Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Guy Helminger gewënnt de Servais Präis 2022

Kultur

De Guy Helminger gewënnt de Servais Präis 2022

De Guy Helminger gëtt fir säi Roman "Lärm" (capybarabooks) mam Servais Präis 2022 ausgezeechent.

auto_stories

1 min

Am Zentrum vum Roman steet de Versuch fir d'Liewensgeschicht vum "lärmempfindlechen" Psychotherapeut Konrad Schnittweg. Hie soll en Drobéif verfaasst hunn, dee weltwäit Macheschaften uklot.

Mat "Lärm" wier dem Guy Helminger ee intelligenten an interessante Roman gelongen, dee souwuel duerch d'Villfalt vu sengem Themen, wéi och duerch de Räichtum vu senge Figuren an och duerch seng narrativ Struktur géif iwwerzeegen, sou de Jury vum Servais Präis.

De Prix d'encouragement geet un de Julien Jeusette, fir säi Manuskript Vies provisoires.