichteg Projete wiere refuséiert ginn. D'Nancy Braun preziséiert, datt déi Decisiounen am Comité alleguerten unanime geholl géife ginn.
De Projet hätt vu ville Gemengen Ënnerstëtzung kritt, och am finanziellen, seet de Raymond Reuter. D'Nancy Braun gesäit dat anescht: "Et war net alles sou, wéi si dat duerstellen." Si bedauert, datt et net zu engem Gespréich tëschent de Kënschtler an de Responsabele vun Esch 2022 komm ass, mee datt si de Wee iwwer d'Press gewielt hunn.