Radioen

On air

Notturno  |  Weyes Blood - Twin Flame

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Dat Weesentlecht bleift a mengen Texter verstoppt"

Literatur

"Dat Weesentlecht bleift a mengen Texter verstoppt"

Déi däitsch Schrëftstellerin Judith Hermann huet eng Serie vun dräi autobiografesche Konferenze verëffentlecht. "Wir hätten uns alles gesagt" (S. Fischer Verlag) gëtt en Abléck an hir Opfaassung vu Literatur an a wichteg Momenter an hirem Liewen.

auto_stories

1 min

Zënter gutt zwee Joerzéngten ass d'Judith Hermann eng fest Gréisst an der däitscher Literaturzeen. Opmierksamkeet krut si direkt mat hire Kuerzgeschichten, ugefaangen mat der Sammlung "Sommerhaus, später" (S. Fischer Verlag, 1998). Virun zwee Joer huet si ma hirem zweete Roman "Daheim" (S. Fischer Verlag) e Bestseller gelant.

"Wir hätten uns alles gesagt" (S. Fischer Verlag) ass e Recueil vun dräi Konferenzen, déi sech awer wéi en autobiografesch-literareschen Essai liesen. Et ass fir d'éischt iwwerhaapt, datt d'Judith Hermann op wichteg Aspekter vun hirem eegene Liewen ageet.

Op der Leipziger Buchmesse Enn Abrëll huet sech de Michel Delage mat der Judith Hermann ënnerhalen, iwwer hir Aversioun géintiwwer Fragezeichen, iwwer Autofiktioun, iwwer hir traumatesch Kandheet, iwwer d'Aart a Weis, wéi si dat Wiesentlecht an hiren Texter verstoppt.


Den Interview mat der Judith Hermann :

Lauschterenplay_arrow