Radioen

On air

E-Lodie  |  Runaway Horses - Colorant And Milk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Welt muss him elo zu Féiss stoen"

Film

"D'Welt muss him elo zu Féiss stoen"

Déi australesch Komedie "Babyteeth" vun der Shannon Murphy thematiséiert d'Kriibskrankheet vun engem jonke Meedchen op eng sensibel an intelligent Aart a Weis. Offiziell Kompetitioun.

auto_stories

3 min

Wéi geet d'Famill mat der Kriibskrankheet vun engem Jugendlechen ëm, wuel wëssend, datt um Enn mam Schlëmmste muss gerechent ginn? Mat där Fro beschäftegt sech ''Babyteeth'', den Debutfilm vun der Australierin Shannon Murphy.

Dës delikat Thematik gëtt awer eréischt no an no am Film ageféiert. An dann och éischter onopfälleg, en passant, nodeems dat jonkt Milla (Eliza Scanlen) eng Rechute mécht.

Eng Presenz, mat där d'Eltere musse liewen

D'Geschicht konzentréiert sech fir d'éischt emol op d'Renconter tëschent dem Meedchen an deem e puer Joer méi ale Moses (Toby Wallace), engem drogenofhängege Strummert, dee vu senger Mamm virun d'Dier gesat ginn ass. Läit him wierklech eppes um Milla oder huet hien et just op d'Pëllen ofgesinn, déi hien en masse beim Meedchen doheem fënnt? - och dem Milla seng Mamm ass op hir Manéier en Junkie.

Fir d'Elteren ass de Moses eng Presenz, déi si zudéifst stéiert. Mee si mussen domat liewen, genee wéi mam Milla sengem Kriibs, fir hirem kranke Meedchen dës Freed, déi eng vu senge leschte kéint sinn, net ewech ze huelen. ''Dem Milla muss elo d'Welt zu Féiss stoen'', seet de Papp.

Keng Larmoyanz, mee Liewensloscht

Mee de Grondtoun vum Film ass alles anescht wéi larmoyant. Et ass eng Komedie, déi vu labberen Dialogen tëschent all de plus ou moins skurrille Personnagë lieft. Wierklech traureg gëtt et just am leschten Deel - an och dann ass et eng verhalen Trauregkeet.

Bis dohin erlieft een e jonkt Meedchen, dat verspillt a verréckt ass an eng grouss Liewensloscht ausstraalt.

Dat mierkt een zum Beispill, wann et sech seng Hoer punkméisseg vum Moses raséiere léisst, am Laf vum Film d'Perrécke wiesselt - mol eng wäiss, mol eng gréng -, oder, wann et sech ergëtt, ufänkt mat danzen. Faarflech gëtt d'Bild deemno passend vu pastellegen, sonnegen Téin dominéiert.

Personnagë mat Relief

Verhalensweise vun ''normale'' Jugendleche bleiwen dem Milla och net verspaart. Och hatt léisst sech zu gewëssen Exzesser hiräissen, schläicht sech owes eraus, obwuel seng Elteren him et net erlaabt hunn. Op enger Party léisst hatt sech vun der Musek matdroen an iwwerléisst sech enger melancholescher Stëmmung. Et ass eng grell a verdreemte Scharnéierzeen am Film, déi am Normalfall de Wiessel vun der Jugend an den Erwuessenenalter géif bedeiten - hei ass et ee lescht klengt Freedefeier, éier d'Krankheet d'Iwwerhand kritt ...

''Babyteeth'' hëlt sech Zäit, fir all d'Personnagen ze entwéckelen. Virun allem d'Eltere vum Meedchen erweise sech als Mënsche mat Schwächten, frustréierte Wënsch an zerplatzten Dreem, mat deenen de Spectateur sech um Enn ëmsou besser identifizéieren a mat hinne matfille kann. Et ass e Film, deen den Toun ëmmer richteg geréit an dem programméierten Deuil mat Dignitéit an d'Ae kuckt.

Eliza Scanlen an Toby Wallace (Foto: Cinéart)


"Babyteeth" ass eng leschte Kéier dëse Mëttwoch 11. Mäerz um 10 Auer moies am Kinepolis Kierchbierg ze gesinn, am Kader vum LuxFilmFest.