De Konzeptkënschtler Gilles Pegel beschäftegt sech mat "grousse" Froen: wéi grouss, wéi wichteg ass de Mënsch, wou ass seng Plaz? Dee Sujet ass en etlechen ze grouss. Dowéinst versichen déi Ofkierzungen ze fannen, verwandele sech awer a Sklave vun der Virtualitéit, anerer ginn a Verschwörungstheorien op. De Gilles Pegel sammelt kéipweis Informatiounen a Materialien, fir a Konschtinstallatiounen gesellschaftlech an deemno wéi sënnlos Coden ze decodéieren.
Dës nei Installatioun mam Titel "This is fine" kéint een och als Kompetitioun tëschent Wëssenschaft a Konscht gesinn: op der enger Säit de Chantier, eng Aart opgebrachene Makadamm, op der anerer Säit hänkt e rechteckegt Stéck dovunner, schéi propper genormt, als Konschttableau un der Mauer. Mee esou wäit, oder konkret, wëllt de Gilles Pegel guer net no de Stäre gräifen. Och wann hie bei enger anerer Aarbecht de Stär Sonn, an also och d'Zäit, fir sech schaffe gelooss huet: als Statement géint de Stress a seng Konsequenzen huet hien Toille jorelaang der Sonn exposéiert, bis hir Molerei, oder déi Aart Foto, déi se entwéckelt hat, him zougesot huet.
"Evidence" liicht lëschteg a rassurant en Neon eriwwer. Mee niewendru steet eng Kartongskëscht, an der tëschent Stréi, wéi zoufälleg, ofgebrache Stécker Neonstubë verdächteg tompen. Alles awer net esou evident? De Gilles Pegel huet dernieft Harddiscen zu Spigelen zesummegetuckert, fir eis eisen digitalen Inconscient ze reflektéieren. Desolat Informatiounsruinen? A soll Konscht an deem Zesummenhang fir eng besser, méi konstruktiv Informatioun stoen?