Radioen

On air

Notturno  |  The Beach Boys - God Only Knows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Präis fir eng zweet Chance

Luxfilmfest

De Präis fir eng zweet Chance

"Gutland" vum Govinda Van Maele vermëscht Elementer aus Film noir, Thriller an Documentaire fir den Integratiounsprozess vun engem Aussesäiter an eng fir hien nei Gemeinschaft duerzestellen. Deen eenzege Lëtzebuerger Bäitrag an der Kompetitioun vum Luxfilmfest.

auto_stories

3 min

"Géi du emol do an d'Maisfeld eran" (Foto: DR)

Den Däitsche Jens, grad eraus aus dem Prisong, sicht an engem Lëtzebuerger Bauerenduerf no Aarbecht. Do léiert hien dat duerchdriwwent Lucy kennen. Eigentlech ass de Jens op de Flucht. Mussen d'Awunner vum Duerf sech elo virun deem "louchë Preis" hidden, oder ëmgedréint?

A sengem éischte Long métrage "Gutland" gräift de jonke Lëtzebuerger Realisateur Govinda Van Maele op ee klassesche Sujet vum Film noir zeréck: den Outsider, dee viru senger Vergaangenheet fortleeft a versicht, een neit Liewen unzefänken. Ier hien awer an dëse Genre erarëtscht, fänkt de Film éischter onopfälleg un.

Um Land ticken se anescht!

D'Kamera wackelt, d'Bildqualitéit erënnert un eng Hei elei Kuck elei-Emissioun aus den 80er Joren. An dat ass et och, eng Aart Reportage iwwert d'Liewen um Land, mat Biller vun der Recolte um Feld, mat de Kéi, déi gestrach ginn, de Baueren, déi vun der Long op d'Zong schwätzen, dem "typesch Lëtzebuerger" Oktoberfest, de Prouwe vun der Duerfmusek, dem gemeinsamen Ham-Fritten-an-Zalot-Iessen an der Salle à manger mam Buergermeeschter.

No an no entdeckt de Jens (gespillt vum Frederick Lau), wat sech hannert der Fassad vum idylleschen Duerf verstoppt: eng Welt voller Geheimnisser a Perversiounen. Um Land, do ticken se eben anescht! Eng Welt, an déi hien ageweit gëtt vum Dirigent vun der Duerfmusek an inoffizielle Chef vum Duerf (Marco Lorenzini) a vum sexuell opgeschlossenen Duerfmeedche Lucy (Vicky Krieps an enger Zort Femme fatale-Roll).

De "Gutland"-Realisateur an Auteur vum Dréibuch Govinda Van Maele spillt mat den Erwaardunge vum Spectateur, zum Beispill andeems hie matzen am Film de Genre wiesselt, dat Dokumentarescht schwenkt an de Thriller eriwwer. Hien hëlt sech Zäit fir eng Atmosphär opzebauen, déi ëmmer méi beängschtegend gëtt a sech mat enger impressionnanter Zeen an engem Maisfeld zu engem éischten Héichpunkt steigert.

Joreszäitenzyklus als Metapher

"Gutland" ass virun allem ee Film iwwert d'Redemptioun, dat heescht d'Méiglechkeet, fir am Liewen eng zweet Chance ze kréien. Dat huet allerdéngs säi Präis. Ënner Ëmstänn muss ee seng Identitéit opginn, fir kënne mat der neier Gemeinschaft ze verschmëlzen. Ee Sprong an d'Ongewëssheet, dee fir de Jens mat Ängschte verbonnen ass, eppes wat mat de Thriller-Elementer gutt zum Ausdrock kënnt.

Den Zyklus vun de Joreszäiten, dee sech am Laf vum Film via déi sëllech Landschaftsopnamen entfaalt, ass eng Metapher fir den Transformatiounsprozess, deen den Haaptpersonnage duerchleeft. Grad ewéi de Mais vum Feld gedrescht gëtt, schneit de Jens sech seng schmuddeleg Hoer kuerz a léisst de Baart verschwannen. Dat wanterlecht Bild vum plakegen, mat Schnéi bedeckte Feld entsprécht dem plakege Jens, dee wéi neigebuer do steet.

"Gutland" ass ee Spill mat Clichéen, klassesch gefilmt, een alles an allem gutt ëmgesaten a kohärente Film.