Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Genozid a säi psychologeschen Impakt

Cineast

De Genozid a säi psychologeschen Impakt

Wéi gi Mënschen, déi de Genozid am Ruanda iwwerlieft hunn, mat hiren traumateschen Erliefnisser ëm? Där Fro gëtt de Film "Birds are singing in Kigali" vum polneschen Duo Joanna Kos-Krauze a Krzysztof Krauze no. Keen einfache Film, mä kënschtleresch a pedagogesch wäertvoll. Aus der offizieller Kompetitioun vum CinEast-Festival.

auto_stories

4 min

D'Anna (Jowita Budnik), eng polnesch Ornithologin déi am Ruanda d'Aasgeiere studéiert, gëtt wéinst dem Genozid 1994 gezwongen, nees zréck a Polen ze fléien. Begleet gëtt si vum Claudine (Eliane Umuhire), d'Duechter vun hirem Fuerscherkolleg, dee vun Hutuen ermort ginn ass. A Polen kritt si de politeschen Asyl accordéiert. Vum Trauma gezeechent kënnt déi jonk ruandesch Fra net zur Rou. D'Claudine wëll zréck an hiert Heemechtsland, fir no den Iwwerreschter vun den Elteren ze sichen. Mä och d'Polin Anna knat un hiren traumateschen Erliefnesser ...

Tëschent Abrëll a Juli 1994 goufen - der UNO no - ongeféier 800.000 Mënschen (Membere vun der Tutsi-Ethnie an och moderéiert Hutuen) brutal vun Hutuen ermort - eng Dot, déi jorelaang virbereet gi war. "Birds are singing in Kigali" (Ptaki spiewaja w Kigali ) ass ee Filmprojet vum polneschen Duo Joanna Kos-Krauze a Krzysztof Krauze, allerdéngs ass der Joanna hire Mann Krzysztof nach virum Tournage u Kriibs gestuerwen. De Film beschäftegt sech mat der Aart a Weis, wéi Mënschen, déi de Genozid iwwerlieft hunn, versichen, hir Erfarung ze verschaffen.

Ee Bild, dat e Malaise vermëttelt

Mol den emotionale Vide, mol d'Gereiztheet an d'Roserei, mol d'Tréinen ... Duerch eng ganz speziell Kamera-Aarbecht ginn d'Symptomer vum post-traumatesche Stress agefaangen, de Spectateur soll sech kënnen an d'Psychologie vun de Personnagen eraversetzen. D'Kamera ass ganz no um Gesiicht vum Anna a virun allem vum Claudine drun. Et ass och eng Manéier fir ze weisen, datt déi jonk Fra net an d'Bild passt, sech onwuel fillt.

Ëmgedréint gëtt si och ganz dacks vu Wäitem gefilmt, steet oder geet am Hannergrond, wéi vun der Welt deconnectéiert. D'Isolatioun gëtt verstäerkt duerch d'Objeten, déi tëschent hir an der Kamera stinn, wann duerch e Gitter, ee Moustiquennetz, asw. gefilmt gëtt, oder wann am Virdergrond - onschaarf - ee Stéck Mauer oder Dësch oder Stäil de Bléck stéiert. Et ass kee proppert, kee kloert Bild. Et ass e Bild, dat e Malaise vermëttelt.

Eliane Umuhire (Foto: CinEast-Festival)

An enger Zeen, déi an der ruandescher Haaptstad Kigali spillt, ass d'Claudine mam Responsabele vum Mord un hirem Papp konfrontéiert. Si wëll verstoen. Firwat? Eng zefriddestellend Äntwert kritt si net. De Mann steet am Virdergrond, dréint der Kamera de Réck, de Kapp gesäit een net. Am Hannergrond, de Kierper zur Kamera gedréint, steet d'Claudine - ganz verschwommen ...

Massaker duerch eekleg Associatiounen ugedeit

De Genozid ass am Laf vum Film ganz präsent, obwuel nëmme wéineg Zeenen direkt weisen, wat passéiert ass. Wann Täter mat enger Machete am Grapp gewise ginn, dann am Hannergrond - déi schrecklech Mordzeene lafe baussent dem Kader.

D'Massaker gëtt haaptsächlech iwwer eekleg Associatiounen ugedeit, déi am Laf vum Film ageblent ginn. Dacks ginn Aasgeier gefilmt, zum Beispill wa se sech iwwert ee Gnu hiermaachen. Déi éischt Opnam vum Film ass een onschaarfe Gros plan op Geieren, déi grad friessen (een anert Déier? ee Mënsch?).

Den Doud gëtt weider ervirgeruff duerch eng futtis Méck am Lavabo; futtis Fësch, déi ganz oder bluddeg a Stécker geschnidden do leien; a Formol agemaachten Déierefetussen; Geträips ... Wann Insektekolonne gefilmt ginn, entsteet d'Associatioun mat der Bezeechnung "Kakerlaken", déi vun den Täter gebraucht gouf, fir hir Affer z'entmënschlechen, fir si dann, mat guddem Gewëssen, kënnen ze massakréieren ...

Jowita Budnik

"Birds are singing in Kigali" ass een, wéinst der Thematik an och dem Traitement, schwéier verdauleche Film. Dem Joanna Kos-Krauze an dem Krzysztof Krauze ass jiddefalls ee kënschtlerescht Wierk gelongen, dat et fäerdeg bréngt, duerch richteg ausgewielte filmesch Mëttelen dem Spectateur d'Emotioune vun de Personnagen an d'Schrecke vun engem Genozid ganz no ze bréngen. Och wann een esou eppes net gär gesäit, et kënnt een net laanscht esou Filmer, fir richteg ze verstoen, wat geschitt ass.


"Birds are singing in Kigali" leeft nach eng Kéier dësen Donneschdeg 19. Oktober um 21 Auer am Utopia, am Kader vum CinEast-Festival.

Didacienne Nibagwire (Foto: CinEast-Festival)