Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Lutz Seiler ass mam Georg-Büchner-Preis ausgezeechent ginn

Literatur

De Lutz Seiler ass mam Georg-Büchner-Preis ausgezeechent ginn

No sëllege Literaturpräisser, mat deenen de Lutz Seiler zënter 2007 ausgezeechent ginn ass, ass et elo de renomméiertsten, deen him unerkannt ginn ass: de Georg-Büchner-Präis. Ëmmerhin de Literaturpräis an Däitschland mat der héchster Dotatioun vu 50.000 Euro.

auto_stories

1 min

Mat sengen zwee Romaner "Kruso" (Suhrkamp, 2014) a "Stern 111" (Suhrkamp, 2020) ass den däitsche Schrëftsteller dem grousse Publikum bekannt ginn.

Den 1963 zu Gera, deemoleg DDR, gebuerene Schrëftsteller befaasst sech haaptsächlech mat engem Sujet, dem fréiere Liewen an der Däitscher Demokratescher Republik.

D'Jury vum Büchner-Präis huet an hirer Begrënnung dann och dem Auteur seng Verbonnenheet mat senger Heemecht Thüringen ervirgehuewen. De Büchner-Preis zeechent e Liewenswierk aus, an de Lutz Seiler huet säi literarescht Schafen mat Lyrik ugefaangen, dofir ass dann och an der Motivatioun ze liesen:

"Der mit klangvollen Gedichtbänden begann, von dort zum Erzählen fand, stets aber ein so klarer wie rätselhafter, dunkel leuchtender Lyriker bleibt". Hien hätt eng onverwiesselbar Stëmm fonnt: "melancholisch, dringlich, aufrichtig, voll von wunderbaren Echos aus einer langen literarischen Tradition."