arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Revelatioun um Hierschtsalon vum CAL

Cercle Artistique de Luxembour

|
reading time

2 min

D'Revelatioun um Hierschtsalon vum CAL

Bis de 14. November kënnt Dir den traditionellen Hierschtsalon vum Cercle Artistique de Luxembourg, kuerz CAL, am Tramsschapp um Lampertsbierg kucke goen. Iwwer 150 Kënschtler aus ënnerschiddlechen Disziplinnen hate fir de Salon eng Kandidatur ofginn, 46 stellen elo aus. De Prix Révélation fir Kënschtler ënner 35 Joer geet un de Pit Molling, fir zwou Molereien an eng Skulptur aus Bioplastik.

reading time

2 min

Molling Pit, gebuer 1984 zu Lëtzebuerg; Meisterschülerbrief an Akademiebrief mat héchster Auszeechnung op der Freie Akademie der bildenden Künste Essen, an zwar an der Peinture, der Grafik, der interdisziplinärer Konscht. Sou steet et am Katalog vum CAL geschriwwen.

Dynamesch Skulpturen

Stëmmlech kënnt de Pit Molling douce, sachlech, zortéiert eriwwer, mee säi Bannenzegst muss ënner Stroum stoen, well seng Konscht, also seng Molereien a Skulpturen, déi jo am Fong statesch sinn, onwahrscheinlech dynamesch wierken. D'Fräiheet, bildlech geschwat d'Fäegkeet fir iwwer de Stréch ze zeechnen, huet de Pit Molling während dem Studium fonnt a mat virugeholl. Och déi nei Technologien, well seng Skulpture modeléiert hie souzesoen um Computer a léisst den Drucker um Enn en 3D-Print erausspäizen.

Um Ufank war d'Zeechnung, respektiv zwou Molereie fir de Salon vum CAL, plus en 3D-Print. Fir de Pit Molling awer eng haptesch Entreprise, well en digital formt, mat Stëft um Ecran schafft, an esou d'Genèse vun enger Skulptur fillt.

Konscht, déi net gräifbar ass

Ironescherweis huet hie seng Molereien "Unrealism", d'Skulptur "Cloud" genannt. Am Genre: Zwou Peinturë waarden dorop, sech an eppes Konkretes ze verwandelen. Mee um Enn gi se eng Wollek, deemno net gräifbar.

De Pit Molling huet bis haut méi am Ausland, wéi zu Lëtzebuerg ausgestallt, war beim Lumen Prize zu Cardiff an England 2014 Finalist, a wahrscheinlech war an anere Länner ebe seng Material-Recherche opgefall, an zum Beispill net de Fait, datt eng Figur Flilleken a Form vum Grand-Duché hat.