Radioen

On air

Notturno  |  Sascha Ley - Travelling Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Lëtzebuerger Konschtbarometer steet déif

Konscht

De Lëtzebuerger Konschtbarometer steet déif

Wéi bekannt si Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler? Déi Fro sollt eng grouss Ëmfro beäntweren. D'Resultat ass eendeiteg: Deene meeschte Leit ass Konscht vu Lëtzebuerg eigentlech egal.

auto_stories

2 min

"Kennt Dir eng Lëtzebuerger Molerin oder e Moler?" hat TNS Ilres am Optrag vum Cercle Artistique du Luxembourg gefrot. 52 Prozent vun de Leit konnte keen een Numm nennen. An dat no 125 Joer Cercle Artistique, no bal 70 Joer Staatsmusée, no 20 Joer Casino, Konschtforum an der Ënneschtgaass, an no 10 Joer Mudam. Dobäi kommen zwee Kulturjoer an d'hoffnungsvoll Erwaardung no engem klengen drëtten.

Der bildender Konscht gekënnegt

Déi aner 48 Prozent vun de befrote Leit hu fënnef Moler als Favoritte genannt. Dorënner zwee Doudeger. Net genannt ass de Michel Majerus. Net genannt ass d'Su Mei Tse mat hirem gëllene Léif zu Venedeg. Net genannt ass de Mike Bourscheid, dee Lëtzebuerg an dësem Moment op der Konschtbiennale zu Venedeg vertrëtt. An net genannt ass de Marco Godinho, dee fir d'Biennale vu Lyon selektionéiert ginn ass.

Bei där zweeter Fro goufen d'Nimm vu Kënschtler opgezielt, déi Member beim CAL sinn. Bekannt bei de Befrotene waren ënner anerem d'Patricia Lippert, de Gust Graas an de Brandy.

Mee de Kënschtlerbarometer steet déif. Bei den 999 gefrote Leit hunn déi meescht der bildender Konscht zu Lëtzebuerg eigentlech gekënnegt. "Spontan kënne 70 Prozent vun deene jonke bis 24 keen Numm nennen", seet de Charles Margue vun TNS Ilres. Vun de Leit iwwer 65 kéinten zwee Drëttel Kënschtler nennen. Tëschent 40 a 50 Joer géif et kippen.

D'Resultat misst een och am Kontext vun der Lëtzebuerger Gesellschaft gesinn, déi just zur Halschent aus Lëtzebuerger géif bestoen. "Zwee Drëttel vun den Auslänner kënne keng Nimm vu Lëtzebuerger Kënschtler nennen. A 40 Prozent vun de Lëtzebuerger kënne keng nennen", seet de Charles Margue.

De Succès vun de Muséeën

Wann de Mudam am gaangen ass, d'Grenz vun 100.000 Visiteuren am Joer ze briechen, a wa bei Evenementer wéi der Nuit des Musées eng 14.000 Leit an enger Nuecht d'Muséeën zu Lëtzebuerg kucke ginn, ass et verwonnerlech, datt dës Etude sou negativ ausfält.

"Mir hu jo gefrot ob lëtzebuergesch Kënschtler bekannt sinn. Mir hunn net gefrot, gitt Dir an de Musée. Et geet dem CAL net drëm, Lëtzebuerger Konscht exklusiv an de Muséeën ze weisen", seet de Marc Hostert, de President vu CAL. Awer wa Lëtzebuerger Konscht méi géif gewise ginn, kéint se méi erkannt ginn, méi gewäertschätzt ginn a méi gesammelt ginn.