Radioen

On air

Notturno  |  Julie Byrne - Summer Glass

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kannapee als Symbol a Funktioun

Literatur

De Kannapee als Symbol a Funktioun

Der Nathalie Ronvaux hiren zweete Roman "Le Chesterfield du cinquième" (Editions Guy Binsfeld) geet ëm Léift a Frëndschaft, déi keng zäitlech Limitte kennen. Cleveren Exercice de style, vläicht e bëssen ze theoretesch.

auto_stories

4 min

De Luka, e jonke Mann vun an déi 30, wunnt um drëtte Stack. Enges Daags léiert hie säin Noper vum fënnefte kennen. De Lucien ass e gudde Krack méi al ewéi hien. Et ass e virwëtzege Mann, deen him permanent Froen iwwer säi Privatliewe stellt - selwer léisst hie sech allerdéngs manner gären an d'Kaarte kucken.

Seng Wunneng voller Tableauen, seng Virléift fir Whisky a verwässerte Rosé loossen op e kultivéierten Exzentriker schléissen, deen iwwerdeems all Donneschdeg eng Band vu véier Frënn bei sech empfänkt - e geheimnisvollt Ritual, zu deem och de Luka iergendwann eng Kéier ageluede gëtt...

''Le Chesterfield du cinquième'' (Editions Guy Binsfeld) ass den zweete Roman vun der Nathalie Ronvaux. Genee wéi mam Virgänger ''Subridere. Un aller simple'' (Hydre Editions) faasst d'Autorin sech och dës Kéier immens kuerz. Sou datt ee sech ka froen, ob d'Bezeechnung Novella fir dësen ongeféier 120 Säite kuerzen, lëftegen Text net méi ubruecht wier.

Frëndschaft a Léift ouni Grenzen

D'Erzielperspektiv an der éischter Persoun ass déi vum Haaptprotagonist Luka. Allerdéngs hu mer et mat zwou verschiddenen Zäitschinnen ze dinn, dovunner eng, déi ganz fréi schonn den Dout vum eelere Lucien virewech hëlt. D'Nathalie Ronvaux bréngt déi heite Subtilitéit mat eran: op béiden Zäitniveaue si mer am Erzieler sengem Present.

Dat passt bei d'Thema vum Buch, nämlech eng vun der Zäit lassgeléiste Frëndschaft oder Léift: sief et déi frëndschaftlech Relatioun tëschent dem Luka an dem Lucien, sief et d'Libesbezéiunge vum Luka mat der Charlotte respektiv der Eléonore, déi de Lucien souzesoe ''par procuration'' erlieft.

"(...) deux personnes peuvent être en résonnance l'une avec l'autre pendant quelques heures, quelques semaines, quelques mois ou années et que le temps n'a pas d'importance. Si des personnes se sont aimées, si elles ont été respectueuses l'une envers l'autre, la fin ne discrédite en rien l'amour que l'on a porté à quelqu'un."

Dës Erklärung vum erfuerene Lucien verweist méiglecherweis op de Begrëff Resonanzen, mat deem sech den däitsche Soziolog Hartmut Rosa en Numm gemaach huet. Am Buch gëtt awer just ee Volet vun där komplexer Notioun entwéckelt, oder besser gesot: ugeschnidden.

Exercice de style

Et gëtt am Roman ganz wéineg Unhaltspunkten, déi d'Erzielung an eng konkret Realitéit géif verankeren, streng geholl just de Metro, deen op e Paräisser Kader kéint hindeiten... D'Buch wierkt souwisou och éischter wéi e formellen Exercice de style, fir net ze soen en theoretescht Wierk, an deem all Element eng bestëmmte Funktioun huet.

Zum Beispill den Chesterfield aus dem Buchtitel, also den elegante liederse Kannapee an der Wunneng um fënnefte Stack: dem Lucien säin Troun. Dee Miwwel symboliséiert dee Personnage, deem seng Presenz iwwert säin Doud eraus gewëssermoosse materialiséiert gëtt. Gläichzäiteg steet den Chesterfield fir d'Plaz, déi de Lucien a sengem Poterclibbche fräi léisst, an déi vu sengem jonken Alter ego Luka kann ageholl ginn - eng Generatioun geet, déi nächst réckelt - zwee Stäck driwwer - no:

"Eux, ils s'étaient assis comme d'habitude et attendaient désespérément que l'équilibre soit rétabli, que quelqu'un remplisse le vide et décide de s'asseoir dans ce Chesterfield. Et ce quelqu'un ne pouvait être nul autre que moi. J'ai donc fait ce que j'avais à faire et je me suis assis dans son fauteuil en cuir."

Rätselen, Coden, anonym Bréiwer...

Vun der flotter poetescher Sprooch aus dem Debutroman ''Subridere. Un aller simple'' ass am ''Chesterfield du cinquième'' wéineg iwwreg bliwwen, amplaz gëtt méi Wäert op séier a knapp Dialoge geluecht. Den Hang zu typographesche Spillereien ass dogéint ëmmer nach do, mat där enger oder anerer op ganz wéineg Zeile reduzéiert Säit, oder den handgeschriwwene Bréiwer, déi de Lucien dem Luka hannerléisst, mat hire Post-scriptummen am Dräierpak!

D'Nathalie Ronvaux spillt bewosst mat den Erwaardunge vum Lieser, wa si vu Rätsele schreift, vu Coden, déi et ze knacke gëllt, vun anonymme Bréiwer, déi de Lucien wéi och ëmmer solle menacéieren... Dat Ganzt erënnert - toutes proportions gardées - un dat narratiivt Konstrukt vum Umberto Eco sengem ''Pendolo di Foucault''. Mee well et hei vill manner Säiten ze liese gëtt, ass d'Frustratioun um Enn och vill méi kleng...

Sou clever an duerchduecht et och ass, wierkt d'Buch am allgemenge vläicht eng Grëtz ze theoretesch - e bësse méi Liewen hätt deem Ganze sécherlech gutt gedoen.