Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Spill mam "L'homme gris" geet an d'Verlängerung

Kultur

D'Spill mam "L'homme gris" geet an d'Verlängerung

An engem Roman vum Adalbert von Chamisso verkeeft e gewësse Peter Schlemihl engem groe Mann säi Schiet, ouni ze wëssen, datt en op déi Manéier seng Séil un den Däiwel ofgetrueden huet. De groe Mann war onopfälleg, hat weder e béise Bléck nach Haaren, deemno net als Jomer ze erkennen. De Paräisser Konschthistoriker Benjamin Bianciotto huet sech domat befaasst, wéi déi zäitgenëssesch Konscht dësen "homme gris" verbildlecht. Am Casino an der Ënneschtgaass presentéiert hien d'Aarbechte vun 20 Artisten.

auto_stories

2 min

Dem Benjamin Bianciotto si keng Zivilisatiounen oder Kulture bekannt, déi sech net mat der Dualitéit Gutt a Béiss beschäftegt hätten. Ikonographesch gekuckt wier iwwerall nieft enger Liichtgestalt eng Zort Niwwelfigur ze fannen. De Christianismus hätt vum 6. Joerhonnert un verschidde Representatiounen a Symboler fir eng diabolesch Figur proposéiert. Hier Nidderträchtegkeet war reng visuell scho gutt ze erkennen. Dëst Bild, de mënschenänlechen Aspekt, ass wärend den 2 Weltkricher verschwonnen, mee krut duerch d'Konscht Enn der 1960eger neien Driff. Wichteg gesellschaftlech Schlëssel-Evenementer, déi dee Moment bestëmmt e gewëssen Afloss haten, wiere fir de Benjamin Bianciotto d'Grënnung vun der Church of Satan, duerch den Anton Szandor LaVey an och d'Mordserie vun der Manson-Family.

Verschidde Facetten

Fir de Benjamin Bianciotto deet de Mënsch sech am allgemenge schwéier, Responsabilitéit ze droen. Et lieft sech besser domat, en aneren ze culpabiliséieren, ze verdäiwelen, wéi sech un der eegener Nues ze huelen. Wéi passt d'Faszinatioun vun der Konscht fir d'Thema an dee Kontext? De Benjamin Bianciotto mengt, datt d'Figur vum Däiwel Artiste séduiséiert, well se fir Energie a Revolt steet, well se iwwert Grenzen erausgeet, iwwert dat wat eis imposéiert gëtt. Fir d'Expo am Casino huet hie Peinturen, Installatiounen, Skulpturen, Zeechnunge, Collage, Konzeptkonscht sélectionéiert, déi déi verschidde Facette vum Sujet haut beliichten: d'Banalitéit vum Béisen, wéi vill Pouvoir huet Satan, wann en net erkannt, iwwersi gëtt, kéint een de Kapitalismus als eng Aart Däiwel bezeechnen, dierf een diabolesch Symboler fir eng eege kënschtleresch Ausso notzen, wéi no kënnt d'Konscht dem Béisen, der Pressessioun zum Beispill.

Den Däiwel am Kino

Mat der Gebuertsstonn vum Kino ass den Däiwel och eenzock um groussen Écran erschéngen. Fir de Benjamin Bianciotto gi mer néierens méi frontal mat eise bannenzegen Dämone konfrontéiert, méi dozou motivéiert, hannert dem Offen-Sichtlechen, dem Siichtbaren, iwwert dat Onsiichtbart nozedenken. A Kollaboratioun mat der Cinémathéik ass e Kultfilm-Cycle programméiert ginn, fir deen diabolesch séier keng Plaze méi ze kréie waren. An och eng vun den 2 live Performance vun den United-Instruments-of-Lucilin dëse Weekend ass schonn ausgebucht. Ok, aktuell si manner Plazen disponibel, et deit awer drop hinn, datt de Sujet interesséiert. An der Expo am Casino kënnt dir ëm bal immens no kommen, bal verspäert iech eng hëlze Konstruktioun, eng Aart Labyrinth oder Däiwelsblëtz de Wee. Proximitéit an Distanz ware vum Benjamin Bianciotto gewollt. Seng Ausso: um Enn vum Parcours, vum Wee, fënnt een net eng Äntwert, mee vill nei Froen.