Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Chaos vun der Welt entzifferen

Netflix

De Chaos vun der Welt entzifferen

En nigerianeschen Awanderer sicht zu São Paolo no sengem Brudder. Den usprochsvolle brasilianesche Film "Shine Your Eyes" suggeréiert eng verstoppten Eenheet hannert dem Duerchernee vum Liewen.

auto_stories

3 min

An der brasilianescher Metropol São Paolo ass den Nigerianer Amadi (O.C. Ukeje) op der Sich no sengem eelere Brudder Ikenna (Chukwudi Iwuji). De Papp ass dout, den eelste Jong gëtt doheem am Nigeria gebraucht. Am Laf vu senger Spueresich stellt dee Jéngste séier fest, datt säi Brudder der Famill eng Existenz a Brasilien virgegaukelt hat, déi net genee der Realitéit entsprécht. De Mann ass kee Professer fir Statistik op enger Uni. An awer schéngt hien eng Zort Fuerschung op eege Fauscht ze bedreiwen ...

Dem Brasilianer Matias Mariani säin éischte Long-métrage ''Shine Your Eyes'' (Cidade Pássaro) ass e Genre vu Film, deen een net spontan op eng Plattform wéi Netflix géif siche goen, een aus dem Beräich ''Art et essai'', wat een och heiansdo als ''Festivalfilm'' bezeechent. Et ass een am Rhythmus relativ luesen, meditative Film, e kryptescht Wierk, dat ganz ënnerschiddlech Theemen wéi Identitéit, Sproochen, Zoufall, Schicksal oder nach Magie matenee verstréckt.

Sproochepluralismus

Déi brasilianesch Wirtschaftshaaptstad São Paolo bitt dofir eng ideal Kuliss, eng Zort multikulturellt Gewulls, an deem sech den Haaptprotagonist emol muss erëm fannen. A well bal kaum een Englesch versteet, schwätzt en alt mat de Leit säin eegenen nigerianeschen Dialekt. Eng brasilianesch Ex-Frëndin vu sengem Brudder, mat där hie selwer eng Relatioun ageet, erkläert, datt si seng Presenz einfach nëmmen agreabel fënnt. Et ass eben eng aner Form vu méiglecher Kommunikatioun ... Nieft Portugisesch, Englesch an Igbo gëtt am Film ënner anerem och Chineesesch an Ungaresch geschwat, wéi gesot méi dacks nieftenee wéi mateneen.

Dee Sproochepluralismus gëtt am Film méi breet deklinéiert. Hei muss ee scho vu Langage an engem erweiderte Sënn vum Wuert schwätzen, nämlech vun all méiglechen Zeechesystemer, wéi Audio-Messagen, Landkaarten, mathematesch Formelen, jo esouguer d'Héichhaiser vu São Paolo, déi en urbane Bësch forméieren, deem seng Vertikalitéit duerch d'Kamera-Aarbecht ënnerstrach gëtt. Alles dat sinn Zeechen, déi dem Amadi säi Brudder schéngt hannert sech gestreet ze hu wéi d'Broutgrimmelen am Märchen.

Wie sicht no wiem, oder no wat?

Iwwerdeems eng Spuer zur nächster féiert, gëtt sech de klenge Brudder op eemol bewosst, datt hien och op der Sich no sech selwer ass. Ouni elo an de magesche Realismus ze verfalen thematiséiert de Realisateur Matias Mariani hei Elementer aus dem afrikaneschen Awerglawe wéi d'Reinkarnatioun an de Fluch.

Dat magescht an dat rationaalt Denke stoussen net wierklech openeen: se gräifen éischter aneneen, kooperéieren op eng geheim Aart a Weis. Mir ginn an d'Richtung vum alen Dram vun der Weltformel, der Kombinatioun unhand vun där een op eemol versteet, wat d'Welt zesummenhält.

Dem Film geléngt et, déi verschiddenst Dimensioune vun enger moderner Groussstad ze beliichten, déi nëmmen dem Uschäin no am Géigesaz zu enee stinn. Well en am manifeste Chaos en déiwe Sënn wëllt gesinn a kee fundamentale Konflikt, ass ''Shine Your Eyes'' en éischter optimistesche Film. Et ass sécher net den typeschen Netflix-Blockbuster, virun deem een owes kann ofschalten. Engem Nigerianer nozekucken, wéi dee sech zu São Paolo erëmschloe muss, ass nach dat, wat am mannste friem wierkt. Interessant a kuckenswäert.