Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Büchner-Präis fir d'Elke Erb

Porträt

De Büchner-Präis fir d'Elke Erb

Elke Erb dierft ville Mënschen onbekannt sinn, souguer deenen déi sech fir Literatur an och souguer fir d'Lyrik interesséieren. D'Valerija Berdi mat engem Portrait vun der Georg-Büchner-Präis Gewënnerin,vun dësem Joer déi net just literaresch engagéiert ass.

auto_stories

3 min

Foto: Gezett / gerald zoerner

Wann een bei enger Liesung vun der Elke Erb mat derbäi ass, da liest si net just, mee si kommentéiert. E bëssen alles, dat grad geliesten Gedicht, hier Stëmmung beim Schreiwen, beim Liesen, an dat a kuerzen a knappen Sätz, deenen eent net feelt an dat ass Humor a Selbstironie.

Dës Astellung huet déi 1938 an der Eifel gebueren Dichterin an Iwwersetzerin wuel och ëmmer gebraucht. Wou si zwielef Joer al war ass hier Famill an d'DDR ausgewandert. Sie huet Germanistik, Slawistik a Pädagogik studéiert an duerno als Lektorin beim Mitteldeutschen Verlag geschafft. Mee et war d'Lyrik, déi si nieft der Iwwerzeegungsaarbecht begeeschtert huet. Si huet haaptsächlech Literatur aus dem russeschen iwwersat a zënter 1966 als fräischaffend Dichterin an Traductrice gelieft a geschriwwen, 1975 kënnt hiert éischt Gedichtsband eraus "Gutachten, Poesie An der DDR ass hier Lyrik unerkannt ginn, hier Kritik un der Ausbiergerung vum Mënscherechtler Roland Jahn war den Ulass fir d'Stasi d'Schrëftstellerin ze iwwerwaachen. Nom Mauerfall geet si awer grad esou kritesch mat der Bundesrepublik ëm a reprochéiert Westdäitschland e Land ouni Kultur ze sinn.

Fir hier Lyrik ass si mat sëllege Präisser ausgezeechent ginn, och a Westdäitschland virum Mauerfall, hier Wierker sinn och deelweis an den zwee Länner publizéiert ginn oder souguer just an der BDR.

"Elke Erbs poetischer Sachverstand, der sich auch in ihrer reichen übersetzerischen Arbeit zeigt, beeinflusste mehrere Generationen von Dichterinnen und Dichtern in Ost und West. Ihre Gedichte zeichnen sich durch eine prozessuale und erforschende Schreibweise aus, in deren Verlauf die Sprache zugleich Gegenstand und Mittel der Untersuchung ist. Elke Erb gelingt es wie keiner anderen, die Freiheit und Wendigkeit der Gedanken in der Sprache zu verwirklichen, indem sie sie herausfordert, auslockert, präzisiert, ja korrigiert. Für die unverdrossene Aufklärerin ist Poesie eine politische und höchst lebendige Erkenntnisform."

, sou d'Begrënnung vun der Däitscher Akadamie für Sprache und Dichtung, déi zënter 1951 an dëser Form de Georg-Büchner Präis vergëtt, deen elo mat 50000 Euro dotéiert ass.

Elke Erb ass net just politesch ëmmer engagéiert gewiescht och mat hirem Asaz fir jonk Auteuren an Autorinnen huet si sech en Numm gemaach.

Interessant ass och hier Band "Kastanienallee", an deem si all hier Gedichter kommentéiert an domat net just weist, wéi si beim Schreiwen virgeet mee och och d'Fragilitéit vu Gedichter opmierksam mécht. Datt ee Gedicht méi Bedeitunge kann hunn, datt een als Lieser eppes anescht mathuele kann, wéi dat war den Dichter respektiv d'Dichterin eis wollt soen an si weist och op d'Gefore vun Iwwersetzungen hin, well do eigentlech déi gréisste Verbriechen un der Dichtung passéiere kënnen.

Et ass typesch fir d'Elke Erb net just reng Gedichtsbänn eraus ze bréngen, mee déi mat hire Iwwerleeungen, Notizen a Commentairen ze versinn. Mir lauschteren awer elo just e Gedicht vun der Elke Erb:

Leibhaft lesen

Diese gefügten, gefügigen, Weicheres tragenden
Knochen: lesen.

In Zeilen zerlegter und aufgelegter
Gebinde Aufsammlung ab.

Diese in Bündel gerafften Fasern: entziffern Deute,
eräugen zu eigen.

Diese zehn Zehen im Gehen und Stehen: lesen, laß, daß sie
nachher verwesen. (25.3.1999)