Radioen

On air

De Moien  |  Daniel Balthasar - Got What You Wanted

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ David Bowie - Aladdin Sane

David Bowie - Aladdin Sane

David Bowie - Aladdin Sane

"Aladdin Sane" vum David Bowie ass eisen Deja Vu-Album vun der Woch - an de Fred Medernach kuckt zeréck op d'Reaktiounen, déi den Nofollger vum "Ziggy Stardust" ausgeléist huet bei der Sortie am Abrëll 1973.

auto_stories

9 min

Foto: picture alliance/United Archives/IFTN

Den amerikanesche Ziggy

Mat sengem 1972er Album "The Rise and Fall of Ziggy Stardust and the Spiders from Mars" huet sech den Englänner David Bowie an déi iewescht Rockliga katapultéiert. Och de Nofollger "Aladdin Sane" kann e puer Méint méi spéit d'Erwaardungen vun de Fans an der Kritik erfëllen.

"Aladdin Sane" kënnt den 13. Abrëll 1973 eraus - de 6. Album vum David Bowie gëtt mat Spannung erwaart, well den Englänner ass mam Virgänger "The Rise and Fall Of Ziggy Stardust" praktesch iwwer Nuecht an déi éischt Rei am Rockbusiness geréckelt. De Nofollger wäert an där selwechter Linn leien: de Bowie huet dës d'Lidder nach wärend der US-Tournee geschriwwen, op déi hie mam Ziggy-Album gaangen ass. De Ziggy Spirit war nach ëmmer do. Et wier "the amercan Ziggy', esou de Museker.

Op "Aladdin Sane" weist hie sech zum Deel extrovertéiert a rockeg - dat erënnert un deen zu där Zäit ugesote Glam Street, awer reegelméisseg manner Konventionelles dertëschent, méi subtillen a recherchéierte Kascht. Néng Lidder schreift hie selwer, just deen éischte Song um Album ass eng Cover-Versioun, déi een net onbedéngt erwaart: de Rolling Stones hire "Let's Spend the Night Together" aus dem Joer 1967. Un dës Jagger-Richards-Kompositioun hänkt den David Bowie am Schlussdeel véier zousätzlech Zeile mam Opruff "Let's Make Love". A rockt dobäi zerguttst, rau an aggressiv.

Haten d'Stones sechs Joer virun der David Bowie-Versioun nach heiansdo Problemer den Text vun der gemeinsamer Nuecht op d'Radioen an d'Tëleeën ze kréien, esou hunn Zäite geännert a kee Mënsch stéiert sech méi u "Let's Spend the Night Together" an dësem Bowie-Zousaz.

Wien ass den Aladdin?

Vill méi interesséiert d'Fans an d'Medien, wien de Protagonist soll sinn, deen "Aladdin Sane", deen dem Album den Titel gëtt. "A Lad Insane", e Kärel deen duerchgedréit ass, gëtt allgemeng gemunkelt, e Wuertspill also a wuel eng Referenz op dem David Bowie säin Hallefbrudder Terry, bei deem Schizophrenie diagnostizéiert gëtt.

Et däerf een den Album awer och als einfach Indikatioun vun engem Numm betruechten, Virnumm Aladdin, Familljenumm Sane - et ass de Ziggy an Amerika, seet de Bowie selwer, eng Zort Fortsetzung vum Held vum Album virdrun, an Amerika dowéinst, well d'Lidder fir d'Wierk eben wärend senger USA-Tournee geschriwwen goufen.

Eng weider Diskussioun dréit ëm déi Kompositioun, no där den Album betitelt ass: firwat steet hanner dem Song "Aladdin Sane" eng Klammer (1913-1938-197? ...) ... woubäi déi lescht Zuel feelt an duerch e Fragezeechen ersat gëtt. Deit dat eventuell op d'Gefor vun engem weideren, Drëtte Weltkrich hin, un deen de Bowie anscheinend denkt?

De Museker selwer äussert sech net, wat d'Diere fir allerhand Verschwörungstheorië wäit opmécht. Mee dat kennt ee jo och an dëse méi rauen Zäiten - dat hei war dann awer 1973!

No, that's not what I want

Op "Aladdin Sane" fält och e Piano-Spiller op, e kléngt dacks no Improvisatioun, no Jazz-Schoul - den Amerikaner Mike Garson, deen zousätzlech zu der David Bowie Band "The Spiders From Mars" ëm de Gittarist Mick Ronson derbäi ass ... an dee seng Kontributioun op verschidde Manéieren aspille muss, éier de Bowie mam Stil - Avantgarde hätt hie gär - zefridden ass.

De Garson wäert duerno en treie Begleeder vum David Bowie gi mat engen 20 Album-Kollaboratiounen an iwwer 1.000 gemeinsamen Optrëtter. De Pianist erënnert sech esou un d'Opnamen:

"I had told Bowie about the avant-garde thing. When I was recording the 'Aladdin Sane' track for Bowie, it was just two chords, an A and a G chord, and the band was playing very simple English rock and roll. And Bowie said: 'play a solo on this.' I had just met him, so I played a blues solo, but then he said: 'No, that's not what I want.' And then I played a Latin solo. Again, Bowie said: 'No no, that's not what I want.' He then continued: 'You told me you play that avant-garde music. Play that stuff!' And I said: 'Are you sure? Cause you might not be working anymore!'. So I did the solo that everybody knows today, in one take. And to this day, I still receive emails about it. Every day. I always tell people that Bowie is the best producer I ever met, because he lets me do my thing."

(Garson, Mike, 2008, "History And True Abandon". Interviewed by Maarten de Haan)

"Aladdin Sane" wier de klore Beweis fir e sech lassléise vum Rock, schreift de Biograph David Buckley spéiderhin. Korrekt - op d'mannst wann een de Begrëff Rock virun allem op imposant Verstärkertierm, flénk Gittarefangeren an e Leslie op der Uergel reduzéiert. Wéi et ufangs de Siwwenzeger nawell gär Usus war.

Et si wuel och eng etlech rockeg Kompositiounen op "Aladdin Sane" vertrueden, mee de Bowie huet méi wéi eng Tromp a sengem Repertoire ... an do passt de "free spirit' vum Garson ganz gutt derbäi. Den Duo Bowie-Garson funktionéiert, ëmsou méi, wou d'Arrangementer vum Gittarist Mick Ronson deenen zwee Plaz loosse fir sech ze entfalen.

Jean Genet

Déi bekanntste Single aus dem Release ass, wéi den Rolling Stones-Remake "Let's Spend the Night Together" am uptempo gehalen, an de Bowie dediéiert se dem franséische Schrëftsteller Jean Genet - dofir d' Wuerspill als Titel: d'Lidd heescht "Jean Genie".

De Genet, wéi de Bowie a säin Alter ego Ziggy Stardust, stinn an hiren Texter ë. a. fir sexuell Fräiheet a Promuskuitéit. Eng Zort Sex and drugs and rock 'n' roll ... éier de Slogan offiziell erfonnt gouf. Zum Succès an den Charts dréit de Videoclip bäi, wou de Bowie am Andy Warhol-Ëmfeld Ënnerstëtzung kritt - an deem ass hien an deem Moment vill ënnerwee. D'Cyrinda Fox, eng Warhol Protégée, a sexy Girl, wéi de Bowie feststellt, steet him beim Tournage als Model zur Säit, soss gi Biller vu Studio- a Liveopname gewisen.

"Jean Genie" klëmmt op der brittescher Insel bis op d'Nummer 2, den Intro-Gittareriff gehéiert zur Rockgeschicht.

Den Album-Cover: eng Ikon!

Den David Bowie verkeeft sech net nëmmen iwwer Musek, mee och iwwer Biller, Videoclippen an iwwer d'Covere vu senge Wierker. Domadder ass hie wuel net deen éischten, deen d'Muecht vum Zesummespill Musek/Image am Rockgeschäft erkennt - mee kaum een aneren leet sech dobäi kënschtleresch a vermaartungsméisseg esou geschéckt u wéi hien. Dat sollt bis un d'Enn vu sengem Kënschtlerliewen esou bleiwen. An der leschter Phas vu senger Karriär huet de Bowie d'Stäerkten vun de soziale Medien an der online-Presenz voll ausgenotzt.

Dat ass och op "Aladdin Sane" esou. Hei poséiert de Museker mat zouenen Aen an engem opgeschminkte blo/roude Blëtz iwwer dem Gesiicht - eng Foto vum Brian Duffy, déi sou laang de Bowie gelieft huet - an doriwwer eraus - zu de faméise Bowie-Fotoen zielt. Den 2010 verstuerwenen Duffy ass e Starfotograf, dee vun de renomméierte Moude-Magasinne kënnt a mat dëser Foto derzou bäidréit, dat spéidert Chameleon-Image vum David Bowie ze bezeien. Hie schafft och op den Albume "Lodger" a "Scary Monsters" fir de Museker. Eng Dokumentatioun vun der BBC dréit zu Recht den Titel "Brian Duffy - the Man Who Shot the Sixties". D'Kraaft vum Bild ...

Eng aner aussergewéinlech Nummer op "Aladdin Sane" ass "Drive-In Saturday", ëmmerhin och eng Nummer 3 an de britteschen Charts. De Sänger Bowie spillt op dësem Titel och Synthesizer a Saxophon an integréiert am Liddertext bekannte Leit wéi de Mick Jagger, d'Model Twiggy an de Psychoanalyst Carl Jung, dee sech ë. a. mat Experienzen am halluzinogene Beräich auserneegesat huet.

Deemno näischt vun der Staang - mee Bowie!

Duerchbroch an den USA

D'Kriticken op "Aladdin Sane" si virun allem an den USA exzellent, do gëtt de Publikum op den exzentreschen Englänner David Bowie opmierksam, "dee rau a pur Energie mat explosivem Rock" vermëscht, esou de Magasinn Bilboard. Deen anere Meenungsmécher, de Rolling Stone, lueft doriwwer eraus d'Arrangementer vum laangjärege Bowie-Kolleeg a Gittarist Mick Ronson.

A senger Heemecht ass d'Begeeschterung e Stéck manner grouss, de Ziggy-Album geheit hei wuel als Virgänger e laange Schiet. D'Wierk kënnt trotzdeem op d'Nummer 1 an den Album Charts. Mee dem Bowie säi Jongléieren tëschent de Stiler ass fir munche Schreiwer manifestement eppes wéi e Stéck naass Seef - et kritt een en net esou richteg ze faassen ... an dat sollt déi ganz Karriär laang esou sinn, op der Plaz stoen a Wuerzele schloen, war ni dem Museker seng Saach.

Ongewinnt kléngt e weideren Titel, "Time", deen een net onbedéngt op engem Rockalbum erwaart: et ass eng Mëschung aus dem Burlesque-Theater aus den 20er Joren, der Chanson-Approche vu Brel, Weil a Brecht an, op en Neits, dem Asaz vum Mike Garson um Piano. "Time" ass e Stéck Theater mat Nouten, wéi gemaach fir en exzentresche Kënschtler wéi den David Bowie - an anscheinend gëtt beim Text net esou richteg nogelauschtert, soss wier eng Duebelzeil wéi "Time - he flexes like a whore, falls wanking to the floor" sécherlech net iwwerall duerchgaangen. D'Iwwersetzung sicht Dir w.e.g. selwer no ...

Eng Pärel fir d'Claudia

Onbedéngt ze erwänen nach d'Ballad "Grinning Lady Soul": en Titel, dee bis haut eng Grëtz ënnergaangen ass an der riseger Palett vu Bowie-Kompositiounen. Schued, well säi Lidd fir déi schwaarz Soulsängerin Claudia Lennaer huet scho säi Charme, net nëmme wéinst der laanger Flamenco-Intro. D'Claudia Lennaer ass eng gefrote Chouerstëmm, si ass virun allem bei Backing vocals am Asaz, ë. a. um Joe Cocker-Album "Mad Dogs and Englishman" a beim George Harrison sengem "Concert for Bangla Desh".

D'Claudia Lennaer wier eng Inspiratioun fir hien - am Text heescht et: "And when the clothes are strewn/don't be afraid of the room/Touch the fullness of her breast/Feel the love of her caress/She will be your living end." Doropper ugeschwat huet d'Sängerin 2016 an engem Interview gemengt: "He's so dramatic." Mat engem klenge wuel nostalgesche Schmunzelen derbäi.

A well d'Kritiker - besonnesch im Nachhinein - ëmmer alles wëssen, ass erausfonnt ginn, datt den David Bowie op "Grinning Lady Soul" déi héchsten Nout séngt, déi jee an engem vu sengen Titele virkënnt. Eng vun de manner opfällegen, dofir awer méi raffinéierte Pärele vum Album, deen et ouni Problemer packt gängeg Rockelementer - heifir stinn och "Panic In Detroit" (perkussiounsugedriwwen) an den Album-Opener "Watch that Man" - mat däitlech méi subtillen Nummeren a gutt 40 Minutten ze vereenen.

Dem David Bowie säin Album no "Aladdin Sane" wäert nach am selwechte Joer 1973 "Pin Ups" sinn, e Coveralbum mat exklusiv Reprisë vu Kolleegen. Och dat eng Nummer 1 bei him doheem.